So., 19. Januar 2025




  1. E. /

    oh 78dbl den armen … wat misste mir aus der Stadt dann reicht soen wann um 1h Moies e Fliger mat iwer 100dbl all 30min iech aus dem schlof rappt, an dat interesseiert keng Gemeng an keen Ministère… an Ministesch Welfring äntwert mol net … wat eng Ironie dass hier Partei elo 4 setz nemme na huet !

  2. Ujheen /

    D’Belvaler Schmelz steet vun 1911 un do! Bis 1997 den B zougaangen ass, woar net nemmem méi Kaméidi (Aggloméierung, LD-AC Stoolwierk asw…) et woare méi Stëbbs, Schwiefelemissiounen, CO2 an CO en masse doniewt… et huet kee Mënsch gesouert a gejéimert, si hunn all do geschafft a mallocht.
    An da kommen d’working class heroes aus dem Secteur tertiaire a jéimeren dass et hoart waer…eng Stonn am Héichuewebetrieb oder am Stolwierk da géingen déi Memmen ëmfalen wéi d’Mécken!
    Si sollen op d’Cloche d’Or oder de Lampertsbierg wunne goen…awer net niewent eng Schmelz vun daer se wëssen dass se do steet! Bei ArcelorMittal Belval schaffen nach bal 1000 Leit ouni all d’Soutraitenten nach dobäi!!!

    Maer gëtt et nëmme nach schlecht wann ech gesinn dass d’Mënschen verweichlechen, ëmmer méi…

  3. Ujheen /

    An iwwerhaapt…1998 woar et nach ARBED – net « die damalige ARCELOR » !!!! Jejejeje…

  4. Fred schwickert /

    Oh…Ujheen.
    Waat fir een Kommentar. No Iech, misst jo keen Mënsch ronderem eng Schmelz wunnen. Da giff jo och keen geste’ert gin.
    Dir stempelt d’Leit, déi sech géint déi ongesond Rouhstéierung wieren, als Memmen of. Dir sit secher ee groussen Held – ma nee, – Dir sit eng Memme wann ët Iech scho schlecht gëtt, wann aaner Leit ënner aussergewéinlechem Kaméidi leiden.
    An deem zweetlechten Saatz vun ärem Kommentar, wöll Dir eis wouel (verstoppt) mattdeelen, datt ee soll oppassen, soss kienten mool 1000 Arbechtsplaatzen, bei solch Kritiken verlourgoen.
    Ech wönschen Iech ee rouegen week-end.

  5. Ujheen /

    Léiwe Fred Schwickert,
    Ech stinn zu all deem wat ech geschriwwen hunn an et freet mech ze liesen dass Där mat gros dovunner net averstaane sidd.
    Ech waer enttäuscht gewiercht wa kee reagéiert hätt.
    Merci dofir.

    Ech hu selwer laang Joeren net wäit vun der Strooss 2 gelieft an hat meng Fënsteren op, och Nuets. Ech hunn och 20 Joer um Belval geschafft a kennen déi Schmelz ganz, ganz gutt, an och all eenzel Originn vun all deem « Kaméidi ».

    Ech kennen och nach ëmmer Leit déi net wäit ewech am Quartier niewent dem Finissage vun der Stooss 2 wunnen, d’Quietschen vun de Palplanchen op de Killbetter an d’Sirenen vun de Kranen am Finissage Dag an Nuecht aus héieren, an déi hu mer bestätegt dass dat wat hei behaapt gêtt ferm, ferm iwwerdriwwen ass.

    Mais d’Memme bleiwen ebe Memmen, dorunner wëll a kann ech och elo näischt méi änneren. An ech waert déi Leit och weider nach esou ofstempelen. Il faut appeler un chat un chat et…de Rescht zenséiere mer hei…

    Si di mer souguer Leed déi Leit, si maachen sech an aanere Leit d’Liewe schwéier… schued fir si, mais bon.

    Ech wënschen Äech op mannst genee esou e schéine Weekend wéi Där mär wënscht ☺️

  6. decke larry /

    Loosse mer frouh sin fir all Schmelz déi nach knuppt an dämpt. Ech hätt och léiwer ech wier alléng ob der Welt an hätt just nach méng Rouh. Ma ech als eenzelnen ziële net an d’Leit musse schaffen a Geld verdéngen, dofir liëwen ech och mat dosende Fliegeren den Daag déi iwer mäin Haus fléien an honnerte vun Autoën déi laanschtfuëren a mer hiere Müll an Zigretten aus dem Auto virun Dier puchen. Et get einfach Saachen, do muss de schlécken an domat liëwen, soss machen se dech futti.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos