Cabaret / Frësche Wand: „Si mir nach ze retten?“ am Escher Theater
De politesche Cabaret feiert säi Comeback am Escher Theater: Well d’Aktualitéit net ouni kritesch-satiresche Kommentar soll auskommen, huet de Roll Gelhausen op Initiativ vun der Direktesch Carole Lorang eng Equipe zesummegestallt, déi der Fro nogeet, op mir „nach ze rette“ sinn. D’Tageblatt huet sech mam Claude Faber a Francis Kirps ënnerhalen.
Tageblatt: Wéi noutwenneg ass Cabaret haut nach – a wat maacht Dir anescht wéi di rechtlech Lëtzebuerger Cabaret-Truppen?
Francis Kirps: Ech kennen dat alles net. (laacht)
Claude Faber: Sou, voilà. Nächst Fro. (laacht)
F.K.: Ech war effektiv 20 Joer net méi am Cabaret. Dohier sinn ech relativ onbeleckt. Ech hunn deemools de Cabaret-Programm fir Feierstëppler geschriwwen, dat war mäin éischte Kontakt zum Lëtzebuerger Cabaret. Ech hat et e bëssen opgi mam Cabaret, och mam däitschen, wéi een en op der Tëlee gesäit. An Däitschland sickeren immens vill Slammer an de Cabaret, net zulescht, well een do gutt verdéngt. Déi trieden da wärend Sendungen wéi „Die Anstalt“ op – a brénge frësche Wand an d’Saach eran.
C.F.: Wéi d’Carole (Lorang) den Theater iwwerholl a sech Froen iwwert d’Programméierung gestallt huet, koum séier d’Iddi vum politesche Cabaret, dee jo laang Zäit hei zu Esch eng Traditioun hat. D’Carole huet dem Roll Gelhausen ugeruff a wollt wëssen, wou de politesche Cabaret dru wier. D’Iddi war gebuer, net just eng Show mam Roll ze maachen, mä eng Equipe zesummenzestellen, fir der Variatioun an der Evolutioun vun de Formater, an deenen de politesche Cabaret seng Ausdrocksformen hautdesdaags fënnt, gerecht ze ginn. Nieft dem Jay Schiltz an dem Pierre Puth gouf dann och un d’Journalistin Christiane Kremer, ee Slammer a Schrëftsteller wéi de Francis oder ee Cabaret-Newcomer a Schauspiller wéi mech geduecht.
Wéi koum d’Thema vum Owend zustanen?
C.F.: Wéinst der aktueller Situatioun, an där et ökologesch a politesch Brandherde gëtt an déi sech duerch de Virus just nach verschlëmmert huet, ware mer eis séier eens an hunn eis d’Fro gestallt: Si mir nach ze retten? Jiddwereen huet säin eegenen Text geschriwwen a féiert deen dann och op.
F.K.: D’Approche ännert vun Auteur zu Auteur. De Pierre Puth stellt d’Fro: Ass Lëtzebuerg nach ze retten? Beim Rol a bei mir geet et ëm d’Ëmwelt, d’Klima – woubäi ech mech froen, wisou mer iwwerhaapt sollte gerett ginn. De Claude thematiséiert politesch Korrektheet, de Jay Rietsextremismus.
C.F.: D’Texter vum Jay a vum Pierre, deen altersbedéngt drop verzicht, d’Texter selwer op der Bün virzedroen, sinn original am Stéck, si goufen tëschent eis opgedeelt a gi gréisstendeels vum Clod Thommes iwwerholl.
Dir kommt allebéid net aus dem klassesche Cabaret. Wat ass anescht an Ärer Approche?
C.F.: Fir mech war et kloer, dass ech, e bësse wéi am Slam, méi no um Publikum wëll sinn – andeems ech beispillsweis d’Leit direkt uschwätzen. Am klassesche Cabaret gëtt et dat net.
F.K.: Et geet eis drëms, ze provozéieren, amplaz d’Leit ze beléieren. De Feeler vum ale Cabaret ass seng Schoulmeeschter-Approche. Mir ginn Denkustéiss. Et geet drëms, sech net iwwert d’Thema an de Publikum ze stellen, mä sech selwer mat eranzehuelen. Dat huet mech um lëtzebuergesche Cabaret gestéiert: Et sinn oft laang Monologer, déi beléiere wëllen.
Wisou um Cabaret festhalen, wann d’Form net méi passt?
C.F.: De Cabaret ass eng Gesellschaftskritik, et ass ee Spigel, deen s du dem Publikum virun d’Nues häls – egal a wéi engem Format, a wéi enger Form s du et opzitts. De Publikum brauch haut allerdéngs aner Formater.
F.K.: D’Fro no der Legitimitéit vum Cabaret iwwerschneid sech mat der Fro, ob politesch Literatur oder ee politesche Singer-Songwriter eppes ännere kann. Iergendeen erreechs de ëmmer, deen sech duerno Gedanke mécht. Wat fir mech nei war, ass d’Schauspillerei. Ech hu scho Cabaret-Texter fir anerer geschriwwen. Et ass déi éischte Kéier, dass ech an deem Sënn eppes spillen. Ech sinn et gewinnt, op der Bün ze improviséieren. Hei ass alles méi codéiert.
C.F.: Ee Cabaret-Owend ass wichteg, well e live ass. Beim Podcast oder an engem YouTube-Video geet d’soziopolitesch Erfarung verluer. Eleng dofir mécht d’Format Sënn: Virdrun an duerno existéiert en Austausch, entsteet e Gespréich ënnert dem Publikum, dat op YouTube oder an engem Podcast verluer geet.
Wou soll de Projet an nächster Zäit higoen?
C.F.: D’Iddi ass, een alljärleche Rendezvous ze maachen, mat enger Equipe, déi sech verjéngt.
F.K.: Du muss bedenken: Jonk am Cabaret ass 40, net 20. Meng Iddi wier et, eppes tëschent dem Slam vun enger Lesebühne an dem Cabaret ze maachen. Sech méi vum gespillte Kader ze léisen.
D’Stéck leeft de Sonndeg um 17.00 Auer. Eis Rezensioun liest Dir op www.tageblatt.lu.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Wuel eng rhetoresch Fro, oder ?
Mat dem Coronavirus ass den Ennergang vun Europa angelaut gin, mir sin net ze retten.