So., 19. Januar 2025




  1. Patrick W. /

    Mam Staat als Aktionär. En einfacht Spill. Esou vill Nuetsflig déi lescht 25 Joer. Keng Co2 Steier, keng Kerosin Steier. Soss neischt wei Kameidi a Vibratiounen wanns se iwer d‘ Stad fléien…
    Als Respekt virun Mensch, Santé an Emwelt, hätten se besser „mei kléng opzetrieden“.

    • Jek Hyde /

      Wësst Dir wouvun Der schwëtzt? Färt net, huelt Iech e r.d.v. bei engem Cargolux Expert a loost Iech an aller Rouh all Är Frôen beäntwerten, Är Bedenken an Är Reklamatiounen explizéieren. T’ass esou guer gratis mat wahrscheinlech enger Taas Kaffi.

          • Patrick W. /

            Majo, dann sinn mer allen 2 „net“ neutral, an Dir op der Sait vum Stärkeren…. Dat Heecht awer net dat Dir RECHT hudd !

            • Jek Hyde /

              Ech hun ëmmer recht mat deem wat ech soen oder schreiwen
              Här Patrick W.

              • Patrick W. /

                D‘ Santé wonnert sech iwer cardiovaskulär Problemer an Schlofstéierungen. Et därf awer keen soen wou se hier kommen.

          • KTG /

            Ou? Wou dann? Ech kann néirens entdecken, datt de „Patrick W.“ iergendwou Recht hätt.

            • de Schéifermisch /

              Da liest dee Kommentar mol nach eng Kéier, vläicht méi genee an objektiv !

        • KTG /

          Ass fir de „Patrick W.“ also nëmmen neutral, wann een géint d’Cargolux ass a keng Ahnung vun der Firma huet? Oder wéi ass dat mat der Ofneigung géint Expertise gemengt?

          • Patrick W. /

            D‘ Generatiounen dei no ons kommen, wärten Iech et soen !!
            Breissel och. Dir braucht mech mol net dofir.

    • n der Parad /

      Emmer deï selwegt Leier mam Kameïdi an esou weider!Den Findel ass nun eben esou gebaut,dass d’Fliegeren mussen iwwert Wunngebidder starten an landen,an,wann ech esou munches kucken,dann froën ech mech fiirwaat dass esou vill zimlich nei Heiser just an der An-an Abflugschneis gebaut sin gin!Nach eppes…eist Ländchen wëllt jo dann an d’wann mat den groussen Muppen p….. goën,an daat huët nun eben och sein Prais,gelle!Oder,eng Mauer ëmt d’Ländle,een Deckel drop,ei dann sin mär fein eraus!

      • KTG /

        Net all d’Haiser, siehe Hamm a Bouneweg, goufe gebaut wéi de Findel schonn do stoung.

      • Bender /

        Et gett kaum ee Cargo-Flughafen deem seng Schneisen sou no un enger Stadt komplett iwwer Wungebidder verlaafen. Mettlerweil steet de ganze Findel voller Bürosgebaier, demno as d’Stadt de Findel well ageholl, e läit komplett dran. En absoluten Nogo!

        Wéi de Findel nom Krich gebaut gouf, huet ee just missen 2 Baurenhäff ofrappen, Kierchbierg gouf et keen, Syrdall waren e puer butzeg Dierfer. An haut? Letzebuerg as emkreest vun Menscheverlossener Brousse, 100km Radius as praktesch näischt. Just mir fanne keng besser Platz wéi 2km vum Neiduerf beim Neibau… An eis Stadt soll nach vill méi wuessen déi nächt 50 Joer. Typesch Letzebuerger Wäitsiicht.

        • Jek Hyde /

          Wouhir wëllt den Här oder Madame Bender wëssen dass et kaum Cargo-Flughafen get déi esou no un enger Staat, net Stadt, verlafen?
          De Findel dat ass d’Uerschaft, an de Flughafen waren schon virum II Weltkrich do
          wou se haut nach sin.
          Net ëmmer kritiséieren ouni sech z’informéieren!

          • Patrick W. /

            Dei zousätzlech 4 nei Stellplatzen ( bei dei 8 ) fir de CARGO hätten schonns guer net mei, genehmegt därfe ginn ! Wees net ween dat ennerschriwen huet. Rechent mol all dei Camion’en fir ze lueden an den zousätzlechen Co2 a Feinstaub op den Autobunnen + Accidenter + de ganzen Kameidi. Nee. Dat ass de bénefice net wärt.

            • Jek Hyde /

              Dât ass är ganz perséinlech Meenung. Mee kukt e bëssen méi wéit wat de Flughafen witrschaftlech wert ass fir eist Land.

              • Patrick W. /

                Dir könnt dat jo machen. Ech kukken léiwer no Emwelt a Gesondheet. Är Dividenden… ech wees. Wat wölll der nach mei machen ewei dei 6. greisst an Europa vun all de groussen Länner ?IWERPROPORTIONALEN NONSENS ! myfootprint

          • minikeks /

            @ jek Hyde. Dat dierft wuel nei sinn, dass mir schons virum 2 Weltkrich en internationale Flughafen haten. Ët hätt nie dierfen e sou no un de Flughafen eru gebaut ginn. Ët kann ee nëmmen hoffen, dass ët ni zu engem Akzident bei der Landung oder dem Départ kënt, soss ass d’Katastroph perfekt. Awer dat geschitt jo nët bei eis.

            • Patrick W. /

              CRASH-Wahrscheinlechkeet mat emmer mei Fliger, starten a landen, klömmt logescherweis. Egal wei gutt d‘ Technik ass. Onofhängeg wat deitsch Cardiologen zum Kameidi soen, beléen franséischen Edtuden: Leit dei e Liewen lang an der Geigend vun engem aéroport wunnen…d‘ Liewenserwardung an der moyenne em 1 Joer gekierzt gett.

            • Jek Hyde /

              Nei ass är Interpretatioun INTERNATIONALE Flughafen.
              Ech hun vun dem Flughafen gechwât.

  2. de Schmatt /

    Profitiert die Belegschaft, das Personal auch von dieser Gewinnsteigerung oder sind die Nutzniesser wieder nur die aus der Chefetage oder dem Verwaltungsrat?

    • Fledermaus /

      Vergleichen Sie die Gehälter der Belegschaft mit einer (oder mehreren) am Flughafen ansässigen Fluggesellschaften und sie werden staunen und sich wundern.

  3. Alt, älter am ältesten /

    An de Pol as och nach do. Hu mir keng Releve fir esou Posten, oder wier dei dann erem Franzeisch. Da gönnen ech leiwer dem Pol dei puer Sou. Ech geif mol gären wessen wat a Pol´s de Mount era kennt? Erschrekt war ech och nach wei ech dei grouss Plakat vun der DP fir d´Europawahlen gesin hun. Net weinst dem Monica. Ech an dem aneren senger Platz geif et dohem geneissen mam Trekker a mam Mähdrescher ze fueren.

    • KTG /

      Ech zitéieren: „Hu mir keng Releve (sic!) fir esou Posten, oder wier dei (sic!) dann erem (sic!) Franzeisch (sic!). (sic!)“ Wéi genee ass dee Saz vum „Alt, älter am ältesten“ ze verstoen? Wat genee ass mat deem „erem (sic! Franzeisch (sic!). (sic!)“ gemengt? Huet den „Alt, älter am ältesten“ eppes géint Fransousen? Ass den „Alt, älter am ältesten“ hei éiren amgaang Friemefeindlechkeet vum Stapel ze loossen?!

    • Jek Hyde /

      Bleiwt beim Thema dee néischt mat engem Pol oder engem Monica oder „Trekker“ oder „Mähdrescher“ ze dinn huet. Iwerhâpt wat wëllt Der soen. Dreckt Iech w.e.g. méi kloer aus. Merci.

  4. E Bomber vun ELLX /

    Wann een déi Kommentaren liest wonnert een sech wéi wéineg vill Leit iwert d’Aviatioun an de Flughafen Lëtzebuerg wëssen. Mee géint Fluggesellschaften, haptsächlech eng, an de ganze Flughafen stänkeren ass ëmmer mol gudd. Dôt déi Scheiklappen ôf, interesséiert Iech a verstidd wat de Flughafen fir Lëtzebuerg bedeit!!

    • minikeks /

      Loosse mer keng Äppel mat Biere vergläichen! De Flughafen ass eng Saach, eng Fluggesellschaft, d’Cargolux, eng aner.

      • Jek Hyde /

        Ouni Fluggeselelschten gët et kee Flughafen. Firwât mentionnéiert Der just CARGOLUX?

        • minikeks /

          Ganz einfach, well am Artikel rieds vun der Cargolux geet! A well d’Cargolux hier Gewënner kräfteg gesteigert huet. Huet d’Belegschaft an deem selwechte Mooss dovun profitéiert wéi d’Chefétage an d’Aktionären?

    • Patrick W. /

      Et huet jo keen eppes „geint“ de Flughafen.
      Et as just net, op DAUER ze erdroen dat dei Kapazitéiten erwiedert ginn.

      • GMD /

        Dann erkläert emol fir wat dat dir nëmmen d‘ Cargolux ugräift, et gëtt och Cargo vun Qatar Airways, Atlas Air, Silkway .., vir der e puer ze nennen, op am vum Findel geflunn.

        • Patrick W. /

          Den ARTIKEL vum TAGEBLATT ass iwer d‘ Cargolux. Vierwaat soll ech iwer Panalpina, Uni-Top, Silkway oder Qatar schreiwen. ? Hun d‘ Cargolux net ugegraff. Déi kann keen ugreifen ! Si hun de Staat als Aktionär, d‘ Regierung dei hinnen d‘ Gesetzer no besoin formuléiert. Zousätzlech 3 engagéiert Minister op hierer Sait fir de Brexit. Vun der Cargolux wees ech, weini de Blutdrock klömmt. Wees d‘ Auswiekung op Kanner a Bebé’en.
          Wees wei et um Cents war wei et zu Hamm, Bouneweg, Gasperech ass.
          Schreiwen fir en Emdenken : manner Co2 manner Kameidi besseren Schlof.
          Um 6 Auer könnt dei eischt. All dag e Liewen lang och Feierdeeg.

          • GMD /

            Dir schreift : All dag e Liewen lang och Feierdeeg. – Wann dir also am Mäerz 1970 gebuere sidd, dann huet dir jo nach sou Munches virun iech. !970 am Mäerz ass d’Cargolux gegrënnt ginn. Wat Kerosin-Steier betrefft, dat keng Steier bezuelt gëtt berout op dem Ofkommes vun Chicago (7.12.1944), an d’Befreiung vun der Co2-Steier ass d‘ Resultat vum Kyoto Ofkommes (1977). Béides huet näischt mat bevirdeelegen säitens dem Lëtzebuerger Staat ze dinn.

            • Patrick W. /

              Si net 1970 gebuer. Dat ass och net d‘ Thema ( wat mech net alleng betrëfft ). Dat mat dem Steierfrei – dat ass jo flott. Dat sinn Äer Erklärungen zum Historique. No den häutegen Erkennntnisser awer keng Argumenter, fir ons Zukunft wat de Klimawandel an d’Santé ugeet. Irgendwann kann d‘ Cargolux jo och Verantwortung iwerhuelen.

          • Patrick W. /

            … d‘ Luxair ass nach ok. Hu nach keen Grössenwahn konne feststellen.

            • Deen Aneren /

              Patrik W. Just fir Är informatioun betreffend Aktionnären
              Luxair 35.10%, HNCA 34%, Spuerkees 10.91%, SNCI 10.67%,
              Staat 8.32%.

          • Bender /

            Déi butzeg Passagéierfliiger sin eng Méck am Verglach zu den Cargomonster, déi een souguer iwwer 20km Loftlinn um 22:30 oder méi spéit gutt héiert.

  5. Hubertus /

    Ech hun 40 Joer zu Bouneweg-Süd gewunnt an haat NIE e Problem matt de Fliegeren.

    • Patrick W. /

      Effektiv, et gi Leit „dei héieren net gutt“ ! Sinn net oft doheem. Kommen speit heem, hu kee Gaaart oder Terasse. Keng Kanner dei freih musse schlofen goen. Wunnen gutt isoléiert, mat zouenen Fënster. Et gi Leit dei stéiert et net. OK – Awer et ginn Leit dei net gutt schlofen en plus vun der Arbecht aus d‘ Fligeren heieren.
      Wann se heem kommen bis 00:15 hrs de Kameidi. Dann ereischt ass e bëssen Rouh.

  6. Muller Guy /

    Hei get an villen Commentairen vill Brach verzapt. Am Artikel geet et un 1. Platz em den Gewenn vun der Gesellschaft. An dann wessen mir all dass Gewerkschaft an d’Personal mat der Direktioun um Schlichtungsamt as. Een Hohn sou eppes. Zemols wou och nach den Lëtzebuerger Staat Aktionär bei der Cargolux as. An vun der Roll an Fonktioun vum Här Helminger well ech well ech mol net agoen. Einfach lächerlech an taktlos. Net mol den Minimum un Respekt vir un dem Personal déi desen Gewenn méiglech gemach huet.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos