Astronomie / Firwat Dikrech manner Nuechten am Joer huet wéi Esch
Vun Ufank Juni bis Ufank Juli gëtt et zu Lëtzebuerg keng Nuechten. D’Sonn verschwënnt net wäit genuch hannert dem Horizont, fir datt den Astronomen hier Definitioun vun enger Nuecht erfëllt ass.
An op emol ass et Summer ginn. Pünktlech fir d’Neesopmaache vun de Caféen a Restauranten ass och d’Wieder zu Lëtzebuerg erëm sou gutt ginn, datt een owes kann op enger Terrass sëtzen a sech d’Sonn op d’Nues schénge loossen, ouni ze zidderen. Et ass elo e bëssi méi wéi zwou Wochen hier, datt dat kaalt Sophie erduerch ass, an déi al Bauereregel huet gehalen, wat si versprach huet. No den Äishellege kann een seng Tomatestäck erausstellen, ouni mussen ze fäerten, datt de Frascht si futti mécht.
Ob de Summer schonn ugefaangen huet, dat hänkt dovun of, wien ee freet. Geet et de Meteorologen no, da fänkt de Summer nämlech den 1. Juni un. Wann een awer d’Astronome freet, dann ass dat Ganzt e bëssi méi komplizéiert, mee duerfir och méi genau. Fir si ass et eréischt Summer, wann d’Summersonnewend bis duerch ass. Dat ass deen Dag am Joer, wann d’Sonn hiren Héichststand iwwer dem Horizont erreecht, an da vun Dag zu Dag géint der Mëtteg ëmmer manner héich um Himmel eropklëmmt. D’Sonnewend ass net alljoers dee selweschten Dag. Dëst Joer gëtt et no dem Kalenner vun den Astronome bei eis den 21. Juni réischt Summer.
Doriwwer däerf een och net vergiessen, datt et net iwwerall op der Welt am nemleschten Ablack Summer ass. Wa bei eis am Norden de Summer ugeet, dann ass et op der Südhallefkugel ëmgedréint. Do geet et elo op de Wanter zou – an am Dezember ass et do déckste Summer. Dat huet domat ze dinn, datt eis Äerd net poulriicht an eisem Sonnesystem steet, mee schif zur Sonn. Wa bei eis Summer ass, ass déi nërdlech Hallefkugel zur Sonn ausgeriit, während am Wanter déi südlech Hallefkugel zur Sonn ausgeriit ass.
Net esou kleng, wéi ee kéint mengen
D’Neigung vun der Äerdachs ass guer net esou kleng, wéi ee kéint mengen. Et sinn ëmmerhin 23,4°, déi d’Achs, ëm déi sech de Planéit dréit, sech vun engem rechte Wénkel zu sengem Orbit ëm d’Sonn ënnerscheet. Een Effet dovun kann ee ganz gutt an de skandinavesche Länner beobachten: Am Summer geet do d’Sonn ni ënner. Sie geet just erof bis kuerz iwwert den Horizont, fir sech dann nees op de Wee a Richtung Zenit ze maache, wéi wa se wéilt de Geck mat alle Leit maachen, déi probéieren, ze schlofen.
Zu Lëtzebuerg kenne mir dëse Phänomen net. Hei verschwënnt d’Sonn all Dag – a sief et och nëmme fir e puer Stonnen, hannert dem Horizont. Mee alt erëm eng Kéier wëllen Astronome méi präzis si wéi aner Leit. Si hunn eng Regel opgestallt, no där et eréischt Nuecht ass, wann d’Sonn ëm méi wéi 18° ënnert dem Horizont verschwonnen ass. Zu Lëtzebuerg ass dat net op all Dag vum Joer de Fall. Am Summer gëtt et och hei e puer Deeg, op deenen et keng Nuecht gëtt. Well deen Effet am Norde méi spillt wéi am Süden, huet Dikrech nach manner richteg Nuechten ewéi Esch/Uelzecht.
D’Zäit, an där et keng Nuecht gëtt, fänkt zu Dikrech den 2. Juni un, a se dauert bis den 10. Juli. Zu Esch fänkt se de 5. Juni un an dauert nëmme bis de 7. Juli. An der Stad ass de 4. Juni den éischten Dag, dee keng richteg Nuecht huet, an den 8. Juli de leschten. Op deenen Deeg dauert d’Schummerecht vun owes spéit bis moies fréi.
Schummerecht ass net gläich Schummerecht
Mee och d’Schummerecht ass net gläich Schummerecht. Wann d’Sonn nëmme knapp iwwert dem Horizont steet, da schwätzt ee vun der biergerlecher Schummerecht. Wann se tëscht 6° an 12° ënnert dem Horizont steet, da schwätzt ee vun der nautescher Schummerecht. Déi heescht esou, well een dann déi éischt Stären um Himmel gesäit, déi Schëffer kënne benotze, fir ze navigéieren. Wann d’Sonn tëscht 12° an 18° ënnert dem Horizont steet, da schwätzt ee vun der astronomescher Schummerecht.
Ob der Äerd muss een net wäit an de Süde reesen, fir nees an eng Regioun ze kommen, an där et dësen interessante Phänomen net méi gëtt. Et geet duer, datt ee sech erof bis op München oder op Dijon beweegt, fir all Dag vum Joer eng „richteg“ Nuecht kënnen z’erliewen.
Ähnlech Effete gëtt et och op anere Planéiten an eisem Sonnesystem. Dem Mars seng Rotatiounsachs ass ëm 25,19° Grad geneigt (also just e bëssi méi wéi déi vun der Äerd). Duerfir gëtt et och um Mars Joreszäiten. Well ee Joer um Mars duebel sou laang ass wéi op der Äerd, daueren se awer och duebel sou laang.
De Planéit Venus ass méi bosseg. Net nëmmen ass den Drock vun der Atmosphär ob der Uewerfläch mat 92 Bar esou héich, datt se scho méi wéi eng russesch Sond zerdréckt huet. Dem Planéit seng Rotatiounsachs huet och nëmmen eng ganz kleng Neigung. Sie steet bal am rechte Wénkel zum Orbit vum Planéit. D’Venus dréit sech en plus an déi aner Richtung wéi déi meeschte Planéiten am Sonnesystem. Géing een op der Venus liewen, dann géing een all Moien d’Sonn gesinn, wéi se am Westen opgeet. Dat kéim awer nëmme seele vir, well een Dag op der Venus méi wéi 116 Deeg op der Äerd laang ass.
De Wanter fänkt op der Nordhallefkugel no dem Kalenner vun den Astronomen iwwregens den 21. Dezember un. Dat ass den Dag vun der Wantersonnewend, wann d’Sonn mëttes esou niddereg steet wéi op kengem aneren Dag am Joer. Vun deem Dag un klëmmt se nees all Dag e bësse méi héich um Himmel erop.
Esch ass méi no beim Equator an Dikrech méi no beim Nordpol.