So., 19. Januar 2025




  1. De klenge Frechdachs /

    Den alldeegleche Verkéierschaos ass net mat einfache Moyen ze bekämpfen.

    Radare bréngen näischt, au contraire, d’Leit bremse méi staark of, kuerz virun der Vitesslimitatioun. Duerch mangelnden Sécherheetsofstand kënnt et dann zum „Zéiharmonikaeffekt“, wou all nächsten Auto méi staark ofbremst, wéi den virun engem. Doduerch staut et dann op villen neie Platzen zB kuerz virun der Sortie Irgäertche Richtung Tréier, well do ab und zu e mobile Radar stoung, an d’Leit elo fäerten dass en do steet.

    Och virun Tunnellen ass et schlëmmer ginn, zB. A1 Richtung Tunnel Houwald. Soss war do ab 16.30-17.00 Zéifloss, hautdesdaags scho gäre géint 15.00 Auer. Och do de Problem Angscht virum Radar, abrupt ofbremsen a kee Sécherheetsofstand.

    Wéi am Artikel erwäänt kënnen oder wëllen d’Leit den Tirettesystem net uwenden. Ech behaapten, dass et vill mat Egoismus ze dinn huet. Iergendwéi ass et „normal“, dem anere keng Plaz virun sech ze maachen, well soss huet ee jo eng Plaz verluer. Kënnt wéinst där Attitüd eventuell de Mangel u Sécherheetsofstand?

    Verkéiersproblemer hu sécherlech vill Ursaachen, ech behaapten dass di meescht duerch d’Autosfuerer selwer (jo, net duerch de Radar) kommen, virun allem wéinst engem Mangel u Récksiicht géigeniwwer deenen, di hannert engem fueren.

    Do stellt sech natierlech d’Fro, wat fir e Politiker huet elo dee Courage, keng einfach Léisung ze siche ma eng nohalteg an effizient Léisung? Wat fir e Politiker seet sech, ok ech setze mir keen Denkmal a menger kuerzer Amtsperiod, ma maachen eppes fir d’Allgemengheet am Interêt vum Bierger.

    Mir kënne keen Auto mi fueren. Mir hu keng Stauen, well eis Stroossen de Verkéier net packen, et staut, well duerch eise Fahrstil mir d’Stroossen net effizient notzen. Et muss erëm Disziplin erakommen, d’Leit musse verstoen, dass si en Deel vum Problem sinn, wann se ze lues op der Iwwerhuelspuer sinn a sech net areien, ze fest ofbremsen am Platz éischter ausrullen ze loossen, Platz ze loossen, dass een sech areie kann…

    Realistesch gesinn, mengen ech kréie mir de Problem just nach an de Grëff, wann eis Autoen eis d’Entscheedungen ofhuelen, well mir ze bornéiert sinn, Récksiicht op den aneren ze huelen.

  2. J.C.Kemp /

    Koordinatioun vu Chantierën, dat schéngt am schwéiersten ze sin! An effizient Ausweichstrecken, awer do feelt et u Wëllen. All Haaptachs brauch eng efficace Ausweichroute, ouni Engstelle, wou de Verkéier och wierklech higeleed get.

  3. J.C.Kemp /

    Zu den Ausfahrten an Opfahrten: déi sin allgemeng vill ze kuerz, déi eng fuerdere brutalt Oofbremsen an déi aner gi kaum fir richtegt Beschleunegen ausgenotzt. Dat ass och oft extrem hooreg, well Camionën no op enaner Opfueren stark erschwéieren. Do si vill Leit, déi zécke fir fest op de Gas ze drécken.

  4. DanV /

    Foetz/Schifflingen ist das Beispiel par excellence für eine unendliche Baustelle. Jedes Mal, wenn die Straße wieder für den Verkehr geöffnet wird, gibt es die Hoffnung, dass die abgeschlossenen Arbeiten die letzten waren. Aber nein, seit gefühlten 7 Jahren oder mehr, wird die Straße wieder und wieder gesperrt.

    Jeder andere Baustelle rundherum führt dann zum Verkehrskollaps. Und es gab viele im Laufe der Jahre.

    Und die beiden Aus/Einfahrten auf der A4 von Esch Richtung Schifflingen und Richtung Foetz sind seit jeher sehr gefährlich, weil aus- und einscherender Verkehr sich die gleiche Bahn teilen.

    Anwohner sind einigermaßen daran gewöhnt und wissen, dass man den Winker einschalten und abwarten muß, bis ausscherende Autos vorbei sind.

    Aber für Nicht-Ortskundige ist die Situation verwirrend und sehr schlecht überschaubar, zumal viele Aus- und Einscherende den Winker erst einschalten, wenn man selbst den Winker einschaltet.

    Ich weiß, diese Beschreibung klingt konfus, aber auf der Autobahn diese Aus/Einfahrten zu benutzen, ist noch viel konfuser.

  5. xavier /

    Ich fahre immer von Bergem über die Landstraße ins Chaos rein, da ist nie Stau.

  6. Gross /

    @De klenge Frechdachs

    „Radare bréngen näischt, au contraire, d’Leit bremse méi staark of, kuerz virun der Vitesslimitatioun. “

    Déi ginn all op Streckeradaren ëmgestallt, dann ass dat séier eriwwer.

  7. Gerner /

    Et kann een och vu Biergem oder Steebrécken op Féiz fueren, d’Autobunn ass keng Flicht.

  8. J.C.Kemp /

    Wenn auf der Umleitungsstrecke eine Baustelle ist und wenn dort ein Wegweiser auf die Strecke zurückschickt, die man eben wegen einer Baustelle verlassen musste: Sie sind angekommen, willkommen in Luxemburg

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos