So., 6. Oktober 2024




  1. Nomi /

    Wei’ni get et een europae’eschen Code de la Route an europae’esch Normen fir den Stroossebau ??

    • J.C. KEMP /

      EU-Norme fir de Stroossebau gin et am Prinzip. Mat dem EU-Cdlr ass et esou, wéi mat de Steckdousen, do huet jo all Land déi bescht, a wëllt net dem Noper seng.

  2. Schwartz /

    Ech fannen Police soll mei oft Kontrollen machen .Een Dag geet net duer. Dat do. Ass all Dag dat selwecht,och owes. Kontroll soll Mueres vun 7bis 9 an owes vun 5bis 7Auer sin . Eng Woch lang dann hun dei mecht et vielleicht bekept????????

  3. L.S /

    Firwaat gin et Leit dei mengen sie wieren mei wichteg ewei aanerer a brengen dei a sech selwer a Liewensgefor. Wann daat plaazeweis vleicht an Belsch meiglech ass, ass daat nach keng Referenz a kee Fraifahrschein.

  4. MadMax58 /

    Dat do sinn emol gut Kontrollen wéi emmer nemmen Vitesse an Alkohol. Genee esou wichteg ass et d’Camionen mat hiren Ladungen ze kontrolléieren.

  5. Pompier Sam /

    Waat en Witz dass am Marienland, d’Mottoen nach emmer net daerfen an der Mett fueren wei et an baal allen anneren Länner erlabt as….

    • Linda /

      Déi fueren dach esou…… gin just net awescht. An daat ass genau esou geféierlech. Brauch dach nemen een Auto ze no riwer schwenken ,dann lait den mam Motto em oder am Auto niewend him.

  6. MD /

    Vill Leit wessen net wei warm et ob engem Moto as bei voller Kleedung an bei 25 °C. Dei Temperatur dei vum Moto erop kent as enorm am Stau. Dofir fueren der vill an der mett duerch.

    • Marc /

      Wann et dann mei amgenehm as, kennen se jo am Wanter fueren! Ech sin lang selwer gefuer mee sou bloed Ausrieden sin mir net agefall. Didd ech anstänneg un dann mierkt der dat net, oder fuert der well buerfeiss?

    • Carl Hobichen /

      Wann meng Klimaanlag futti as, daarf ech dann och duerch d‘Mëtt (am Fong d’Rettungsgaas) fueren ?

  7. Claudine /

    Haut passen d’Autofuerer dann nach op – well deen Artikel hinnen nach am Gediechtnes ass – a spéitstens nom Feierdag ass Kuerzzäitgediechtnes hin an et geet erëm monter virun ouni Rettungsgaass an iwwert Pannespur resp. duerch d’Mëtt..

  8. Cornichon /

    Vill Motorradfuerer hei zu Letzebuerg mengen och se wären de Moses. Se fueren hannert den Auto’en an mengen eng Schneis géif fir sie opgoen. Ech géif et och emol gudd fannen wann d’Winkeren kontrolléiert ginn, do fällt nämlech all zweeten durch hei am Land.

  9. Carlo grethen /

    An der belsch an an Frankreich ass daat erlabt fir motorreider. Sinn dei dann mei schlau oder mei bloed wei letzebuerger ?

    • Marc /

      Do muss en awer och de ganzen Text liesen an net nemmen d’Iwerschreft!

    • Anne /

      Mir sin hei net an der Belsch oder Frankreich.Et soll jidderéen sech un Régelen haalen.

  10. Tussi /

    Carlo Grethen,
    Wann lues an verstännesch an der Mett gefuer get, ass daat fir mech an der Reih.
    Déi ugeschwaaten sinn méi schlau wéi Letzeburger an en plus den Letzeburger ass jalous, beschass an limitéiert.

  11. Marc /

    Um Enn vun der A7 as all Daag den Zirkus. Net nemmen datt se am Zickzack zweschend den Autoen fueren, dei eng Tirette machen, mee dann hun se nach deck Kofferen rechts a lenks datt se bal grad sou breed sin wei eng Limousine. An vun Rettungsgass as op dem Steck nie eppes ze gesinn. An as mol eng Keier kee Stau an et as en amgaang ze iwerhuelen mat 130!! dann sin der permanent do dei engem um parechoc haenken, dat sin awer net nemmen Motoen.

  12. Gilles /

    wat kascht dann de protokoll? 1x protokoll bezuelen fir all dag ofzekiezen an 30 min stau ze vermeiden, ass jo net schlemm…

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos