Mi., 22. Januar 2025




  1. ronald /

    Wann een sech d’Méih mëcht an séch en bësschen schlau um Site vun der Réiser Gemeng mëcht, steet deen Schöfferot zimlech proper do, wat déi Organisatioun ugeet. Atelier als Organisateur ass global haftbar. Mais woren dann do keng Sëcherheetsbedenken wat eng eventuell Evakuatioun vun 19000 Leit ugeet? Wann een am Ausland Events vun bis zu 60000 Leit, dann sinn esou Sitten innerhalb vun enger Stonn eidel! Vum Catering guer net ze schwaetzen, mais d’Visitören huelen dat jo a Kaaf andeems se den Billet kaafen.
    Atelier ass definitiv fahrlässeg inkompetent. Haaptsaach d’Kees vum Här Loschetter rabbelt!

  2. Muertzel /

    Mir Letzebuerger wellen Alles erliewen awer naischt a Kaaf dofir huelen . Hei mierkt een dass weder d’Auteuren vum Artikel nach den Kommentar jeh emol en Feeling vun engem Festival oder en OpenAir -Concert ab enger gewëssener Gréisstenuerdnung materleift huet. Jo et ass net Alles riet gelaaf, Nee et wor net alles katastrophal. Ech hun och en puer mol an der Schlang gestaan, an ech wor no 10 min doduerch, wa fir mech normal ass, och am Ausland . Den Heemwee , net cool , jo , awer als Concertsgänger schonns oft erlieft , och am Ausland. Gitt Aer Concert fir 100 Léit an Rotondes , Kufa asw kucken wann der net gewinnt sidd aus Aerer Komfortzone erauszeklammen , ass dach lächerlech dat Gejéimers …

  3. Realist /

    Im Westen nichts Neues. Hochprofessionnelle Künstler aus dem Ausland treffen auf die Organisationsmöglichkeiten der schlumpfigen Luxemburger Provinz. So nach dem Motto „Ein Konzert für 20.000, aber Parkplätze, Busse und Toiletten für gerade mal 200“.

  4. De klenge Frechdachs /

    Hei eng kléng Lösung fir den Här Loschetter:
    Wann an enger Kéier 15-18 dausend Léit mussen iwwert e Bëschwee vun 3-4 Meter breet 1 Kilometer duerch de Bësch wanderen, fir um Schluss erëm an zwee gedeelt ze ginn (PR Bouillon an On Site Parkplaz), wéi laang Parkplaz dauert et bis se all doheem sinn.

    Ech kann iech d’Äntwert ginn: 2.30h fir Leit déi es genuch haten an duerch de Bësch gaange sinn. +-4 Stonne fir déi aner gutt erzunne Leit, déi sech brav an d’Rei gestallt hunn. An d’Ambulanz war definitiv „NET“ de Problem, wéi si dat op de Soziale Medien duerstellen. Ech hunn d’Ambulanz gesinn, an déi Leit déi se gebraucht hunn. Busse sinn zu all Moment normal weider gefuer. Awer alt ass erëm en anere Schold un allem, am Platz Gréisst ze weisen a soen „Jo, mir hunn e Feeler gemaach“. Bravo Atelier!

  5. Zahlen /

    Mir krute leider kee Billjee.
    Mir si mam Auto op Helleng gefuer do an der City geparkt an no 5 Minutten Wee zu Fouss ware mer am Bësch virun der Bühn, mä hannerem Gelänner, ouni Billjee an eist Waasser hate mer mat. Fir d’Ouere war dat besser, wann och net vill, Stëpp huet een trotzdeem gebraucht.
    Ënnerwee hu mer e puer honnert Meter méi wäit ëm déi 200 Bussen an der Rei gesi waarden.
    Nom leschte Lidd si mer deeselwechte Wee zréck gaangen an no 5 Minutte ware mer erëm doheem zu Beetebuerg, wéi déi aner nach duerch de Bësch geiert sinn, wëll 19000 leit op engem Feldwee vun 2 Meter Breet geet net ganz gutt a scho guer net séier.

    Ech weess net wat den Atelier hätt kéinte maachen ausser de Bësch ofholzen.
    Wann ee kee Stadium huet muss een ebe kucke wéi een eens gëtt.
    Wann een hätt missen an d’Ausland fueren, dat hätt nach méi laang gedauert.

    Am beschten dir bleift déi nächste Kéier ewech, da kréie mir och e Billjee.?

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos