Kulturpolitik / Kënschtler erliewen zweete Lockdown: Eng Klasseretenue fir d’Kultur
D’Theatere sinn zou, d’Kierche bleiwen op. De Black Friday zitt eng Hellewull u Leit an d’Shopping Mall, mä d’Kultur, déi besonnesch kreativ an dem Respekt vun de sanitären Oplage war, muss nees Paus maachen. Wou et beim éischte Lockdown ee grousst Versteesdemech am Kultursecteur gouf, stéisst d’Inkohärenz vun den neie Moossnamen dem Milieu sauer op.
Méindeg, 16. November: No der ausverkaafter Première vun „AppHuman“ ginn déi 60 Theaterbesicher Rei fir Rei aus dem Theater evakuéiert – wéi bei engem Feieralarm, dee sech an Zäitluppentempo ofgespillt hätt. Obschonns de Public begeeschtert ass, wierkt den Erfolleg bescheiden: 60 Mënsche maachen ebe beim Klappe manner Kaméidi, wéi wann déi 267 Plaze vum Kapuzinertheater voll besat sinn. Virum Adequat versammele sech Famill a Kolleege vun der Ekipp, de Couvre-feu léisst eng Zäitfënster vu genee engem éischten (a leschte) Béier – eng Première-Feier an Zäite vun der Pandemie. De Garçon wierkt nawell genervt, well ze vill Clientë baussen op der klenger Terrasse an um Bar hänken, en Deputéierte fëmmt eng, kuckt eis mat engem melancholesche Bléck, éiert e prophezeit: „Profitéiert, Bouwen, gläich ass och dëst eriwwer.“
E sollt Recht behalen. E puer Deeg duerno gëtt am Parlament entscheet, dass och dës Oplagen net duerginn: 60 Mënsche sinn der ëmmer nach 60 ze vill. Sou ginn net just Restauranten a Bistroen, mä och Kultur- an Theaterhaiser bis de 15. Dezember zougemaach. Muséeën dierfen opbleiwen, well d’Leit do net sëtze bleiwen, mä ronderëm ginn. An de Kierchen, Synagogen a Moscheeën dierf allerdéngs weider gebiet a gesonge ginn, vrun allem awer déi verschidde Konsumtempelen zéie weiderhin eng sëllege Leit an hire waarmen, schuckelegen Interieur – esou vill, dass op dem Schwaarze Freideg d’Shopping Malls effektiv schwaarz vu Leit gewiescht solle sinn.
Well déi nei Oplagen esou widderspréchlech an absurd wierken, dass ee bal mengt, se missten aus der Fieder vun engem Beckett stamen, well et oft op der Bün ass, wou sech soziopolitesch Meenungen negociéieren an nei Méiglechkeeten opginn, hunn ech aus de verschiddene Stellungnamen an Aussoe vu Kulturschafenden, Deputéierten, Ministeren an Intendanten een Theaterstéck zesummegeschnëppelt – esou fält d’Waarden op déi nächst Virstellung vläicht e bësse méi liicht.(*)
Zeen 1. Cloche d’Or.
Virun der Cloche d’Or. Am Hannergrond stinn d’Leit sech d’Féiss an de Buedem. Schlaangen, esou laang wéi fir eng Autogramm-Seance vum Eric-Emmanuel Schmit um Salon du livre. Iwwerall Tuten, déi vu Kaddospabeier nëmmen esou iwwerschaimen, kleng Kanner, déi tëschent de Bee vu genervten Eltere wéi duerch en donkelen Tunnel jauwen. Een onbeschreiflecht Gewulls, d’Mënschheet wéi ee Seejomessen-Nascht, dat vun der grausamer Lupp vum klenge Kand opgejot gëtt. De IAN DE TOFFOLI, Schrëftsteller a Präsident vum Editeurs-Verband, de JÉRÔME KONEN, Leeder vum Mamer Kinneksbond, d’ANNE SIMON, Regisseurin, an d’MYRIAM MULLER, Regisseurin, Schauspillerin an Intendantin vum Théâtre du Centaure, sinn op der Sich no Accessoirë fir eng nei Produktioun bal an d’Gewulls geroden, well se vergiess haten, dass et esou eppes wéi de Black Friday iwwerhaapt gëtt.
IAN DE TOFFOLI, opbruecht. Déi Biller vun de vollgestoppte Supermarchéen, de Shopping Malls, wou d’Leit uneneekludderen, iwwerteneerutschen a -falen, all Zentimeter vun enger Rolltrap besetzen, Schlaang sti fir éierenzwousch eran an dobäi de ganze Gank besetzen, dat mécht ee sou fuerchtbar rosen an traureg, fir de Kultursecteur, dee sech immens vill Méi ginn huet, notamment d’Theateren, fir d’Mesures de sécurité ëmzesetzen, mat Anhale vun den Distanzen, mat Masken, mat Reegelen – fir da gesot ze kréien, se wieren eng Gefor, wärend déi Reegelen awer an de Shopping Malls magescherweis net méi gëllen. Wéi war dat mat de Persoune pro Quadratmeter? Ass déi Reegel och nëmmen eemol wärend deem idiotesche Black Friday agehale ginn? Wou war d’Police dee Moment? War se beschäftegt, eng Famill opzemëschen, déi sech getraut hat, zu fënnef un engem Dësch ze sëtzen? Ech denken och un all d’Caféen an d’Baren, déi hu missen zoumaachen, obwuel sech an de Stater Bistroen héchstwarscheinlech säit dem Enn vum Summer bis dëse Weekend net souvill Leit och nëmme konnten ugestach hu wéi dëse Weekend eleng an de grousse Surfacen. Et ass esou därmoossen absurd.
JÉRÔME KONEN, nodenklech. D’Biller hannerloossen ee batteren Nogeschmaach, kloer. Et wier awer verkéiert, ee Krich tëschent de verschiddene Secteuren anzeleeden – vill Existenze sinn dovunner ofhängeg, dass de Commerce – an dat an alle Secteuren – dierf opbleiwen. Mä wann ech mer déi Biller ukucken, hoffen ech, dass d’Sécherheetsmoossnamen, an dat besonnesch an de Shopping Malls, méi gewëssenhaft agehal a kontrolléiert ginn. Mä du hues Recht – och wann ech mer bewosst sinn, dass all Secteur an all eenzel Persoun säin Deel Verantwortung ze droen huet, bedauere mir zu Mamer, dass d’Regierung weder d’systemesch Relevanz vun der Kultur nach eis sëllegen Efforten unerkennt. An dat, obschonns et keng wëssenschaftlech Beweiser gëtt, déi noweise géifen, dass d’Theateren oder de Kulturzentrum Infektiounsherde sinn.
Am Hannergrond streide sech zwee Typpen em dat lescht Hiem. Aus dem Bac, an deem et läit, streckt e Panneau sech wéi eng Sonneblumm der schassgieler Luucht entgéint. A grousse Buschtawe steet drop: Alles muss fort.
ANNE SIMON, rosen. Wann ech dat hei gesinn, bleift mir de Verstand stoen. Do fillt ee sech veraarscht, d’Spill iwwerhaapt matgespillt ze hunn. Wou kënnt dee Black Friday iwwerhaapt hir? Dee gehéiert dann op eemol zu eiser Kultur dozou – mä d’Konscht net méi? Géif et eng kohärent Strategie vun der Regierung ginn, da géif ech dat agesinn. Ech géif och agesinn, wa se zu hirem blannen Aktionismus géife stoen a soen: Mir hu kee Plang, mir probéieren einfach iergendeppes, dréinen un e puer Schrauwen an hoffen, dass eppes passéiert. Mä wa se probéieren, hiert Konzept ze verdeedegen an dann op Widderspréch stoussen, da verkafen se d’Leit fir domm.
MYRIAM MULLER. Et ass a mengen Aen eng Aart, de Couvre-feu méi radikal opzezéien. D’Regierung weess, dass d’Leit, déi an den Theater ginn, och virdrun iessen oder duerno een huele ginn. Ëmmerhin dierfe mer weider prouwen. Mä et wierkt e bëssen, wéi een Trouschtpräis. Op politescher Ebene gesäit een nees, wéi ee Stellewäert d’Kultur huet – an dat deet wéi.
JÉRÔME KONEN. Lëtzebuerg huet an Europa déi lescht Méint als kulturell Oasis gegollt, well soss iwwerall schonn zou war. Et ass bedauerlech, dass et elo eriwwer mat där „exception culturelle“ ass. Déi aktuell Kris weist net just gesellschaftlech Ongläichheeten, mä och d’Prioritéite vun enger Gesellschaft respektiv vun de Leit, déi un der Muecht sinn. Dass mir net wesentlech sinn ass traureg a revoltéiert mech. Den „Accès à la culture“ ass jo bekanntlech ee Grondrecht. A grad haut, wou mer eng intellektuell an emotional Isolatioun erliewen, ass den Usproch op Kultur – als Plaz vum Austausch, vum Zesummesinn, vun der Synchronisatioun – ëmmer méi wichteg.
MYRIAM MULLER. Wann ech d’Geschichtsbicher vu menge Kanner kucken, da gesinn ech, wéi am ale Roum nieft Kricher, nieft sozialen a politeschen Themen d’Kultur eng wesentlech Roll gespillt huet. Mä wéisou erkenne mer déi Roll eréischt e puer Joerhonnerte méi spéit un, wann a Geschichtsbicher drop zeréckgekuckt gëtt, wéisou kënnen d’Leit d’Kultur, déi se elo virun Aen hunn, déi se kënne gräifen, upaken, net och appreciéieren? Et ass ellen, ze spieren, net gebraucht ze ginn, et ass ellen, isoléiert vun de Preoccupatioune vun de Leit ze sinn. Eise Beruff huet eng gewësse Fragilitéit, déi mir eis wuel erausgesicht hunn an déi och stimuléiere kann. Als Géigeleeschtung zu där Fragilitéit ass et ee Beruff, an deem mir dreemen dierfen. Mat der Pandemie gëtt all Dram mat enger kaler Dusch beäntwert. Et wierkt, wéi wa sech de ganze Secteur op eng kollektiv Depressioun hi beweegt.
ANNE SIMON. D’Pandemie huet sécher eng Identitéitskris ervirbruecht, déi scho laang virun dem Confinement do war, mä déi elo, wou d’Secteuren all op de Leescht geholl an op hir Relevanz beurteelt ginn, un d’Dagesliicht geréit. Mä amplaz ëmmer just ze knouteren, wier et vläicht eng gutt Geleeënheet, selbstkritesch ze sinn. A leschter Zäit gouf ëmmer nees doriwwer diskutéiert, ob Kultur systemrelevant ass. Vläicht musse mer eis ausserhalb vum System beweegen, fir de System kritesch ze betruechten. Mä wa mer systemrelevant wëlle sinn, da musse mer eis froen, ob mir wierklech dee „Lieu d’échange et de rencontres“ sinn, als dee mer eis betruechten.
E klengt Kand hält eng Pistoul aus Plastik op de IAN DE TOFFOLI, eng Mamm, déi een hannert dem Stapel un Tute kaum erkennt, zitt et ewech. De Papp drénkt haseleg aus enger Béchs Leffe mat 9 Prozent Alkohol.
MYRIAM MULLER. Theater soll fir all Mënsch do sinn. Wann d’Leit bis am Theater sinn, mierke se, wéi aussergewéinlech et hei ass. Mir waren um Ufank frou, nees spillen ze kënnen, mä mir spille viru 50 Leit, viru Frënn, Initiéierten, Leit aus dem Milieu. Et gëtt guer keng Platz méi, fir de Wee zum Public ze fannen. Kuck dem Ian säin „AppHuman“, dat ass eigentlech ee Stéck fir de Grand Public.
IAN DE TOFFOLI. Ey!
MYRIAM MULLER. Ech mengen dat am beschte Sënn vum Wuert.
ANNE SIMON. An dobäi kënnt, dass d’Stéck da fënnef Mol opgefouert gëtt, an da war et dat. Esou erreeche mir d’Leit net a spille keng Roll an de gesellschaftlechen Debatten. Et feelt eis einfach u Siichtbarkeet. De Kulturministère kann do och nëmme bedéngt vill maachen, well e selwer manner Gewiicht huet wéi aner Ministèren: Och op deem Level ass Kultur net wierklech wichteg. Mä si setze sech fir eis an.
JÉRÔME KONEN. Aussergewéinlech Hëllefe fir d’Kulturschafend goufen direkt nees aktivéiert.
MYRIAM MULLER. A mir kréie finanziell Ënnerstëtzung, fir eis Opféierungen ze filmen an ze streamen. Dem Ministère seng Roll ass et jo net, Kënschtler ze sinn, mä op engem institutionelle Level Léisungsusätz ze proposéieren.
ANNE SIMON. Dat fannen ech allerdéngs problematesch.
MYRIAM MULLER. Dass de Ministère keng Kënschtler ustellt?
ANNE SIMON. Nee. De Streaming-Projet. Et wierkt mer ze vill, wéi wann een op „Biegen und Brechen“ eppes maache wéilt. Ech gesinn net an, wéisou mer eis Stécker, déi fir d’Bün geplangt sinn, solle filmen – do geet ze vill verluer, an da gi mer nach manner eng Plaz vum Austausch an dem Zesummesinn, wéi mer et souwisou schonn (net) sinn. A wa mer elo Projeten entwéckelen, fir déi dat Digitaalt Sënn ergëtt, da ginn déi 5.000 Euro net duer. Mir widderhuelen elo net, wat mer mat der Volleksbün am Lockdown versicht haten – do huet een der Produktioun den techneschen Usaz an d’Experimentéieren ugesinn. Wa mer dat weiderféieren, da wiere Film-Fong-Suen, net Kulturministère-Suen néideg.
IAN DE TOFFOLI. Ech fannen net just dat problematesch. An engem Musée gëtt méi zirkuléiert, mee et kann een op kee Fall soen, datt d’Raimlechkeeten an engem Musée méi espacéiert si wéi an engem vun de groussen Theateren, déi, en plus, sou huet een et héieren, déi modernst Loftzirkulatiounsapparater agesat kruten. Also schéngt engem déi Decisioun, déi eng opzehalen an déi aner net, och rëm sou onlogesch.
Zeen 2. Am Justizministère.
D’Madamm Kulturminister SAM TANSON telefonéiert gedëlleg mat engem vun de leschte Kulturjournalisten, déi d’Land nach zielt. Virun hir läit den oppene Bréif vun der Theater Federatioun a vun dem Reseau vun de regionale Kulturzentren, deen d’Ëffnung vun den Theateren a Kulturhaiser fuerdert. Op engem Ecran leeft am Hannergrond eng Rediffusioun vun der Chamber-Sëtzung. De MARC BAUM, Deputéierte vun déi Lénk a Schauspiller, reegt sech op.
MARC BAUM. D’Theatere bleiwen zou an d’Kierchen op. Dat ass 300 Joer Opklärung de Kanal rofgespullt.
SAM TANSON. Kloer sinn d’Hëllefe fir d’Intermittente keen Ersatz fir de Revenu, dee se soss hunn. Ech kann d’Argumenter vun der ASPRO gutt verstoen.
Paus. De Journalist stellt eng Fro. Seng Froe si laang, e schwäift aus, kënnt net zum Punkt.
Ech verstinn d’Frustratioun vum Milieu ganz gutt. Am Géigesaz zum éischte Lockdown war et mer wichteg, dass ka weidergeschafft ginn. Mir ënnerstëtzen digital Opnamen, hunn d’Aide fir d’Intermittenten der Situatioun ugepasst, Muséeën a Galerien dierfen opbleiwen. D’Zuele ginn net erof, si stagnéieren op engem héije Level. Et huet eppes misse gemaach ginn. Allgemeng gëllt: D’Leit dierfen do sinn, wou se fräi circuléieren, an net do, wou se musse sëtzen.
De MARC BAUM ënnerbrécht seng Ried, schéngt d’Kulturministesch riicht an d’Aen ze kucken.
MARC BAUM. Den 3-CL muss zoumaachen, mä am Bâtiment 4 dierf gedanzt ginn, just well do eng Expo ass a grad een eng Danz-Performance mécht? Et si keng Infektiounen am Theater, am Kino oder a Kulturhaiser nogewisen, et gouf weltwäit keng Clusteren op esou Plazen – am Géigesaz zur Kierch – an den „Accès à la culture“ ass genee esou ee Recht wéi d’„Liberté des cultes“.
SAM TANSON. D’Branche ass net am Stëllstand, et ka geprouft ginn, an op enger institutioneller Ebene hu mer vill Suen – fënnef Milliounen – investéiert, fir Kënschtler och nohalteg, mat Residenzen a Revenuen, z’ënnerstëtzen. Et gëtt eng nei Hëllef fir Caféen a Salles de spectacles, déi kulturell Aktivitéiten ubidden.
De Journalist argumentéiert um aneren Enn vun der Leitung.
SAM TANSON. Et geet ebe grad drëms, esou Plaze wéi de Gudde Wëllen z’ënnerstëtzen, déi, genee wéi d’Virgänger am nämmlechte Lokal, nach ni Gelder aus der ëffentlecher Hand kruten, do, wou den Atelier mam Loyer gehollef kritt an d’Rotondes eng, soe mer mol, parastaatlech Entitéit sinn. Oder och Plaze wéi de Café littéraire Le Bovary. Dir sot, de Gudde Wëllen hätt nach ni ee Concert organiséiert, dee sech finanziell rentéiert hätt – dowéinst dann déi 50.000 Euro Hëllefsgelder. Méi ass net dran, well mir Entreprisen ebe weder subventionéieren nach konventionéieren. Déi Hëllef soll och no der Pandemie bleiwen.
MARC BAUM. De Mars Di Bartolomeo sot, am Kampf géint de Virus – en huet ee ganz militäresche Jargon benotzt – hätte mer een Ass am Aarm, an dat wier eis Fäegkeet, rational Entscheedungen ze huelen. Ech fänken un, ferm dorun ze zweiwelen. A wéisou dierf musizéiert ginn, wann et ënnert d’Educatioun fält – an net am kulturelle Kader?
SAM TANSON. Wat wier d’Alternativ gewiescht? De Kanner d’Educatioun erlaben – mä ouni Musek a Sport? Zu enger vollstänneger Educatioun gehéieren déi Domainer dozou. Mir sinn an enger Krisesituatioun a wäerten net zu enger honnertprozenteger Kohärenz fannen. Deen Dag, wou mer kohärent Mesuren duerchsetzen, déi Fräiheeten aschränken, deen Dag hu mer ganz aner Problemer. Mir musse lo aus där Situatioun eraus, et gesäit ee jo d’Luucht um Enn vum Tunnel, d’Impfung ass do. Et huet kee Sënn, elo a Hierarchien ze denken.
MARC BAUM, klëmmt aus dem Fernseh eraus. Mä duerch déi Widderspréch entsteet ebe grad eng Hierarchie tëscht Culte a Culture, déi dës Mesuren eréischt an d’Liewe geruff hunn. De 15. Dezember muss diskutéiert ginn, ob d’Kinoen, d’Theater- an d’Kulturhaiser nees opmaachen. Wann d’Leit d’Interdictiounen net novollzéie kënnen, gi se rabbelkäppeg a maachen, wouno hinnen ass.
De Marc Baum klappt sech de Stëbs vum Paltong a verléisst de Büro.
Zeen 3. An der Kufa.
Ee Concert. Leit sëtzen op zwee Meter Distanz vuneneen, drénken ee Patt, proste sech vu Wäitem zou, rësele mam Kapp, schloen de Rhythmus mam Fouss mat. Et mierkt een, wéi deen een oder deen anere seng Loscht, wëll ronderëm ze danzen, ënnerdréckt. De Public ass ee Piano, dee just mat Sourdine dierf gespillt ginn. En décke Lamborghini, dee vun engem Bopche gefuer gëtt, deen d’Gaspedall net fënnt. Op eemol geet de Serveur duerch d’Reien, rappt de Leit hir Glieser aus dem Grapp, mécht de Bar zou a verschwënnt. Kuerz duerno kënnt ee Vigile a pucht d’Leit no an no eraus. Op der Bün hänkt ee Schëld: „Dës Show gouf ënnerbrach, well et de Politiker schäissegal ass“. Wärend d’Band am Hannergrond weiderspillt, gëtt en eenzelen Dësch beliicht. De RENÉ PENNING, Leeder vun der Escher Kulturfabrik, ass déi eenzeg Persoun am Raum.
RENÉ PENNING. Verschiddenes fannen ech gutt um Confinement. D’Rou. Manner Fligeren. D’Entscheedunge vun der Regierung sinn nawell e bëssen ongerecht, och wann ech net an der Haut vun de Politiker stieche wéilt, déi schwéier Entscheedungen ze treffen hunn. Dass net alles kohärent ass, kann ech novollzéien – mä wisou d’Lieux de culte dierfen opbleiwen, definitiv net. No dem Erfolleg vun eiser Summerbar wollte mer den Hierscht esou weiderplangen – mat méi klengen, lokalen Evenementer. Mä mir hu vill Concerts-Publikum – do ass de soziale Kontakt immens wichteg. Wéi mer de Bar am Kader vun éischten neie Moossnamen hu missen zoumaachen, huet dëst der Ambiance wierklech geschuet.
D’Luucht geet aus, an engem aneren Eck gëtt en aneren Dësch beliicht, op deem de MARC SCHEER, deen an der Kufa fir d’Musekprogramméierung verantwortlech ass, sëtzt. Virun him läit ee Kalenner, op deem vill Feiler an Nimm, déi ausgestrach goufen, ze gesi sinn. D’Band spillt weider. Si covert entre-temps „Sag alles ab“ vun Tocotronic.
MARC SCHEER. Virun e puer Méint gouf et een neien Elan, eng Dynamik, eng Motivatioun. Toun- a Luuchtentechniker ware frou, nees ze schaffen, de Public huet suivéiert, d’Iddi, eng méi lokal Programméierung mat Bands, déi ee soss éischter am klenge Sall optriede léisst, huet sech duerchgesat. Déi éischt Restriktiounen – kee Bar, zwee Meter Distanz a Maskepflicht – huet d’Unzuel vun den Zuschauer nees reduzéiert, mä mir konnte weiderschaffen. Déi nei Fermeture ass natierlech ee Schlag an d’Gesiicht fir d’Moral vun der Ekipp. Mir hu kee Confinement wéi am Frankräich, wou d’Regierung an denger Platz entscheet, wat wesentlech ass a wat net. Mä wann ech op sozialen Netzwierker tëschent enger Concerts-Annulatioun an enger Noriicht iwwert d’Infektiounen eng Reklamm fir de Black Friday ageblent kréien, froen ech mech, ob dat nach verhältnesméisseg ass.
De RENÉ PENNING an de MARC SCHEER ginn alternativ beliicht. D’Band spillt elo „Happy Virus“ vun den Hundreds.
RENÉ PENNING. Ech plangen näischt méi, wat iwwer siwen Deeg erausgeet. D’Virologe ginn dovunner aus, dass trotz der Impfung 2021 nach staark vum Virus wäert tangéiert sinn. Mir schubse grad eng Schnéiklatz virun eis hir. Wat mer méi Saachen ofsoen, wat et méi zu engem Kulturstau kënnt – wat d’Klatz souzesoe méi déck gëtt.
MARC SCHEER. Mir haten eis domat offonnt, bis Abrëll keng grouss Gigs méi z’organiséieren. Elo wësse mer net eemol méi, ob déi puer kleng Saachen, déi mer geplangt haten, iwwerhaapt nach kënne stattfannen. Et gëtt keng Planungssécherheet méi. A wouhi verlees de, wat deemno wéi scho verluecht gouf? Ab Abrëll hate mer eigentlech mat méi groussen Events gerechent, déi den Ament nach net ofgesot sinn. Wann awer elo schonn de klenge Programm an d’Waasser fällt, motivéiert dat engersäits net wierklech, anerersäits weess een iergendwann net méi, wouhi mat de Concerten. De Risiko dobäi ass, dass déi kleng Evenementer am Hierscht 2021 guer net méi wouergeholl ginn.
RENÉ PENNING. Mir versichen, de Kënschtler eis Raimlechkeeten elo anescht zur Verfügung ze stellen. De Sacha Hanlet vun Them Lights kënnt elo ee Clip dréinen, mir versichen, Residenze wéi d’Squatfabrik z’erweideren, d’Aircheck-Session an Zesummenaarbecht mam 100,7 gi weider. Nawell zécke mir, wann et ëm Streaming geet, och wann de Ministère eis encouragéiert, dorop ëmzesuedelen. Kulturevents sollen hire soziale Charakter behalen. Esou Projete kaschte Geld, ech gesinn net an, dat z’investéieren, wann de Video duerno 21 Mol op YouTube gekuckt gëtt.
D’Band hält de Concert op mat „100.000 Stühle leer“ vu Love A.
Zeen 4. Cloche d’Or.
Eis véier Theaterleit hunn d’Iddi entre-temps opginn, haut nach eppes anzekafen. Si sëtzen op enger Bänk mat engem waarme Kaffi, engem Schoki an engem Glühwäin an ee Béier. Wie wat drénkt sief der Fantasie vum Regisseur iwwerlooss. Si begéinen dem Claire Wagener an dem Jacques Schiltz, deenen hir Produktioun „Amadeus“ och dem Zoumaache vun den Theatere zum Affer gefall ass. Dass déi zwee ausgerechent op der Cloche d’Or sinn, ass engem Mangel u Kreativitéit vum Auteur ze verschëlden.
IAN DE TOFFOLI. Bei „Amadeus“ ass et lo och eriwwer, oder?
JACQUES SCHILTZ. Jo. An dobäi war et an de Woche virdru scho schwéier, iwwerhaapt nach ze schaffen, well permanent een, oder déi ganz Ekipp, huet missen an d’Quarantän oder an d’Isolatioun goen. Elo fillt et sech e bëssen un, wéi wann déi ganz Klass an d’Retenue muss, obwuel jidderee seng Hausaufgabe gemaach huet.
CLAIRE WAGENER. Dobäi kënnt, dass d’Prouwen am Theater net lineaire verlafen an dee Prozess aus sichen, a Fro stellen, nei probéieren, auserneenhuelen an erëm zesummesetze besteet, wouduerch et schwéier ass, de reellen Aarbechtsopwand no enger Ënnerbriechung anzeschätzen. Mir haten d’Chance, dass eis Première nach konnt stattfannen an de Projet sech deemno méi vollent ufillt a méi liicht verréckele léisst, wéi wa mir bei de Prouwen ënnerbrach gi wären a mir iergendwann an enger ongewësser Zukunft missten nei usetzen. Op alle Fall hoffe mer, dass eis Première net och d’Dernière gewiescht wäert sinn.
IAN DE TOFFOLI. Hutt der der Josée Lorsché hier Ried héieren? Zimmlech staark, de Passage, wou si seet, dass Infektiounsclusteren am Kino an am Theater ënnerbonne ginn, well d’Zuschauer „a béiden Etablissementer sëtzen an de Mond halen – also keng Aerosolen duerch Sangen oder Bieden an der Loft verspreeën“. Gefält mer gutt. (Hien drénkt eng Schlupp Glühwäin, verzitt de Mond, kuckt op säin Handy.) D’Sylvia Camarda fënnt et och schued, dass keng Kultur méi stattfënnt. Op Facebook steet: „Souguer am éischte wéi am zweete Weltkrich konnten d’Leit sech versammelen fir Guillemeten op Kultur Guillemeten zou ze kucken an ze lauschteren. Et ass ee Skandal, si maachen eis futti.“
Jiddweree stuerkt an de Buedem, iergendee pëspert: „Oh putain.“
JACQUES SCHILTZ. Themawiessel: Hutt der déi topeg „Amadeus“-Kritik am Tageblatt gelies? Vill ze vill Adjektiver. An de Kritiker werft eis e bësse vir, mir hätten eis Topegkeet der Seriositéit vun der Krise-Situatioun geaffert. (Rëselt de Kapp.)
MYRIAM MULLER. Dobäi ass d’Fro effektiv, wéi mer d’Thema vun der Pandemie verschaffen, wat mer doriwwer ze soen hunn. Et ass nach ze fréi, eis feelt d’kritesch Distanz. De forcéierte Fokus op d’lokal Zeen ass interessant, well et valoriséiert, wéi staark eisen Theater ka sinn. Mä esou ee Repli op sech selwer ass op Dauer ongesond, et wëll een dach gesinn, wéi aner Länner a Kulturen d’Kris verschafffen. De Go-Local-Slogan passt vläicht bei d’Akafe vu Geméis, awer net op d’Kulturzeen. A wat mir weiderhi Suerge bereet, ass, dass Leit, déi zu Léck schaffen, mengen, dass déi kleng Compagnien d’Kris net iwwerstinn a just déi grouss Haiser et aus der Pandemie packe wäerten. An ouni d’Counter-Culture geet d’Kulturlandschaft an d’Richtung vun engem Konsens, dee geféierlech a langweileg ass.
IAN DE TOFFOLI (trëppelt no vir, kuckt de Publikum mat engem Bléck tëschent Erausfuerderung a Roserei un, éiert e lassleet. Seng Stëmm kléngt rosen, awer och liicht resignéiert.)
Säit der Pandemie an dem Confinement, virun allem dësem zweete Confinement, weist déi liberal Regierung endlech, wéi se wierklech denkt, wat se wierklech vun all deene Plazen hält, wou d’Leit kritescht Denke léieren, wou d’Leit hirem Produktiounsalldag kuerz entkomme kënnen, wou se sech sammelen a fanne kënnen a kollektiv un der Gesellschaft schaffe kënnen, wéi den Theater, de Kino, mä och de Bar an de Restaurant. Ouni laang z’iwwerleeën, sinn déi Plazen all zougemaach ginn, wärend d’Shopping Mall, wéi der et grad gesitt, opbleift. Et ass kloer, dass d’Gesondheet – déi mental, déi een op deene grad genannte Plaze fleegt, an déi kierperlech – op kee Fall eng Prioritéit fir dës Regierung schéngt ze sinn, soss hätte se déi grouss Konsumtempelen zougemaach, oder zumindest méi streng gereegelt, an de klenge Commerce bevirdeelegt. D’Regierung mécht esou gutt wéi alles falsch – virun allem zwou Parteien an dëser Regierung enttäuschen –, wann ee wëllt eng méi gerecht, eng méi nohalteg, méi humanistesch an eng bewosst eduquéiert Welt an d’Weeër leeden.
Riddo.
(*) D’Gespréicher mat den eenzelne Leit hu genee esou stattfonnt, de Setting an d’Dramaturgie si vum Journalist erduecht an esou zesummegesat ginn, dass se Sënn erginn.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
« Léiwer eng Klassenretenue , wéi um Enn duerchfaalen. » Nicht dass sie meinen Kunst liege mir nicht am Herzen , aber in Krisenzeiten muss man Prioritäten setzen . Ob Kunst, Sport , Musik… man kann dies im stillen Kämmerlein geniessen, kann dank digitaler Technik bis ins Wohnzimmer hinein Konzerte, Theater, Lesungen ….organisieren.
Ein bisschen Kreativität und Initiativen zeigen, neue Wege gehen.
Kinos , Konzerthallen , Theater und Ausstellungen wieder öffnen, wenn keine Filme , keine Musik , keine Bühnenstücke und Bilder gezeigt werden dürfen ,würde eben soviel bringen wie Skiorte ohne Lifte und Restaurants in denen man den Langlauf praktizieren und Schnee essen darf , oder ?