So., 6. Oktober 2024




  1. Christophe /

    desperate minds, wounded knee, a nach top bands, schluechthaus war mega. antifa, punk, autonom, et war einfach hummer dei zait. cool leit, an enner anerem nach d punkszene vum buer op de pless, jugendhaus op der biederplaz, wou de fraenz nach d’teistuff haat, lauter chaoten 🙂 skins and punks unite!

  2. RapZodi /

    Ech kann net verstoen firwat genee dei doten Artikelen – dei ganzer 100 Mann betreffen – och nach extra am Premium sinn mussen. Do gett Lëtz Geschicht just fir e pur Leit zougänglech gemach

      • A fir dei Aal dei nach emmer leiwer Epps am Grapp hun?... /

        …d´Zeitung kann en all Dag kafen, oder an de Reenert e Kaffi drenke goen, do kann en se och liesen, wa ken Aneren driwer anschleift. A wann en Owes heem kennt, an der e puer eran huet as nach emmer Zeit fir hei sein Quatsch zum Beschten ze gin. Awer Moies leiwer net no liesen.

      • Jean Henry /

        de RapZodi huet recht. Et ass sëcher keng ganz clever fir esou Artikeln déi souwiesou nëmmen eng Minoritéit liesen, payant ze machen. Dann awer gleichzeiteg „Artikel“ iwwert den Doud vum Grumpy Cat frai veröffentlechen.

  3. RapZodi /

    Gudden Mëtten Här Goebel,

    ech denken dass dir mein Argument schon verstidd. Et geet weder em den 1€ nach em dei 2€ mee dorems dass ausgerechnet op deen doten flotten Artikelen muss Suen gemeet ginn. Et ass weder am Senn vum Punk nach em Senn vun der lëtz. Geschicht wann sou Artikel net verfügbar sinn. Ween interesseiert sech dann dofir? Dei 100 Mann dei deemools derbei waren? Vernoleisegbar Mass! An dann nach dei Jonk dei selwer haut virun der Fro stinn wat et zu Lëtz als Subkultur gouf. Dei dei an den Schoulen iwert eis Subkulturen rechercheieren – jo där gëtt et! – an an den Kafeen bei den interessanten Gespreicher ass dat interessant. All dei aner hunn sech deemools net dofir interesseiert an wärten et och haut net.

    Awer dass dir als Redeaktioun mat deem Argument kommt dass et fir jidvereen verfügbar ass ass vergleichbar mat der Ausso wann een seet das jidvereen Porsche fueren kann wann een sech een kafen kann. An Zeiten vun Staatlecher Subventioun – dovun profiteiert jo och dir masseg – ass dat doten genee op deser Platz een lächerlecht Argument.

    Trotzdeem freen ech mech op dei ganz Serie. Do ginn wichteg Dokumenter geschaafen dei eiser Geschichtsschreiwung dingen. An Zeiten vun Rocklab an MusicLX ass et net falsch wann dei Jonk an dei aner dei sech dofir interesseieren hir lokal Geshicht kennen.

    Dass dei hir Lokal Scene net kennen an net driwer schwetzen ass een vun den villen Grënn firwat dei Lëtz Bands nie grous goufen.

    A bonne entendeur

    RapZodi

  4. Simone /

    Ech schléisse mech zu 100% dem RapZodi un.
    Een Artikel iwwert d’lëtz. Punkszene vu fréier wärt éischter jonk Leit intresséieren an di „Aal“, di deemools dobei waren. Net jiddréen ass bereet 2×2€ ze berappen, vu datt den Artikel an 2 Deeler kënnt. Et ass schued vir dem Luc Laboulle seng opwändeg Recherchen, déi sou nëmmen engem bezuehlwëllegen Publikum zugänglech gemaach gin. Informatiounen iwwert d’lëtz. Kulturszeen vu fréier an haut solle gratis sin, da géingen d’Leit sech vleicht éischter dovir opmaachen. Traureg!

    • Soll... /

      …den Här Laboulle seng opwänneg Recherchen dann für Lau machen? Ken schafft fir neischt.

      • Tolli /

        Heen schaft net fir Neischt, och net gratis an och net em sos. Heen kritt jo eng Pei vum Tageblatt. Tageblatt kritt dat vleit net bezuelt mee well sie jo Subsiden kreien sollt dat ze verkraften sinn. Genee wei bei aneren Artikelen och

  5. Simone /

    Immenz gudd recherchéierten Artikel, zumool d’Chronologie wärt vill Zeit kascht hun.
    Bravo Luc a MERCI vir de nostalgesche Moment!
    Simone

  6. Nepu /

    Vacant Faces machten auch 2 Konzerte in der Kulturfabrik. Wenn ich mich richtig erinner war BeCause damals auch vorband.

    Das letzte bekannte Konzert war von White Rose organisiert. Gespielt hat Vacant Faces damals nicht da die Polizei den Saal 5 Sekunden vor Saitenanschlag „stürmte“ und das AntiFa-Konzert beendete. Punks aus De und Fr waren nicht sehr froh …

    Habe sogar noch ein paar Aufnahmen dieser Band aus den Proberäumen in Gonderange.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos