Do., 5. Dezember 2024




  1. Robert Hottua /

    Der Fluch der Religionen. Ein wichtiger, gut formulierter Begriff. Dieser Fluch zieht sich durch die Jahrhunderte der Menschheitsgeschichte. Jahrzehntelang wurde er in der unfehlbaren, päpstlichen Bistumszeitung „Luxemburger Wort“ genährt. Jahrzehntelang beschäftigte diese Bistumszeitung sich in hervorgehobener Weise mit dem „alttestamentarischen Thoravolk“.
    MfG
    Robert Hottua

  2. rcz /

    Religionen und Traditionen sind Gift für den Frieden. Wird die KI diese Dummheiten aus der Welt schaffen können?

  3. Marc /

    Ech hu mat groussem Interessi ären Leitartikel «Krieg er Welten» geliest. Dir sidd also der Meenung, datt sech Israel NET verdeedegen däerf. Eng aner Interpretatioun léisst ären kloren NEE op d’Fro op Israel am Gaza intervenéieren däerf, net zou!
    Dir sidd also der Meenung, datt Israel seng Féiss soll héich leen, datt d’Hamas a Seelenrou seng nächst barbaresch a bestialesch Attack virbereede kann, fir hirem d’Ziel Israel (an domat d’Judden) auszerotten, méi no kënnt? Kuckt Iech emol eng Kéier déi Videoen an d’Fotoen un, wou d’Hamas de 07. Oktober kleng Kanner gekäppt huet, Puppelcher aus dem Bauch vun der Mamm geschnidden hunn, al Léit bestialesch ëmbruecht hunn a Frae vun engem Mob vun 20 Léit op déi schlëmmsten Aart a Weis wärend Stonne vergewaltegt gi sinn. Net dovunner ze schwätze vun de Biller wou Kanner un de Réck vun den Eltere gestreckt gi sinn, éier si zesummen erschoss goufen! Dir fannt des Biller, et muss ebe just e bëssi sichen, flait och op Pro-israeeleschen Säiten.
    An dorobber soll Israel Ärer Meenung net reagéieren? Stellt Iech des Fro emol nach eng Kéier. An da schwätze mir nach net vun deenen 250 Geiselen (och Kanner!) déi d’Hamas an de Gaza verschleeft hunn!! Ech liese keng Fuerderung vun Iech datt des Geisele solle fräi gelooss ginn! Géift Dir dat och net erwänen, wann een deen Iech nosteet dorënner wier?
    Datt Israel sech militäresch verdeedegt, ass nëmmen normal a entspriecht aller Logik. Jo, do kommen elo och onschëlleg Kanner an Erwuessener em d’Liewen a jo all Doudegen ass een ze vill. Mee dat ass net d’Schold vun Israel, mee geet ganz eleng op de Kont vun der palestinensescher Hamas. Sie hu mat hirer Attack de 07. Oktober d’Liewe vun hirem eegenem Vollek op d’Spill gesat, e Liewe wat der Hamas schäissegal ass, soss géife si jo keng Barrièren opriichten, déi d’Palestinenser dorunner hënnert aus dem Gaza ze flüchten. Déi wou et awer probéieren (nodeems si vun Israel gewarnt gi sinn), gi vun der Hamas erschoss! Gehéieren déi Doudeg och an déi 10.000 Doudesaffer, déi angeblech duerch déi israeelesch Bombardementer geschitt sinn? Och heivunner, gëtt kee Wuert vun Iech erwäänt.
    Datt elo eng Partie Zivilisten em d’Liewen kommen, ass net aleng d’Schold vun Israel, mee virun allem vun der Hamas, déi hier Tunnelen – wéi Dir richteg erwähnt – enner Spideler a Schoulen bauen. E weidere Beweis datt d’Hamas den Doud vun senger Léit strupellos a Kaaf hëllt.
    Mengt Dir wierklech datt en eegestännege palestinensesche Staat d’Léisung vun de Problemer wier? Sidd Dir wierklech esou naiv? Et ass wéi bei de klenge Kanner, gëff hinnen de klenge Fanger a si wëllen di ganz Hand!
    Et gëtt nëmmen eng Léisung, an dat ass d’Ausläschung vun der ganzer Hamas, nëmmen esou kënnen déi honnertdausenden Judden e bëssen a Rou liewen, eng Rou déi sie nom zweete Weltkrich méi wéi verdingt hunn.
    A wann Israel keng Hëllef an Ënnerstëtzung vun Europa an dem Rescht vun der Welt kritt, da musse si et eben eleng maachen … staark genuch ass hier Arméi … eppes wat net nëmmen d’Hamas ënnerschätzen.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos