Test-Concert / Mam Schnelltest op eng lues Reprise vum Event-Secteur zousteieren
Mat „Because Music Matters“ huet d’Rockhal d’lescht Woch fënnef Test-Concerten organiséiert, virun deenen d’Zuschauer sech hu missen engem Schnelltest ënnerzéien. D’Iddi wier, esou eng lues Reprise vum Event-Secteur an d’Weeër ze leeden. Mir hunn eis mam Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal, mam Virolog Claude Muller, mam Marc Scheer aus der Kufa a mam Michel Welter vum Atelier ënnerhalen – a waren op engem vun de Concerten.
Et war ee Bild ewéi aus engem poetesche Science-Fiction-Film: Virun e puer Méint haten d’Flaming Lips ee Concert gespillt, wou d’Zuschauer an enger Zort Seefeblos agespaart waren, fir esou d’Show z’erliewen, ouni d’Gefor ze lafen, sech géigesäiteg unzestiechen. D’Biller dozou si beandrockend – wien allerdéngs ënner Klaustrophobie leit, fir deen dierft d’Virstellung vun esou engem Concert alles anescht wéi agreabel sinn. Et ass dëst eent vu villen Zenarien, wéi de Concert vun der Zukunft kéint ausgesinn. Aner Varianten implizéiere Féiwer moossen, Schnelltester, Maskepflicht, Distanzéierung an eng begrenzt Unzuel un Zuschauer. Kuerz: Alles, wat de Concert-Aficionado bis elo gesicht huet – Fräiheet, d’Proximitéit zu aneren, Danzen, Béier – ass den Ablack, a wuel nach fir laang Zäit, gestrach.
Leschten Donneschden – ee vun de keelsten Deeg vum nach jonke Joer – war kee groussen Undrang virum improviséierten Test-Zenter bannent Belval-Gare. Dat louch engersäits dorun, dass, wéi d’ministeriell Virschrëften et wëllen, nëmmen 100 Leit am Sall erlaabt sinn, anerersäits awer och dorun, dass ech fréi u war – virum Concert treffen ech den Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal, fir mech mat him iwwert d’Konzept hannert „Because Music Matters“ z’ënnerhalen. Well amplaz just, wéi dat nach um Enn vum leschte Joer geplangt war, eng Serie vu fënnef Concerten z’organiséieren an esou der Loscht nozegoen, dem Public nees Musek unzebidden, koum d’Ekipp, wéi um Ufank vum Joer d’Kultur nees opgaangen ass, op d’Iddi, eppes ze maachen, „wouraus mer kënne fir d’Zukunft léieren an d’Verhale vum Virus an engem Concerts-Environnement analyséieren“, esou den Olivier Toth.
Konkret heescht dat: Den Zuschauer acceptéiert, sech virum Concert dépistéieren ze loossen – a genee eng Woch méi spéit mat enger Ordonnance, déi een den Dag nom Concert via E-Mail geschéckt kritt, an de Large-Scale-Test ze goen. Den Zäitplang war stramm: Tëschent 18 an 19 Auer sollt den zukünftege Public sech engem duebele Covid-Test ënnerzéien, um 19.15 Auer ginn d’Dieren an der Rockhal op, den DJ-Set vu Cleveland war fir 20 Auer geplangt. An der Praxis bedeit dat: Nodeems ee frëndlechen Här mat enger Aart iwwerdimensionéiertem Zanstocher a mengem lénksen Nueslach no viralen Indizie gewullt huet, dierf dat rietst och dru gleewen.
Ee Bändche mat enger Nummer erlaabt et dem Personal vun der Inspection sanitaire, ronn 15 Minutte méi spéit ze kucken, op d’Testresultat positiv oder negativ ass – an esou ze entscheeden, ob den Zuschauer eran dierf oder heem muss. Wou ee Bändchen an der staark codéierter Concertswelt soss bedeit huet, dass de Wee zur Bün fräi war, soll genee dëst Bändchen elo den Heemwee bedeiten – times they are a-changin’.
Phönix aus der Asche?
Mee fir d’éischt gëllt et, op d’Resultat ze waarden. Wärend ech also duerch d’Keelt ieren a versichen, een Espresso am ellene Belval Plaza opzedreiwen, kontaktéieren ech de Marc Scheer, Booker vun der Kulturfabrik. Iwwert d’lues Reprise vun der Rockhal ass de Marc Scheer frou: „Et ass virun allem gutt fir d’Kënschtler a fir de Public, mee och fir d’Mataarbechter vun der Rockhal, déi soss ee Rhythmus vun dräi bis véier Gigs d’Woch gewinnt sinn, déi all passionéiert sinn, an déi elo zanter Mäerz 2020 einfach net geschafft hunn.“ Anerersäits ass hien erstaunt an och erschreckt, dass zanter eelef Méint an der Rockhal näischt geschitt ass.
„Et ass e bëssen erstaunlech, dass d’Rockhal elo, an ech mengen dat net negativ, wéi ee ‘Phönix aus der Asche’ kënnt a seet, mir maachen am Allenggang Test-Gigs. Wa Schnelltester a Vaccinen nees eng Normalitéit an eis Industrie erabréngen, ass dat natierlech immens erfreelech, an et ass och gutt, dass ee vun den zwee ëffentlech-rechtlechen Etablissementer de Wee hëlt, well et europawäit vernetzt ass a sech et leeschte kann. Mee wa mer vu Pflicht-Tests oder esou guer Pflicht-Vaccine schwätzen, da muss dat mat enger gesellschaftlecher a politescher Debatt begleet ginn. Wéi d’Concerten deemools ugekënnegt goufen, war nämlech net kloer, dass se mat engem obligatoreschen Test verbonne wieren. Vläicht louch et och einfach un der schlechter Kommunikatioun – wat ee vu Säite vun der Santé net wonnere misst.“
Positiv fënnt de Marc Scheer den Impakt, deen esou ee Projet huet: „Mir organiséiere schonns zanter Mai nees Concerten – an dat huet kaum Leit intresséiert. Wann den Olivier Toth elo seet, dass hien de Leit nees wëll Hoffnung ginn, ass dat, ofgesinn dovunner, dass déi Posture e bëssen iwwerdriwwen ass, an deem Sënn net schlecht, well de Message vill méi Leit erreecht – esou eppes suergt an der Ëffentlechkeet fir Opmierksamkeet. Weiderhin ass d’Initiativ ze begréissen, well si dem Privatsecteur – ech denken un den Atelier, de „Gudde Wëllen“ oder de „Fly“ – kéint hëllefen. Déi allerdéngs bei den Test-Concerten auszegrenzen, vermëttelt e bëssen ee komesche Message.“
Musek zeréckbréngen, den Terrain virbereeden, d’Verhale studéieren
Een Espresso méi spéit stinn ech virun engem klenge Stand. De Mataarbechter kuckt d’Zuel um Bändchen, wénkt mech eran. Ech ginn duerch ee mobille Scanner, deen ausgesäit, wéi wann en aus iergendengem ale Sci-Fi-Film géif stamen. „No engem Austausch mam Team ware mer eis eens, dass d’Leit an nächster Zäit kaum wäerten acceptéieren, nees ofgetaascht ze ginn. Wärend deene fënnef Concerten teste mir dës Technologie, mir kucken, wéi effikass se ass a wéi de Public drop reagéiert. Dës Method erschéngt mir zukunftsweisend, a wa mir dat heiten an den nächste Méint mat méi grousse Capacitéite widderhuelen, da musse mer prett sinn“, esou den Olivier Toth.
Nieft dem Fait, dass Sécherheetsmoossnamen ouni Kierperkontakt am #metoo-Zäitalter wuel souwisou vu Virdeel sinn, integréiert sech dës nei Technologie an d’Konzept vun dësen Test-Concerten, bei deenen et eben och drëms geet, am Klengen ze testen, wat een duerno, wann d’Mesuren erfollegräich sinn an d’Welt net nees zoumécht, eent zu eent op déi grouss Hal iwwerdroe kéint. Konkret hunn dës fënnef Concerten nämlech dräi Funktiounen, erkläert den Olivier Toth: nees Live-Musek unzebidden, den Terrain oftaaschten, fir ze kucken, ënnert wéi enge Konditiounen den Transfert an de grousse Sall mat méi Leit kéint funktionéieren – an duerch Tester ze kucken, wéi sech de Virus an engem Concert-Environnement verhält (och wann een zanter dem Claude Meisch weess, dass de Virus säi Verhale reegelméisseg ännert).
„D’Fro ass: Wéi kann een den Transfert an de grousse Sall maachen? Wat passéiert virun der Bün, wat acceptéieren d’Leit, wat kanns de hinnen zoumudden, wéi wäit kanns de goen?“ D’Inspiratioun fir d’Test-Concerten war eng Studie, déi am August zu Leipzig gemaach gouf, an déi keen Eenzelfall sollt bleiwen – zanterhier goufen an enger ganzer Rëtsch vun europäesche Länner änlech Etuden duerchgefouert, déi genee deene Froen noginn, an déi zur Feststellung gefouert hunn, dass den Audio-Guidage vum Public (fir dass d’Leit de Sall net all matenee verloossen), d’Masken, d’Ventilatioun an déi och soss bekannte Mesures sanitaires d’Hiewele sinn, déi ee Relancement kéinten erméiglechen.
„Wat méi sou Initiative stattfannen, wat mer méi Perspektive kréien a mer duerno zesumme kënne virgoen – well mir schwätzen am Secteur mateneen a jidderee kuckt op dat, wat deen anere mécht, wann en dann eppes maachen dierf. Esou probéiere mir, géigesäiteg vuneneen ze léieren – fir dass mer an e puer Méint nees kënnen opstoen“, sou den Olivier Toth. „Ee groussen Deel vun deem, wat mir am Alldag gemaach hunn, wa mer Concerte gemaach hunn, ass, fir d’Sécherheet vun all de bedeelegte Parteien ze suergen. D’Pandemie gesellt sech zu all de méigleche Risikofacteuren. Domat gëtt se net bagatelliséiert.“
Ganz am Géigendeel sinn d’Mesurë fir dësen Test-Concert dann och vläicht extravagant. Wien den Ament an den Theater, an d’Philharmonie oder an d’Kufa geet, huet am Sall déi nämmlecht Aschränkungen – eng Oplag vu maximal 100 Leit, zwee Meter Distanz a Maskepflicht. An dat, ouni den duebele Schnelltest an d’Waarden an der Keelt.
Et freet sech, ob een d’Leit net, well jo dobanne jiddereen negativ getest gouf, net hätt kënne virun der Bün danze loossen. De Set vum Cleveland hätt dat nämlech verlaangt, deen no engem e bëssen zéien Ufank iergendwann immens dancy gëtt, wärend sech lues a lues lëfteg Melodien erausschielen, déi séier nees an der Däischtert verschwannen. Da wierkt et zimmlech komesch, dass d’Leit wéi verstengert op hire Still sëtze bleiwen.
Keng Extrawurscht
„Mir hunn d’Decisioun getraff, dass mer d’Evenementer esou realiséieren, wéi et vum Gesetz virgesinn ass. Et ass een Test-Concert wéinst den zousätzleche Couchen, déi mer uewen dropleeën, net, well mer eis zousätzlech Fräiheete ginn: De Concert wollte mer esou maachen, wéi mer en dierfen, a mir wollten net aus där Saach erausklammen. Dat hätt ee vläicht kënnen, an deem Stadium, wou mer waren, hu mer et awer fir richteg fonnt, et an deem Kader vun Aschränkungen ze beloossen a vläicht an engem nächste Schrëtt méi wäit ze goen. Kloer wäert d’Konzept, wéi mer et elo duerchzéien, bei deem enge Genre besser funktionéieren ewéi bei engem aneren.“ An effektiv kann ee sech d’Venue vum Club mat 100 Leit amplaz vun de méiglechen 1.100 wärend dem Singer-Songwriter-Owend méi treffend virstelle wéi wärend engem Electro-Gig.
Ob een dann net hätt kënne méi fréi, wéi Kolleegen aus anere Musikshaiser et ebe gemaach hunn, nees ufänken – dës Fro beäntwert den Olivier Toth mat engem „Jo an nee“, éier hie ganz wäit aushëlt. „Et ass wichteg, ze betruechten, dass mir vum Finanzéiermodell hier hybrid sinn. Dofir si mir drop ugewisen, dass mer eise grousse Sall, wou bis zu 6.000 Leit erapassen, kënne bedreiwen. Kleng Capacitéite sinn do komplizéiert, well se op Dauer einfach net viabel sinn. D’Käschten, déi opkommen, wa mer de Club oder déi grouss Hal mat 100 Leit bedreiwen, stinn a kenger Relatioun.“ Nieft dem ekonomesche Facteur hätt et awer och gedauert, bis een ee Konzept op d’Bee gestallt hätt, dat funktionéiere kéint – wat mat de Moossnamen, déi dauernd geännert hunn, net evident war. „Mir hate lo net, wéi d’Flaming Lips, u Bulle geduecht, mä mir haten d’Iddi, Kreesser vun zwee Meter Duerchmiesser ze zeechnen, an deenen d’Leit dann awer hätten danze kënnen“, erënnert sech den Direkter vun der Rockhal.
Mat der Studie vu Leipzig koum en éischte Liichtbléck, dass elo awer nees Musek an der Rockhal gespillt gëtt, läit deelweis un engem Webinar vun der Arena Resilience Alliance, enger Lobby vun der European Arenas Association. Eng zentral Fro vum Webinar vum 8. Dezember huet sech mat der Problematik vum Délai befaasst: Wann et europawäit een Zeeche sollt ginn, dass nees dierf getourt ginn, si vläicht d’Hale prett – mee d’Museker, déi sech vun Ofso zu Ofso schleefen, hu wuel opgehalen, ze plangen, esou dass dann ee Lach vu bis zu néng Méint kéint entstoen, bis Touren organiséiert sinn. An deem Kontext hat ee Panelist d’Arena als Nuef vun engem Velosrad bezeechent (d’Nuef ass dat Stéck an der Mëtt, un deem d’Speechele befestegt sinn.)
„Den Ablack dierfen d’Leit schaffen, ma si hu keng Plaz, wou si dat kënne maachen, well mir aus der Équatioun erausgezu goufen. Wat passéiert? D’Speechele falen doruechter, d’Rad funktionéiert net. Mir siche grad ee Seuil minimal, dee viabel ass, fir dass mir eppes kënne maachen, wat gesondheetlech a wirtschaftlech drobar ass. Well wann d’Nuef laang genuch aus dem System ass, da fänken d’Speechelen un, futti ze goen, an däi Rad rullt net méi.“ Am net metaphoresche Kloertext heescht dat: Un der Arena hänken esou vill Existenzen drun, dass den Ecosystem zesummefällt, wa si hir Funktioun fir eng laang Zäit net ausübe kann.
Concertshalen an de Pappa Staat
Elo ass et awer esou, dass et an dësem Ecosystem net just ëffentlech-rechtlech, mee och privat Betriber gëtt. A wann déi hir zentral Funktioun den Ablack net kënne wouerhuelen, da läit dat dorunner, dass et fir Plaze wéi den Atelier oder de „Gudde Wëllen“ zurzäit onméiglech ass, eppes ze maachen. „Et gëtt ee Problem oder eng Particularitéit zu Lëtzebuerg“, esou de Michel Welter vum Atelier. „Eis Kulturlandschaft besteet zu engem immens groussen Deel aus ëffentlech-rechtlechen, staatlech konventionéierte Gebaier. Dat huet seng Virdeeler, féiert awer dozou, dass Privatstrukture wéi mir ënnerrepresentéiert sinn. Dofir hu mir manner Gewiicht, et gëtt kee Lobbying. Wann et allerdéngs, soe mer, dräi privat Concertsorganisateure vun eiser Gréisst géif ginn, dann hätte mer méi Gewiicht. Wann am Ausland eng Hal ëffentlech-rechtlech ass, ass de Veranstalter meeschtens privat. An déi privat Veranstalter regroupéiere sech dann, well hinnen dann éischter nogelauschtert gëtt.“
Wéi de Marc Scheer begréisst de Michel Welter d’Initiativ vun der Santé, sech fir de Relancement z’intresséieren, a fënnt et konsequent, dass d’Rockhal dat iwwerhëlt: „Mir kéinten dat net maachen, dat kascht en Heedegeld. Am Oktober konnte mer nach Saachen organiséieren, elo awer brauche mer méi Planungssécherheet. Wat mir brauchen, ass méi grouss wéi mir. Mir brauchen d’Fräiheet, dass Museker sech zu 35 an e Bus kënne sëtzen, dass si aacht Länner a 14 Deeg ofklapperen an duerch voll Säll touren. Fir kënne rentabel ze sinn, musse grouss Toure voll gepak sinn, do geet et net, Lächer ze hunn an dann einfach ze soen: Okay, da gi mer haut eben an de Restaurant. Am Summer hate mer lokal oder semi-lokal Events gemaach, mir hate Kënschtler aus Saarbrécken, déi den Dag vum Concert konnten heihi fueren. Mee souguer dat geet elo net méi. Fir dass dat nees geet, muss et eenheetlech EU-Direktive ginn. An dat ass net fir de Summer.“
Dat gesäit och den Olivier Toth esou: „Glécklecherweis oder onglécklecherweis hu mer nach e bëssen Zäit, well den Ament keen dovunner ausgeet, dass de Retour vun de grousse Capacitéiten an den nächste Méint wäert stattfannen. Aus enger Haleperspektiv ass et fir mech wichteg, ze verstoen, wéi den Artist tourt a wat deen, pardon my french, kéint a mäin Haus erabréngen. Den Artist stellt sech natierlech hoergenee déi nämmlecht Fro, well en de Risiko vun enger Tour huet. Wann hien am Bus fir ee proppert Environnement fir sech a seng Matkënschtler suergt, mee si sech bei mir an der Hal eppes oprafen, dann ass de Rescht vu senger Tour vreckt. Mir hunn den Ament nach Zäit, op d’Wëssenschaft ze lauschteren, fir ze kucken, wéi mer mat deem Risiko kënnen ëmgoen.“
Dat war nämlech dat drëtt Uleies vun den Test-Concerten: op d’Wëssenschaft ze lauschteren. Fir erauszefannen, wat d’Wëssenschaft seet, hu mer eis mam Virolog Claude Muller ënnerhalen: „Éischtens ass d’Etude, ouni wëlle wëssenschaftlech spëtzfëndeg ze sinn, methodologesch net ganz präzis: Den Test, deen eng Woch duerno am Kader vun der Large-Scale-Campagne gemaach gëtt, ass just ee PCR-Test, keen Antigen-Schnelltest, an e gëtt ausserdem net duerch d’Nues gemaach, mee an de Rachen, wou een ebe liicht manner fënnt. Wann 100 Leit getest ginn an duerno eran dierfen, da missten och 100 Leit getest ginn an nees heemgeschéckt ginn, fir eng negativ Kontroll ze hunn. Wann elo am Large-Scale-Testing kee positiv getest gëtt, da kann een och ouni déi negativ Kontroll soen, dass kee sech um Concert ugestach huet. Wann awer lo vun 100 Leit der zum Beispill aacht positiv waren, dann heescht dat nëmmen eppes, wann een déi negativ Kontroll erbäizitt, a kuckt, wéi vill der do positiv sinn. Falls déi negativ Kontroll net gemaach gouf, ass d’Fro: Gëtt et aner Zuelen, déi ee kann erunzéien? Et kéint ee Leit am Large-Scale-Testing aus dem nämmlechten Alter als Échantillon benotzen. Wann der do zwee vun honnert positiv waren a bei den 100 Leit um Concert 15, da kéint dat eppes iwwert d’Infektiounsgeschéien an der Rockhal aussoen.“
De Relancement als neie Godot
En attendant gestallt sech d’Reprise fir de Privatbetrib méi wéi schwiereg: „Mir funktionéiere grad wéi ee Schnéicamion“, verbildlecht de Michel Welter. „Mir drécken d’Events virun eis a si stapele sech héich. Ech hunn ee Kalenner, op deen ech scho keng Loscht méi hunn ze kucken, do sinn eng 100 Concerten, déi andauernd no hanne geréckelt ginn. Een dovunner hu mer elo fir d’drëtt verluecht. Iergendwann gëtt de Juli zougemaach oder et kommen nei Contrainten an et kann ee vläicht Open-Air-Saache maachen, mat Distanz a Mask an am Sëtzen. Mee bis mer kënnen nees eragoen, op Hollerech, an ausverkaafte Concerten, wat den Alpdram vun all Virolog ass, dat dauert. Mir hunn nawell e puer Piste fir de Summer, well mer Loscht hunn, Saachen ze maachen. Et wäert alles Open Air sinn an op Zesummenaarbecht mat aneren Haiser opbauen, well mir dat eleng net kënne stemmen.“
Apropos stemmen: Wéi laang kann den Atelier nach duerhalen? Engersäits kritt d’Ekipp zwar Chômage-Allocutiounen, anerersäits war et 2020 net liicht, fir staatlech Ënnerstëtzung ze kréien, déi dem Atelier hëlleft, d’Frais fixes ze decken – wat dorunner läit, dass den Atelier eng S.àr.l. ass. „Wann et haart op haart kënnt, muss keen an der Rockhal op säi Privatkonto zréckgräifen – mir allerdéngs schonn.“ Eng – provisoresch – Léisung schéngt allerdéngs a Siicht ze sinn: De Ministère des Classes moyennes bitt eng „Aide aux frais non couverts“, déi sech un den Horesca an den Événementiel riicht. „Mir kruten nach keng Zouso, mee et gesäit gutt aus. Dat géif eis op alle Fall hëllefen, de Kapp iwwer Waasser ze halen. Mir brauchen déi Hëllef: Eisen Ëmsaz läit grad bei null. Et fällt manner op, dass Organisateuren, Toun- a Luuchtentechniker grad duerch d’Netz falen, well et der manner gëtt.“ Déi Hëllef ka fir d’Méint vum November 2020 bis Mäerz 2021 bezu ginn an ass vum Lex Delles op Drock vun der LEA, der Luxembourg Event Association, där den Atelier och bäigetrueden ass, an d’Liewe geruff ginn. Wéi d’Chancë stinn, och eppes fir d’Zäit vum éischte Lockdown erëmzekréien, ass ongewëss. „Ech hu geléiert, ee Pessimist ze sinn“, mengt de Michel Welter.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
« B E C A U S E C O V I D M A T T E R S. »