Capitani / Drogen amplaz Kachkéis? Déi zweet Saison vu „Capitani“ ënnert der Lupp
Mat enger éischter Saison tëschent „Tatort“ an „Twin Peaks“ ass d’Serie ronderëm de Luc „Capitani“ Schiltz an d’Sophie „Ley“ Mousel esou bekannt gi wéi de Superjhemp-Film. Wéi du Méint duerno den Deal mat Netflix offizialiséiert gouf, haten d’Begeeschterung, mä och déi sëllege Kriticken keen Enn méi. Ee Skandal ëm ee rassisteschen, haaptsächlech awer ongeschéckt formuléierte Casting-Opruff méi spéit steet déi zweet Saison an de Startlächer, d’Halschent vun den Episode kënne mëttlerweil gestreamt ginn. D’Tageblatt huet déi zwielef Episode gekuckt a sech mat dem Produzent Claude Waringo an dem Dréibuchauteur Thierry Faber ënnerhalen.
Mëttlerweil kann de Luc Schiltz net méi an de Bistro goen, ouni erëmerkannt ze ginn: Wéi ech de Weekend kuerz mat mengem Editeur a mam Schauspiller ee Béier an engem Stater Café gedronk hunn, huet eng Serveuse eis gefrot, op mer, géint Hunnegdrëpp-Entgeltung, fir eng Foto poséiere géifen. Op de sozialen Netzwierker stoung duerno eppes ewéi: Capitani and friends.
Mä net just fir d’Schauspiller dierft sech den Alldag geännert hunn: D’Serie schéngt fest an der Lëtzebuerger Popkultur verankert, wéi et net just den neie Spëtznumm vun eisem Premier, mä och d’Anekdoten, déi de Samsa-Produzent Claude Waringo an den Dréibuchauteur Thierry Faber erzielen, beleeën: Vun engem klenge Bouf, dee vun engem Polizist sot, de Capitani hätt e gerett, bis hin zu deenen, déi net besonnesch intelligent Flicke gehässeg mat „alt nees ee Mores“ bezeechnen, stellt een hei déi klassesch metaleptisch Verschmëlzung tëschent Wierklechkeet a Fiktioun fest, déi bei Kultserien net ze evitéieren ass – an un där den Netflix-Erfolleg eben net onschëlleg dierft sinn.
„Ech kann net sécher soen, ob dat elo den Ausléiser wier, mä ech erzielen d’Geschicht awer gären esou“, fänkt de Claude Waringo mat engem Disclaimer un. „Iergendwann ware Responsabeler vun L.A. an Europa, fir mat eenzele Produzenten-Associatiounen ze kucken, wat genee d’Besoine vun Netflix sinn. Hir Ausso war: Maacht net, wat mir souwisou besser kënnen. Konkret huet dat geheescht: Mir brauche keng weider engleschsproocheg kommerziell Serien. Wat si awer wéilten, wiere lokal Inhalter an nationaler Sprooch. Mat deem Argument sinn ech nach eemol un d’Responsabel zu Amsterdam erugetrueden an hu se praktesch mat hiren eegene Wierder iwwerzeegt kritt. Duerno ware mer awer nach wäit vum Release-Datum: Et hu misse vill technesch Saachen erleedegt, d’Ënnertitelen an den Doublage hu misse gemaach ginn.“
Ganz vum selwen ass den Netflix-Kontrakt fir déi zweet Saison dann awer net ënnerschriwwe ginn: „Mir hunn déi zweet Staffel am Summer gedréint an hunn am November mat Netflix ënnerschriwwen. Dat heescht, si hu schonn e bësse gewaart“, esou de Claude Waringo. „Wann elo déi nämmlecht Equipe ronderëm den Thierry mat engem neie Projet u si eruntriede géif, weess een, wien den Uspriechpartner ass, an dass ee méi eng grouss Liichtegkeet huet, eng Äntwert ze kréien – wat definitiv vu Virdeel ass, awer och alles an näischt kann heeschen. Am Géigesaz zu anere Länner ass Lëtzebuerg net vun engem nationalen Netflix-Bureau ofgedeckt: Mir gi vum Haaptbureau zu Amsterdam, also vum Chef selwer, zerwéiert, wat engersäits een Avantage ass – anerersäits huet déi Persoun natierlech och nach vill aneres ze dinn.“
Vum Éisleker Kaff an de Garer Drogemilieu
Fir déi zweet Saison verloosse mer den Éisleker Kaff a maachen een zäitleche Sprong no vir. Nodeems de Capitani vu senger Vergaangenheet ageholl gouf an en Deel vu senger Strof am Prisong ofgesat huet, ass hien nees op fräiem Fouss a steet virun engem neie Fall – eng Prostituéiert, déi och an engem Garer Cabaret schafft, ass brutal ëmbruecht ginn, Pouletsschanken deiten op ee rituelle Mord an eng nigerianesch Drogeband hin. De Capitani gëtt vum Valentina Draga (Edita Malovcic), enger Puffmamm mat enger elastescher Moral, engagéiert, de Fall als Privatdetektiv opzeklären – schnell stellt sech awer eraus, dass hie vum Parquet fräigelooss gouf, fir gläichzäiteg undercover z’ermëttelen.
Dass hien am Milieu vum Drogenhandel a vun der Prostitutioun op eng ganz Rëtsch vun onduerchsichtegen, louchë Gestalten stousse géif, war geneesou kloer wéi de Fait, dass et méi wéi just een Duebelagent am stackdäischteren Nuetsliewe géif ginn.
Ugefaange beim Gibbes (André Jung), dee relativ eendeiteg vum mëttlerweil verstuerwene Kinnek (oder Drecksak) vun der Nuecht, Jos Hoffmann, inspiréiert ass, iwwert déi zwee Bouwen – do wier op der enger Säit dem Valentina säin Dominik (Adrien Papritz), e knaschtege Loser, deen der dominanter Mamm beweise wëll, wat en drop huet, an op där anerer dem Gibbes säi Bouf Arthur (Tommy Schlesser), deen, och aus eegenem Interessi, an den Drogebusiness eraklamme wëll – bis hin zum Lucky (Edson Anibal), dee knapp zu Lëtzebuerg ukomm ass, fir seng Schwëster erëmzefannen, dann och schonn zum Deale gezwonge gëtt, an de verschidde Fraen, déi net just hir Gesellschaft verkafen, gëtt et an der zweeter Saison eng Hellewull un neie Figuren a Gesiichter, déi sech mat dem Schicksal vun Albekannte vermëschen.
Och bei der Police gëtt et eng Rei onbekannt Figuren: Dem Elsa säin neie Mataarbechter Tony (Philippe Thelen), ee fréieren Douanier, scheit weder d’Gewalt oder den immens direkte Flirt an de Chef d’opération vun der (relativ lächerlech) benannter Soko Schneewittchen (Mickey Hardt) weess esou munches iwwert dem Luc Capitani seng Vergaangenheet.
„Déi éischt Saison gouf net mat der Perspektiv op eng zweet geschriwwen“, esou den Dréibuchauteur Thierry Faber. „An deem Sënn gouf et keng Saachen, déi ech an der Intrig verstoppt oder net zu Enn gezielt hätt. Um Duerf ze bleiwe wier dowéinst immens onnatierlech gewiescht – a mat de klengen Handlungsfiedem, déi nach iwwreg waren, wier et schwéier gewiescht, eng zweet Saison ze schreiwen.“
Séier hätt sech d’Fro gestallt, wat mam Capitani passéiere géing. A gläichzäiteg stoung d’Iddi am Raum, den Enquêteur am Milieu vum Drogenhandel an der Prostitutioun investigéieren ze loossen – ënnert anerem, well den Thierry Faber scho méi laang de Personnage vum Valentina mat sech erëmgedroen huet an ee Projet am Kapp hat, an deem déi Figur zentral war: „Ech hunn déi zwee Projete fusionéiert, de Capitani an déi Geschicht agedaucht.“ Well eppes war kloer – ofgesi vun e puer Neiegkeete vu Mënscht an dem Opdauche vu mindestens enger aler Bekannter aus der éischter Staffel war et kloer, dass de roude Fuedem tëschent den zwou Saisonen de Luc Capitani an, un zweeter Stell, wéi et den Thierry Faber erkläert, d’Elsa Ley wieren.
„Um Enn vun der éischter Staffel hate mer zwou gebrache Figuren, déi en plus net méi als Team funktionéiere kënnen oder dierfen – fir en Auteur ass dat natierlech eng intressant Ausganksituatioun.“ Dauch déi futtis Figuren an hir zum Deel knaschteg Vergaangenheet dann och nach an een donkele Milieu, verwurrelt Intrigen an eng Welt, an där Vertraue beschtefalls kaf ka ginn – an dann och just, wéi bei enger Parkauer, op Zäit – an du hues déi perfekt Ingrediente fir eng spannend Serie, déi sech dës Kéier an enger anerer Ästhetik presentéiert: „Et ass nuets, kal an dreckeg, mir si wäit fort vun de Summerdeeg an den orange Faarwe vun der éischter Enquête“, sou de Claude Waringo.
„Um Ufank wollte mer an dem Capitani seng Heemecht, dat heescht an de Minett goen“, erkläert den Thierry Faber. „Mir hunn dunn awer festgestallt, wat d’Police eis och bestätegt huet, dass Esch manner Problemer mat Drogen a Prostitutioun huet ewéi d’Gare, wouwéinst et logesch war, d’Handlung dohinner ze verleeën, amplaz Esch ee méi schlechte Ruff unzedichten, wéi d’Minetter Metropol en eigentlech huet.“
Casting-Polemik, Ronn zwee?
Mam Wiessel vum summerleche Bauerenduerf an den dreckege Garer Quartier koum natierlech och d’Fro nom Casting op, vu dass beim Garer Quartier definitiv kee méi un eng reng lëtzebuergesch Besetzung, déi a posteriori vill kritiséiert gouf (dozou gläich méi), gegleeft hätt. Direkt véier gréisser Rolle sinn esou vun auslännesche Schauspiller besat ginn. „Et gëtt lëtzebuergesch Filmer, wou dat gemaach gi muss, well et eng Koproduktioun ass“, erkläert de Claude Waringo. „Mä hei hu mer einfach no gudde Schauspiller gesicht“ – och well, wéi an de Samsa-Bureaue liicht genéiert ageraumt gëtt, Lëtzebuerg wéineg schwaarz Schauspiller huet, déi eng Haaptroll droe kéinten. A well et och wichteg wier, dass een de Figuren hir Origine, wéi am Fall vum Valentina Draga oder dem Bianca (Lydia Indjova), och ofkeeft an net, wéi dat oft an amerikanesche Produktiounen de Fall ass, den Accent, deen oft miserabel imitéiert gëtt, als éischt mol entziffere muss.
Woubäi mer matten an der Debatt sinn, déi virun engem Joer ausgebrach ass: Ee Casting-Opruff fir Niewerollen hat vu sech schwätze gelooss, ënner anerem well fir d’Figure vun den Dealere just schwaarz Acteure gesicht goufen. Wéi ech d’Polemik erwänen, laacht de Claude Waringo eemol liicht verbattert a mengt: „Entweder ech soen näischt dozou, oder mir schwätzen elo eng hallef Stonn doriwwer“, éiert e säi Punkt dann awer a verkierzter Form kloer mécht: „Et ass eng komplex Matière an ech hunn an den Diskussiounen dorëm meng Attitude vum ‘ale wäisse Mann’ e bëssen a Fro gestallt a mech mam Sujet auserneegesat. Wat ech awer nawell inakzeptabel fannen, ass, dass, ofgesi vun deem Opruff, dee sécherlech net glécklech war a fir dee mer eis och nach den Dag selwer entschëllegt hunn, iwwert déi zweet Staffel vu ‘Capitani‘ geschwat ginn ass, ouni dass iergendeen e Bild gesinn oder een Dréibuch gelies hätt. Dass mer elo, op Basis vun deem, wat do ass, Diskussioune lassléisen: Domat sinn ech absolut averstanen. Dass ee schwaarzen Acteur, dee stänneg an der Serie ‘I’m not a drug dealer‘ seet an domat och mam Klischee spillt, eng vun den Haaptrollen hätt, wousst jo zum Zäitpunkt kee Mënsch.“
„Et huet ee gemierkt“, ergänzt den Thierry Faber, „dass et ville Leit Freed gemaach huet, déi Debatt och endlech zu Lëtzebuerg féieren ze kënnen, dass de Grand-Duché mam ‘Capitani‘-Casting elo säi ganz eegene Fall hätt. Et hat een den Androck, egal wéi een et mécht, mécht een et falsch. Déi ganz Debatt ass och duerch den Netflix-Erfolleg op eemol opgebauscht ginn: ‘Capitani‘ war op eemol de groussen Export aus Lëtzebuerg, mat deem jidderee sech huet missen identifizéieren – dofir dann och déi Leit, déi gemengt hunn, et wier traureg, dass an der éischter Saison kee schwaarze Schauspiller dobäi gewiescht wier.“
Woubäi ee muss soen: Dass et kaum schwaarz Acteuren am Land gëtt, ass vläicht net wierklech d’Schold vun engem präzise Produktiounsstudio, mä un deem strukturelle Problem droen all d’Acteuren aus der Industrie zumindest eng Grimmel Responsabilitéit – den Thierry Faber gesäit dowéinst mat Freed, dass eng Actrice wéi d’Céline Camara – déi hei eng kleng Nieweroll huet – lues a lues un Notorietéit gewënnt. An deem Sënn ass et vläicht, och wann d’Reaktioune falsch cibléiert waren, net schlecht, dass déi Debatt lancéiert gouf.
A wéi de Claude Waringo et seet: Elo, wou de Produit do ass, kann a soll een driwwer diskutéieren. Dobäi ass et interessant, dass vun de Stëmmen, déi viru bal genee engem Joer esou indignéiert waren, sech bis elo, no sechs Episoden, kaum een zu Wuert gemellt huet. Dëst ass ëmsou méi komesch, well et zum Casting an der Serie scho Saachen ze soe géif ginn: Zu engem Zäitpunkt, zu deem (opgepasst: klenge Spoiler) d’Dealere riskéieren, opzefléien, mengt de Capitani: „Verschount de Lucky, hien huet schonn ee Schäiss-Liewen“ – grad wéi wann déi aner Dealeren dat net hätten. Hei si mer dann awer e bëssen ze vill am „White Saviour Trope“ an och an dem Ënnerscheeden tëschent dem gudden an dem kriminelle Schwaarzen – dobäi misst grad de Capitani wëssen, dass de Problem strukturell an net individuell ass. Dass hien esou handelt, ass eng Saach, dass awer soss keen et kommentéiert, ass schued.
Eng ongewëss Zukunft
Wa mer scho bei de Kritikpunkte sinn: Verschidden Niewefigure sinn haaptsächlech an hirem Rapport zum Capitani entwéckelt, wat mat sech bréngt, dass een d’Handlungen a Reaktioune vu verschiddene Personnagen net wierklech novollzéien oder matempfanne kann – besonnesch de Showdown, deen erzieltechnesch gutt an interessant geléist ass, ass an deem Sënn schlecht geléist, well dem Verréider säin Handelen a säin Discours e bëssen ze vill un eng Bond-Parodie erënneren.
D’Misogynie vum Milieu kënnt zum Deel gutt eriwwer, nawell sinn d’Fraen am Endeffekt dominéiert oder, wéi am Fall vum Valentina, dozou gezwongen, d’Misogynie vum Patriarchat ze verënnerlechen, fir am Business ze iwwerliewen. Och dat hätt kënne méi verdäitlecht a kritiséiert ginn. An un den topegen Amerikanismus, dee bewierkt, dass eng Läich hei, wéi och schonn an der éischter Saison, ëmmer nees als „Kierper“ bezeechent gëtt, kann ech mech gewinnen.
Trotz deene Schwäche bleift och déi zweet Staffel vu „Capitani“ kuckenswäert, et ass just schued, dass den Effort, den Haaptpersonnage psychologesch ze verdéiwen (dem Capitani seng Schwëster, iwwerzeegend gespillt vun der Marie Jung, dréit vill dozou bäi, der Figur méi Dimensiounen ze ginn), net och bei anere Figure gräift: Speziell dem Elsa säi Verlaangen no brutalem Sex kënnt méi wéi eng Männerfantasie eriwwer, well en als psychologeschen Erklärungsmechanismus ze iwwerflächlech bleift.
Wéi d’Zukunft vum Capitani a vu „Capitani“ ausgesäit, ass nach ongewëss: „Op déi Fro gëtt et wuel zwou Äntwerten“, laacht de Claude Waringo: „Meng an déi vum Thierry.“ „Fir mech kënnt et den Ament net a Fro, eng Suite ze produzéieren, well dat bedeite géif, dass ech elo direkt oder zumindest nächst Woch misst weiderfueren – an ech no fënnef Joer intensiver Beschäftegung mat der Serie eben och vläicht emol eng Paus brauch“, erkläert den Thierry Faber.
„Och dës Saison huet nees ee Schluss, deen net onbedéngt eng Fortsetzung verlaangt. Esou gëtt et a mengen Ae verschidde Méiglechkeeten, wéi et kéint weidergoen: Falls et séier soll weidergoen, iwwerhëlt een aneren, oder ech maachen dat, awer dann éischter wuel an e puer Joer. D’Méiglechkeet, dass ech et lo direkt weidermaachen, ass schwaach. Och wann een ni ni soe sollt.“
De Produzent huet natierlech eng aner Äntwert: „Alles hänkt vun de Reaktioune vun de Leit of – hei am Land an op Netflix. Et ass iergerlech, dass mir zu Lëtzebuerg keng Zuelen hunn, ofgesi vun enger Ilres-Studie, déi iergendwa kënnt. Vun der éischter Staffel weess ee mëttlerweil, duerch eben eng Ilres-Ëmfro, dass 29 Prozent vun der Bevëlkerung wéinstens eng Episod gekuckt huet. Dës Kéier kréie mer allerdéngs d’Replay-Zuele vun RTL, och wann do eben net all d’Zuele mat afléissen. Och bei Netflix kriss de keng Zuelen, mä dofir gëtt et awer den Hitparad vun all Land, dee relativ séier weist, ob de Streaming-Service un enger drëtter Saison intresséiert wier. A wann deen Ament da kënnt, musse mir eis an d’Ae kucken an entscheeden, wat mer maachen. Ech ka gutt verstoen, dass den Thierry, nodeems en esou vill Zäit an Energie a ‘Capitani‘ investéiert huet, elo eng Paus brauch. Anerwäerts kënne mir eis et och net erlaben, falls eng Demande do ass, déi net ze erfëllen.“
D’Fro, wou et de Luc Capitani da wäert hindreiwen, bleift ofzewaarden – vläicht verschléit et e jo déi Kéier da wierklech an de Minett, oder awer a Russland, wou e mam Superjhemp de Putin, dee jo den Ablack ee perfekte Bond-Villain ofgëtt, beetsche geet. Mat Kachkéis a Koks.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Bei der éischter ‚Staffel hun ech 5 Minutte gepackt, bei der 2. mol keng 3. Wuel kee Kachkéis, dofir awer uerdentleche Limburger. Mat alle Clichéën a Product Placements, déi bis dohi jeweils duerchwaren.