So., 19. Januar 2025




  1. Schon nes.. /

    Gescht Owend war den Här Bausch op an senger Sendung op senger Televisioun (Ken Dag ouni Hien) fir eis dei Geschicht vun 1,50 Meter vir ze stellen. Weini lanceiert hien eng Campagne fir de Velos Fuerer de Code de la Roue bei ze brengen? Ech fueren net mei Auto seit d´Velos Leit op der Stross dierfe machen wat sie wellen, mein Auto stet an der Garage an ech bezuelen meng Steieren.
    Esou weit as dem Här Bausch seng Rechnung emol op gangen. Well net am Prisong landen zu mengen alen Deg weint de Velos Raudien!

  2. Marion /

    geseis de mech mat donklen Sportsdress an virun allem keng Luuten un ! Et wär ubruecht den Här Bausch géifs seng Lieblingen dorob opmierksam maan an och drun denjen dat Lëtzebuerg nit eleng aus der Haaptstaadt besteet. am Rescht vum Land gët de Velo fir ob d’Aarbécht wéineg benotzt, awer Fräizäitvelisfuerer sin op de Stroossen ënnerwee a muencher kennen d’Gesetzer nit un déi sie sech missten haalen.

  3. Garlie Chaul /

    @schon nes..
    oh mei. Am Frankräich stinn säit 20 Joer Schëlter op der Stroos. „1,50 m- partageons la route.“ do huet keen Autofuerer e Problem domatt an ech hunn och nach nie domm getuut kritt wéi zu Lëtzebuerg.

  4. nomi /

    Sin dei- 1,5m dann och reziprock beim iwerhuelen an laanscht fuhren ?
    Och bei ro-uder Luut }

  5. Velosmisch /

    „Geséis du mech?“ NEE well du bas donkel gekleet, du hues kéng Lucht a kéng Rückstrahler um Velo, du kënns op der falscher Séit durch eng rout Lucht gefuer, ouni ze kucken an ouni Hemmung. Du hues net ugewisen dass de lénks géifs ofbéien, bei der rouder Lucht stongs de hallef hannert mer an iert se gréng gin ass bass de viru mech gefuer. NEE dir fuert iwer Land hannert enger Kéier zu 2 nievendeneen matzen an der Stroos, dir kommt tëschent de Foussgänger iwer Trottoiren a Spazéierweeer gebraust ouni ze schellen oder iech soss iegendwéi bemierkbar ze machen. NEEN ech gesin dech net mee hu vill Suen vir Velosweeer bezuelt vir dass du kanns do fueren wou keen dech brauch ze gesinn.
    NEE ech gesin dech net well ech wëll dech net méi gesin.

  6. Jemp /

    Ech froe mech, wéi d’Police well moossen ob een elo 149 oder 151cm wäit laanscht e Velo gefuer ass. Wat ass, wa mer e ganzen Trapp entgéint kennt, wou een Deel no bei oder esouguer lenks vun der Mettellinn fiert. Muss ech da mamm Auto an de Gruef fueren? Alt erem: décke Blödsinn, dat Gesetz. An iwregens: Wann een allméiglech Leit dozou opsteppelt, am décke Verkéier an ob Nationalstroosse wou 90 erlabt ass, mat engem Velo tescht de Bussen, Camionen an Trakteren eremzetrellen, dann ass een dofir verantwortlech, wa vill Accidenter geschéien, a misst bestroft ginn.

  7. Miette /

    Ich sah heute Vormittag recht viele Radler, neben der Fahrradspur radelten die Jungs auf der Autospur. Ich dachte mir, wenn jetzt der Bus in dem ich gerade sitze; einen von den Radlern streift🫣🫣🫣

  8. GChaul /

    @Jemp,
    dat soll eng Richtlinn sinn.Op schmuele Strossen sinn 1,50 M nëtt méiglech.Wann een als Autofuerer net laanscht kënnt muss een bremsen a warden bis ëtt geet. Kee Polizist steet mam Meter do ze mossen.Awer wann dir e Cyclist emgefuer hutt freet de Riichter iech op dir dat hätt kënne vermeiden. Och fir de Cyclist gëllt de Code de la Route. All aner Diskussioun ass Hexejuecht.

  9. schon nes... /

    @Garlie Chaul, Lesen Sie mal durch was ich geschrieben habe.
    Hat im Grunde nichts mit Ihrer Antwort zu tun! Die geschichte der 1,50 m. war nur zu gut um etwas los zu werden.

  10. jo /

    Wann se dann hannerteneen fueren, OK.
    Mais an der Realiteit fueren se jo am Rudel zu 2 oder 3 niewenteneen. Dat huet den Bausch jo nach iwwerhapt net an de Grëff krit!
    Wann ech bemol hannert enger Keier esou e Groupe virun mer hun, an e Kamion kennt engeint, dann wärt ech secher net fier d’Frontalkollisioun opteieren.
    Selbstmord as jo och e Crime!

  11. Claude /

    @ jo / Wât huet de Bausch da schon an de Grëff krit?
    En huet nëmmen virgeschriwen an diktéiert a soss néischt!

  12. Alex /

    Ech hale mech op alle Fall un déi 1,50. Dat as d’Distanz zum Velofuerer dee sech riets hällt. Wann do nach een dotëscht as, dee gesin ech leider net.

  13. J. Boehl /

    Déi mam Velo fueren sollen och Steieren bezuehlen fir hir Veloswéer an och en klengt Nummerschëld wanns se beim lanscht fueren eng Schrëbs an den Auto machen. Well virum Gesetz sin mir anscheinend all gläich.

  14. jo /

    Vill Velosfuerer sin net nëmmen anonym ennerwee, mais verstoussen geint d’Vermummungsverbot!

  15. claudbin /

    A fir d’Fousgänger? Do fueren Autoen lanscht mech deen um Trottoir geet an dat mat 10cm Ofstand!

  16. Schon nees /

    Claudbin, den Här Bausch as Dach net zoustännegen fir d‘Foussgänger😳

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos