So., 19. Januar 2025




  1. Claudine L. /

    Daat ass net gesetzeskonform.
    Awer flott ze gesinn, dass d’Sozialisten elo och probéieren Wieler um rietsen Bord ze „verstoen“.
    Merde alors…

    • KTG /

      Dat gëtt iergendwéini vun engem Geriicht opgehuewe wat eppes vun internationale Kontrakter versteet. Dann ass dat Police-Reglement ganz séier erëm geännert.

    • josiane /

      Wann eng Gemeng dat décidéiert, ass et Gesetz. Mir hunn an der Verfassung d‘Autonomie communale stoën. An dozou gehéiert d‘Autonomie iwwer d‘Polizeireglement. De Problem ass éischter, datt Gemenge bal keng Polizeigewalt hunn. (Mat Ausnahm vum Pechert a vum Bannpréiter). Et ass also ganz egal wat am Réglement communal steet, soulaang d‘Polizei dem Staat ennersteet an net der Gemeng.

      • Claudine L. /

        Gemengen machen KENG Gesetzer. Wann eepes schon per Gesetz geregelt ass, kann d’Gemeng net den Wëllen vum Legislateur aus Kraft setzen, Gemengenautonomie hin oder hier. Falls d’Gesetz just mendicité en bande organisée/mendicité aggressive verbiet, dann kann eng Gemeng daat net einfach ignoréieren.

  2. Muller Guy /

    Richteg, awer leider bessen spéit. Dann wert das heeschen sech lo méi op Angelduerf fir un den Geschäfter an op Ettelbreck verlageren.

  3. Linda /

    Do kéint Staat Letzebuerg och mol eppes ennahuelen!! Matt stéieren an vun da Plaaz vaweisen ass et net gedoen. Neexten Daag setzen se erem do. An et sin da vill vun da Grenz. ( Romaen).
    En plus hun ech da persénlech gesin vun deenen ,wou bei Stem vun da Strooss iessen gin!

    • J.C.KEMP /

      Mat spellchecker.lu: Do kéint d’Stad Lëtzebuerg och mol eppes ënnerhuelen!! Mat stéieren a vun der Plaz verweisen ass et net gedoen. Nächsten Dag setzen se erëm do. An et sinn da vill vun der Grenz. ( Romaen).
      En plus hunn ech der perséinlech gesi vun deenen, déi bei Stëmm vun der Strooss iesse ginn!

      Näischt danke, Linda!

  4. josiane /

    Wat ass dann den Ënnerscheed tëscht enger quête a mendicité? Keen oder? Dann däerf also och kee méi Souen ophiewe goën, an der Sonndesmass oder fir ee Veräin, oder eng Spendenaktioun, oder? A wann dach, wisou ass dat eent erlaabt an dat anert net? A ween décidéiert wat Geldsammelen a wat Heeschen ass? Schliesslech kann den Heechert jo och soën et wier eng Sammlung géint d‘Aarmut an d‘Souen ënnert Sengesgläiche verdeelen, oder? A wisou muss eppes verbuede ginn, wou jo keen forcéiert gëtt eppes ze ginn? Oder gouf ee forcéiert? Wann nee, dann ass de „Problem“ jo séier geléist: wa keen méi eppes gëtt, dann heescht och keen. Wann awer weider geheescht gëtt, bedeiht dat jo, datt netjiddereen sech doru stéiert, soss géif e jo näischt ginn. Ergo, stéiere just déi sech drunn, déi näischt ginn. An anere Wieder,… et gëtt kee Problem, oder? Froën iwwer Froën.

  5. Le républicain zu London /

    Dat mécht nëmmen e Sënn wann et op dem nationale Plang e Gesetz gëtt, am genre vum däitschen „Platzverweis“ dann héiert dat professionellt Fechten an Heesche goen op, awer eis LSAP an déi Gréng well dat jo net…..dofir hantéiere mer elo um Gemenge Niveau……wat en Aarmut well Staat mécht jo neicht do an dëser Hisiicht…an do ass et am schlëmmsten…o

  6. Nëckel /

    Ah, dann brauchen déi „dichteg“ Leit, déi do spazéieren an shoppen, net de Misär ze gesin. Hypokrisie !

  7. Grober J-P. /

    „mit dem Bettelverbot auch das Ansehen der Asylbewerber schützen“. HE?

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos