Luxemburgensia / Eng Lektür, bei där een net aschléift: „Pillem oder Këssen“ vum Roland Harsch
Wéi ee schloflos Nuechten gutt notze kann, mécht den Auteur Roland Harsch mat sengem charmante Buch „Pillem oder Këssen“ vir. Déi vill kleng Texter, déi alleguer zu enger ganz spéider respektiv zu enger ganz fréier Auerzäit entstane sinn, thematiséieren alles, wat mat der Nuecht ze dinn huet – mee awer och méi wéi dat. Virun allem bréngen se een zum Laachen.
Wann een op lod.lu déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vum däitsche Wuert „Schabernack“ sicht, späizt den Online-Dictionnaire leider just dat heiten eraus: „Mengt Dir eventuell … schlabbere?“. Mat schlabberen huet dem Roland Harsch säi Buch „Pillem oder Këssen“ an éischter Linn näischt ze dinn – quitt datt den Auteur selwer villäicht amstand wier, e Lien ze maachen –, mee dofir ëmsou méi mat deem, wat Schabernack ëmfaasst: nämlech Jux a Spaass, dëst am Fall vu „Pillem oder Këssen“ a cleverem Ëmgang mat Sprooch an de verschiddene literaresche Gattungen.
Wéi de Roland Harsch selwer am kuerze Virwuert erkläert, sinn déi eenzel Texter am Buch duerch de Kontext, an deem se de Wee op de Pabeier fonnt hunn, verbonnen: „Si sinn alleguer nuets entstanen; an ettlech vun deenen Texter thematiséieren d’Insomnie, hunn d’Schloflosegkeet als Thema („Bettwenzeltier“). Anerer fabuléieren, fuebele monter drop lass („Nuetseskapaden“)“. D’Ausbleiwe vun der Nuetsrou hëlt den Auteur mat Humor, gräift Motiver aus bekannten Erzielungen, Märercher a Mythen op, spillt mat hinnen, verdréit se oder spënnt se weider.
Och emol sënnbefreit
Doraus entsti kleng sprëtzeg Texter, wéi dee vum aarme Rumpelstilzchen, deem et einfach net gelénge wëll, säin eegenen Numm ze soen, bis et zum Schluss ganz lakonesch heescht: „Villäicht wier dat guer net geschitt, / hätt hie geheescht ganz einfach Schmit.“ Och anere kënnege Figure begéint een am Buch, mee net all sinn se fiktiv, sou daucht nieft dem grousse Viktor Hugo och „de sympathesche Minister“ op, deen als Ausseminister genau weess: „Kommt Zeit, kommt Rad.“
Wéi dëst Beispill weist, ass d’Komik, déi an de Gedichter a Geschichten zum Ausdrock kënnt, heiansdo e bësse méi graff, heiansdo awer och sou subtil, datt een ëm den (Matratzen-)Eck denke muss, fir d’Pointe ze verstoen. Amüsant sinn d’Texter sou oder sou, se strotze vu witzegen an absurden Afäll, déi der bekannter däitscher Unsinnspoesie an näischt nostinn. Oft hunn se awer och e satiresche Geescht, mat raffinéierter Nonchalance ginn zum Beispill aktuell Tendenzen zu Lëtzebuerg an och am Ausland op d’Schëpp geholl: „Wat ass dee Komp Etenzen, / vun deem bal all Mënsch schwätzt, / an dee wäit iwwer d’Grenzen / eraus och jidd’ree schätzt?“
Dichter an Denker loosse gréissen
Gär pléckt sech den Auteur e Begrëff oder Ausdrock aus dem Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen oder Engleschen a verbéit dëse sou – ënnert anerem duerch eng droleg Traductioun – dass doraus en neie Sënn oder eebe grad kee Sënn entsteet. Vun der Schwieregkeet, e Wuert oder e Wierk vun enger Sprooch an eng aner ze transferéieren, schwätzt dann och de wierklech gudden Text „Hallschent vum Liewen oder Iwwersetzen ass net einfach“. Bei weem hei lo den Alarm ugeet an sech d’Bild vun engem Mann an engem Tuerm zu Tübingen opdrängt, läit goldrichteg: Am Text wot sech de Roland Harsch net nëmmen un eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum berüümteste Gedicht vum Hölderlin, mee thematiséiert dat fulminant Scheitere vun dësem Versuch op sympathesch Aart a Weis.
Fir Bicherwiermer maachen déi onheemlech vill Allusiounen op Literatur d’Buch sou liesenswäert, wéi et déi vill Verweiser op klassesch Musek fir d’Libhaber vu Chopin a Co. maachen. Ob sech „Pillem oder Këssen“ als Lektür fir schloflos Stonnen eegent, sief awer dohigestallt: Wann een d’Buch net mat ausgeroutem Kapp liest, kéint engem deen een oder anere Witz entgoen.
- „und zerbröselt in vierzig stückchen illusion“: Tom Webers Lyrikband „fluides herz“ erzählt von Zerfall und Neubeginn - 19. Dezember 2022.
- Wir müssen die Lyrik befreien: Warum die Dichtung trotz ihrer Präsenz in den Medien ein Image-Problem hat – und wie sich das ändern kann - 27. November 2022.
- Mehr Akzeptanz fürs Kinderwunschlosglück: „Nichtmuttersein“ von Nadine Pungs - 4. September 2022.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos