Theater / „En ausgetrëppelte Schong“ vum Jean-Paul Maes: Wëlle mer wierklech bleiwen, wat mer sinn?
Am Theaterstéck „En ausgetrëppelte Schong“ vum Jean-Paul Maes dréit sech alles ëm eng Sandal, déi no enger Vakanz am Thierry senger Wallis optaucht. De Schong suergt fir uerg Diskussioune mat senger Fra Valérie; dobäi gëtt op eemol kloer, dass et hei net einfach ëm e Kleedungsstéck geet, iwwer dat gestridde gëtt, mee ëm eng schiedlech Bezéiung, an där zwou Persoune gefaange sinn. An nach méi: Fokusséiert ginn eng ganz Rei vun aktuelle Sujete vu globaler Relevanz. Mat aussergewéinlechem dramaturgesche Geschéck gräift den Auteur d’Flüchtlingsproblematik, d’Klimakris an de weltwäiten Ecart tëschent Aarm a Räich op. Den Haaptmessage: Net ewechkucken, och wann et schwéierfält.
No enger All-inclusive-Rees an engem nordafrikanesche Land kommen d’Valérie an den Thierry rëm bei sech doheem un. D’Koppel, déi zesumme mat hirer 16 Joer aler Duechter Anne fort war, schwäermt vun der Vakanz. D’Iesse wier immens gewiescht, alles hätt hinne gefall, an iwwerhaapt: Wa „mir“ (als räich Europäer? Als Lëtzebuerger, déi am Wuelstand liewen?) net géingen dohi goen, géing et de Leit dohannen nach vill méi schlecht goen. D’Koppel laacht iwwer déi angeeblech Bornéiertheet vun engem eeleren däitsche Puer, dat sech doriwwer opgereegt hätt, et géing am Hotel kee Kaffie vu „Jacobs Krönung“ ginn. Wann een an engem frieme Land wéilt dat kréien, wat een och bei sech an der Heemecht huet, misst ee jo guer net fortfueren. Dat ass de Fazit, deen d’Valérie an den Thierry zéien.
Kuerz drop fält aus dem Thierry senger vollgepaakter Wallis „en ausgetrëppelte Schong“. „Bëlleg“ géing en ausgesinn, seet d’Valérie, a mécht sech iwwer den Thierry lëschteg, andeems hatt him ënnerstellt, mat enger Fra eng Affär ze hunn, déi sou al Schong dréit. Doropshin entsteet e Sträitgespréich mat enger Dynamik an enger Tensioun, déi de Spectateur fesselt wéi och ofstéisst. Virun den Ae vum Publikum rappe sech d’Valérie an den Thierry nämlech déif emotional Wonne mat deem, wat se sech géigesäiteg un de Kapp geheien. Den Thierry fält iwwer dem Valérie seng Mamm hier an hatt kontert mat enger ganzer Rei vu Aussoen, déi déi sensibelste Punkte vum Thierry treffen: Hien hätt en Alkoholprobleem, e wier just nach bei him, well hatt hien duerch seng Paie mat duerchhëlt, a fir hie wier et onméiglech, éierlech ze sinn.
Herno bleift alles beim Alen
Wärend dem hëtzege Wuertwiessel geréit den ausgetrëppelte Schong kuerz aus dem Bléckwénkel, bis d’Valérie no engem – op der Bün net direkt duergestallte Gespréich mam Anne – d’Léisung vum Rätsel presentéiert: D’Duechter war et, dat de Schong, an deem iwwregens Sue gestach hunn, an de Koffer vu sengem Papp geluecht huet. Firwat genau gëtt de Spectateur net gewuer – villäicht, fir d’Elteren op eppes opmierksam ze maachen? Virdrun huet d’Sandal nämlech enger Fra gehéiert, déi mat engem Flüchtlingsboot a Richtung Europa ënnerwee war. Si huet leider net iwwerlieft, de Schong ass rëm un d’Küst ugeschwemmt ginn. D’Anne huet e vum Tarek, engem jonke Mann, deen et an der Vakanz kennegeléiert huet. Dem Tarek säi Papp vergrueft d’Läiche vu Flüchtlingen, déi moies op der Plage leien.
Mat dëser Revelatioun entfaalt sech déi gesellschaftskritesch Dimensioun vum Stéck a vollem Ëmfang. De Papp wëll déi Geschicht net gleewen – a prompt kënnt en anere Sujet vun „En ausgetrëppelte Schong“ an d’Spill: dat komplizéiert Verhältnis tëschent Papp an Duechter, tëschent engem „Alen“, dee „weess, wéi d’Welt leeft“, an engem Jonken, deen et net mécht, mee dofir awer all Freideg fir d’Ëmwelt protestéiere geet. No weideren Zeenen, an deenen d’problematescht d’Kierperbild vum Valérie, d’ongesond Bezéiungsmustere vun der Koppel, d’Sucht an d’Ontreiheet vum Thierry beliicht ginn, kënnt et dann zu engem erniichternde Schluss. Puer Méint si vergaangen, d’Koppel war an der Tëschenzäit an enger All-inclusive-Schivakanz – duerch d’Corona-Kris muss d’Päischtcroisière awer leider ausfalen. Am Lockdown kucken d’Valérie an den Thierry zréck op déi wonnerbar Rees, hir Wierder maachen däitlech: Geännert huet sech bei an tëschent hinnen näischt. Ganz nom lëtzebuergesche Slogan: „Mir wëlle bleiwen, wat mer sinn.“
Eng kollektiv Responsabilitéit
D’Theaterstéck „En ausgetrëppelte Schong“ vum Jean-Paul Maes ass e Wierk, dat dem Spectateur vill ofverlaangt. Mat brutaler Éierlechkeet exponéiert et nämlech gesellschaftlech Feelentwécklungen a Mëssstänn, déi eis Aktualitéit betreffen. Opgegraff ginn eng Rei vun Theemen: d’Flüchtlingskris, déi weltwäit sozial Ongläichheet, de Klimawandel an den domat zesummenhänkende Gruef, dee sech tëschent de Generatiounen opdeet. Näischt gëtt verschéinert oder minimiséiert – d’Publikum gëtt mat dëse Sujete konfrontéiert, ouni dass et sech kéint hannert déi berüümte véiert Wand zréckzéien am Sënn vun: „Dat ass Fiktioun, dat ass net reell – et betrëfft mech net.“
Duerch déi héich Relevanz vun den Theeme fillt sech – oder besser gesot ass – de Spectateur direkt concernéiert, vun deem, wat op der Bün geschitt, ob e wëllt oder net. Domat ass d’Stéck och zugläich en direkten Opruff zu enger méi grousser Solidaritéit a Verantwortung vis-a-vis vun der Welt an de Matmënschen, egal vu wou dës kommen. Wéi den Auteur vum Stéck de Message verpaakt, ass awer nawell dat interessantsten um Wierk. Déi grouss Theeme vun eiser Zäit ginn am Mikrokosmos vun enger onglécklecher Koppel ausgehandelt a verbanne sech fléissend mat de perséinleche Probleemer vun de Figuren. Opgeschafft gëtt dann och déi iwwergräifend Problematik vun der „toxescher Bezéiung“, an där sech, an der enger oder anerer Form, och hautdesdaags vill Leit erëmfannen. Verbal Gewalt, Scholdzouweisungen, manipulativ a verletzend Verhalensweisen, Jalousie, Récksiichtslosegkeet an d’Ausübe vu mentalem Drock sinn alles Aspekter vun enger abusiver Relatioun; a si all kommen hei op glafwierdeg Aart a Weis zum Droen.
D’Figuren erschéngen als psychologesch ausgeräiften an ambivalent Perséinlechkeeten. Bemierkenswäert ass, dass d’Bün (gestalt vum Marco Godinho) wärend der ganzer Inzenéierung (geleet vum Fabio Godinho) mat just zwee Acteure méi wéi nëmme gefëllt schéngt. Dëst ass souwuel der gekonnter Dramaturgie vum Text wéi och der immenser schauspillerescher Leeschtung vum Nora König (Valérie) an dem Marc Baum (Thierry) ze verdanken. D’Stéck, wat just ronn eng Stonn dauert, ass inhaltlech immens dicht a bréngt et fäerdeg, eng gutt Balance tëschent all den ugeschniddene Sujeten ze schafen. Et ass vun dohier wierklech kuckenswäert – net zulescht, wëll een domat genau dat mécht, wat d’Personnagen, déi sech selwer an de jeeweilege Partner permanent beléien, net maachen: genau hikucken, och wann et wéideet, an d’Responsabilitéit fir dat assuméieren, wat ee gesäit. Als Eenzelpersoun wéi och als Gesellschaft.
„En ausgetrëppelte Schong“ vum Jean-Paul Maes
D’Stéck kann een am Kaleidoskop-Theater zu Beetebuerg kucke goen. Déi nächst Virstellunge sinn den 19., 20., 22., 28. an 29. Mee ëmmer um 20.00 Auer. Den 30. Mee ass d’Virstellung um 17.30 Auer.
- „und zerbröselt in vierzig stückchen illusion“: Tom Webers Lyrikband „fluides herz“ erzählt von Zerfall und Neubeginn - 19. Dezember 2022.
- Wir müssen die Lyrik befreien: Warum die Dichtung trotz ihrer Präsenz in den Medien ein Image-Problem hat – und wie sich das ändern kann - 27. November 2022.
- Mehr Akzeptanz fürs Kinderwunschlosglück: „Nichtmuttersein“ von Nadine Pungs - 4. September 2022.
Frot emol eis däitsch oder franzéisch Nopperen ob si nët och wëlle bleiwe wat si sinn. Mir sinn amgang eist Land auszeverkafen an um gudde Wee eis Identitéit ze verléieren. Dat huet näischt mat Chauvinismus oder Nationalismus ze dinn, dat ass eng Tatsaach.