/ Erzbischof Jean-Claude Hollerich wird Kardinal
Papst Franziskus kündigte am Sonntagnachmittag an, dass der 61-jährige Luxemburger Erzbischof Jean-Claude Hollerich zum Kardinal erhoben wird. Die Ernennung erfolgt am 5. Oktober.
In seinem neuen Amt möchte er sich weiter für Europa, die Flüchtlingsfrage und den Klimaschutz einsetzen, schreibt die „Eglise catholique à Luxembourg“ in einer Pressemitteilung.
- Betrüger nutzen Foto von Martine Hansen – Ministerin distanziert sich von Facebook-Inhalten - 20. Januar 2025.
- Marc Glesener wird neuer Präsident der ALIA - 15. Januar 2025.
- Polizei kontrolliert torkelnde Frau und entdeckt, dass sie per Haftbefehl gesucht wird - 14. Januar 2025.
Schéin fir hien, da gëtt et elo nees méi an der Pei 🙂
Zitat :“möchte er sich weiter für den Klimaschutz einsetzen“
Also bleibt die Heizung in der Kirche aus !
Bin ich aber froh dass das Café neben der Kirche gut beheizt ist !
An där Funktioun kann de Mann jo och esou guer selwer eng Keier zum Pobst gewielt ginn?
Falsch, jidderee ka Pobst gin, mais et muss e Kardinal si, fir daerfen ze wielen.
Häh? E gëtt jo Kardinol.
Schéin fir den Här Hollerich. Och schéin fir sein Bankkonto. Ech gönnen him dat. Awer geet do duerch een Lëtzebuerger méi an d’Kirch? Ech mengen net. An dann: Ween bezuelt eigentlech déi Opbesserung vun senger Pei? Den Staat? Den Bistum? Den Vatikan? Sin mol virwetzeg fir dat ze wessen!
Et soll dach keen am Bistum soën, sie hätten dat net gewosst. Mat dem selwechte Mond léie, mat dem se bieden. Firwaat wuel ass den anere Kanonenikuss dann zum Adjoint gemaach gin. Déi dote Saach ass scho lang geplangt. Et geht em d’Machtiwwernahm duerch d’Jesuiten am Vatikan.
Wuel kaum… vun deenen 13 neie Kardineel sinn der 3 Jesuiten, een dovun ass iwwer 80 a kann da souwisou net matwielen:
https://en.wikipedia.org/wiki/List_of_living_cardinals#Clergy_scheduled_to_be_created_cardinals_on_5_October_2019
Mat deenen zwee neie walberechtegte Kardineel sinn der da véier Jesuiten:
https://en.wikipedia.org/wiki/List_of_living_cardinals#Cardinals_by_institute_of_consecrated_life_or_by_society_of_apostolic_life
4 vun 128 ass net grad eng Machtiwwernahm. Datt d’Jesuiten net onwichteg sinn ass elo keng Iwwerraschung, et sinn ëmmerhinn d’Jesuiten. Datt se d’Muecht iwwerhuelen ass awer elo éischter net sou glafwierdeg, virun allem well hire Fränz amgaangen ass sech méi oder manner onbeléift ze maachen.
Ob d’Promotioun telephonéiert war… keng Ahnung, wuel eppes dertëschent. Den Hollerech huet sech net grad onsiichtbar gemaach engersäits, anerersäits war e wierklech vill ënnerwee an net vill heiheem ze gesinn a mat e bësse Grips konnt ee sech dat iergendwéi scho sou hallef denken, datt et net onméiglech wier.
Mat der neier Pai missten se dach och amstand si méi wéi 2500€ d’Joer Loyer fir d’Kathedral ze bezuelen, vläicht 2800?
Wie seet dann, datt et doduerch eng besser Pei gëtt?
Ah, dir mengt dat wier wéi bei enger normaler Boîte, wou een einfach ‚Fondé de Pouvoir‘, ‚Chef de Service‘ and ‚attaché à la direction‘ genannt gëtt, wëll de Patron ze knéckeg ass fir méi Pai ze bezuelen?
Loin de là.
E Kardinol kritt normalerweis an alle Länner dat 5facht vun engem Paschtouer, d’Wäiflecke ginn aus Paschtouer-Schwaarz besser eraus, der Kardinol muss alles an d’Botzerei ginn.
Ech huelen un mir mussen dat och nach alles bezuelen, dee Mann war jo scho Staatsbeamten wéi mer d?Trennung kruten.
Dat gëtt eng deier Geschicht.
„Dat gëtt eng deier Geschicht.“
Tjo. Dat bleift ze beweisen. Net datt et mech iwwerrasche géif. Ech wëll awer Beweiser gesinn.
„E Kardinol kritt normalerweis an alle Länner dat 5facht vun engem Paschtouer“
Gëtt et dofir fondéiert Statistiken? An net vun iergendwelchen Veräiner à la AHA…
Ech sinn net dee leschten deen d’Kierch an d’Pan klake wëll, virun allem wéinst hirem Impakt op d’Politik an hir Aktivitéiten an der Schoul, allerdéngs si Behaaptung och net zilféierend…
Ech sinn keen Kirchegänger.
Ech fannen awer déi Kommentaren iwert d’Pei total déplazéiert.
Da sôt och firwât ….. total déplazéiert well …………………….
Genee. Dee Mann huet jo näischt geleescht. Honnerte Kierchen zougespaart a bei deenen déi nach op sinn, gi knapps 0,5% an d’Mass.
Dat jäizt jo net grad no Befërderung, éischter no Degradéierung.
Dann kéint heen jo och mol spenden vir Tornadoaffer.. Do hèiert een naicht vun der Sait! Daat wir eng schéin Neiegkeet.
Spéider mol vieilleicht een Letzebuerger Popst ?
Virwaat nëtt.
Der Bischof eines Volkes im Zustand der Apostasie wird Kardinal. Die katholische Kirche ist nichts anderes als das römische Christentum und die Staatsreligion eines Landes, das es nicht mehr gibt. Dahinter steckt wohl ein Machtkalkül, der mit der Unbeliebtheit dieses Papstes wenig Erfolg haben wird. Der vermeintliche Missbrauchstäter und chilenische Nuntius, Ivo Scapolo, wurde von Franziskus nach Portugal versetzt. So kann man sich bei einem ehemals sehr katholischen Volk unbeliebt machen. Der katholische Machtapparat steckt in einer „Lose-lose“-Situation und würde nur glaubwürdig mit seiner Auflösung. Er schafft sich umso mehr selbst ab, je mehr er dagegen ankämpft.
Bravo.Und die 1.5 Milliarden Katholen sind ja zu 80% Zwangsrekrutierte -aus der Wiege in die Kirche sozusagen.Dasselbe gilt übrigens für alle Religionen.
Genee!
Dofir ass et gutt, dass de Reliounsunterrecht ofgeschaaft gouf.
Et gi keng kathoulesch Kanner, et gi just Kanner vu kathouleschen Elteren.
„Dofir ass et gutt, dass de Reliounsunterrecht ofgeschaaft gouf.“
Dat ass engersäits gutt, well Relioun huet näischt an der Schoul verluer. Allerdéngs hoffen ech, datt mer net an d’USA-Situatioun rutschen. Firwat? D’Zuel vun de Kanner am Reliounsunterrecht ass ëmmer nach héich. Souwäit ech weess schwätze mer vu 4500-5000 Kanner (ech fannen hei leider net méi d’Statistik erëm). Bei Ronn 100.000 Schüler (Primaire + Secondaire), sinn dat der net enorm vill awer och net ultra wéineg.
Wat ech mengen ass, datt mer oppasse mussen, datt mer net an eng Situatioun geroden, an där, wéi an den USA, an der Sonndesschoul eng alternativ Welt enseignéiert gëtt, déi fräi vu Realitéit ass, an eventuell zu enger relativ radikal-chrëschtlecher Minoritéit kënnte ginn, siehe sougenannten „Evangelicals“ an den USA.
Jetzt wird Henri auch noch, von wem auch immer ( ? ) zum König ernannt und wir haben’s geschafft, sind endlich ganz oben angekommen!
Zoufälleg gouf virun engem Mount den Här Wagner Weihbeschof an den Här Muller Generalvikar. A kee wousst du schon eppes vun der Kardinolsdecisioun ? Wer’s glaubt zahlt einen Taler.
Eisen Erdbierschorch ass Kardinol ginn, ouni dass hien eppes dovu wousst! Wer’s glaubt wird selig.