Esch22 – Richtung22 / Manner Mënsch, méi (Geld)maschinn: Richtung22 dréit d’europäesch Kulturhaaptstad zu Gruef
Fir d’Begriefnis-Party vun Esch 22 huet sech d’Kollektiv Richtung22 esou munches afale gelooss: Wärend enger Pressekonferenz, zu 50 Prozent gehale mat Feieralarm, gouf a Präsenz vum Kinnek Agora dem Éischten an der Fancy Grey op d’Joer zeréckgekuckt, owes gouf dës Performance net just widderholl, mä ëm d’Projektioun vum Kuerzfilm „Esch a Flamen“ an eng Rei vun Ofschloss-Concerten ergänzt.
„Eist Kulturjoer ass endlech eriwwer. Engersäits ass dat eng Erliichterung, anerersäits awer och ee grousst Soulagement.“ Mat dëser energesch-resignativer Aleedung gouf um 28. Dezember Esch22 vum Fancy Grey, dem Evil Twin vun der Esch22-Koordinatrice Nancy Braun, am Bâtiment 4 zu Gruef gedroen. Knapps sechs Deeg no der offizieller Ofschlossfeier mat enger Hellewull u Rieden a Sech-dichteg-op-d’Schëller-Klappen an der Rockhal, huet d’Konschtkollektiv Richtung22 d’Begriefnis gefeiert. Dobäi ass d’Läich vun der Kulturhaaptstad nach wotlech, hongreg kreesen d’politesch Geier ronderëm a froe sech aus sécherer Distanz, wéi an ob een den Debakel fir d’Waljoer ka rentabel maachen.
Um Ufank vun dësem freedege Begriefnis stoung eng satiresch Ried vun der Fancy Grey. Als éischt gëtt si eng Rei Mercie lass: dem Fonds Belval, „fir den häerzlosen Accueil an engem häerzlose Quartier“, der Konschthal an dem Bridderhaus, „fir guer näischt“, an der Press, fir hir „Diskretioun am Ëmgang mat der Haaptstad“, éier de feelenden internationalen Interessi – „wéi dacks huet den Escher Kulturservice missen déi puer Leit virun der Gromperekichelchersbud zielen, bis e behaapte konnt, et wiere 60.000 Leit op der Nuit de la culture gewiescht“ – de Lëtzebuerger Zentralismus – „Leit koume vun iwwerall hier, vum Lampertsbierg, vum Belair, vu Gaasperech“ – an de Ruff vum Escher Kulturschäffen, dee sech an e Palais mat „Subventioune, Koks a jonken Ugestallten“ zréckgezunn hätt, op d’Schëpp geholl ginn. An hirer Conclusioun mengt d’Fancy, nom Kulturjoer kéint de Georges Mischo endlech nees Froen iwwer „gescheitert Sportsprojeten amplaz Froen iwwer gescheitert Kulturprojeten“ beäntweren.
Duerno begleet eis de Kinnek Agora (Luc Lamesch) duerch eng Retrospektiv vum Kulturjoer aus der Perspektiv vun de Richtung22-Projeten – an zielt vu sengem Recrutement vum Dan Kaemmpfer, engem jonken Agent vun Eescht a Jonk, mat deem sech de Kinnek op de Wee gemaach huet, fir Esch vreckt ze urbaniséieren, a vun der Resistenz vun de Leit vun ënnen, geleet vun der daperer Journalistin Barbara Dos Santos, déi no engem pseudo-demokratesche Prozess de Killtuerm erof gepucht gouf. Wärend am mëttlerweil propperen – heescht: just nach mat räiche Lëtzebuerger peupléierten – Esch déi steeräich Awunner mat engem Chrëschtdag-Album iwwert hir eidel Existenzen sollen ewechgetréischt ginn, bleift et an de Favelae vun Audun-le-Tiche, wou d’Frontaliere mat engem Generalstreik droen, wibbeleg.
Mat gedréckten Exemplare vun der fiktionaler Dageszeitung La lingua rossa, Videoclips, Kuerzfilmer, Vlogs, Theaterstécker, Aktiounen an Happenings, ass den Esch22-Projet vu Richtung22 net just opwänneg a multimedial, mä huet och een duerchaus usprochsvollen erzieleresche roude Fuedem, deen vun der Aart zielt, wéi den Neoliberalismus, gefiddert vun der Politik, dem Staat, de Kapitalisten an zyneschen Entrepreneuren, alles, wat net zu sengem Wuesstum bäidréit, platt walzt, fir esou säin Dram vun enger eendimensionaler Gesellschaft ze verwierklechen.
No bei de Leit
„Konscht muss no bei de Leit sinn”, schreift Richtung22 an engem rezente Communiqué. Konscht muss iwwerhaapt näischt, kéint een engersäits äntweren – virun allem awer muss se immens midd sinn, zanter Joerhonnerte virgeschriwwen ze kréien, wat se alles si soll. „No bei de Leit” ass den neie Richtung22-Film definitiv net: de Kuerzfilm „Esch a Flamen” weist eng dystopesch Welt, an där Resistenzlerinne no enger onendlecher Energie-Quell sichen, déi et ze fanne gëllt, éiert déi Al Garde se privatiséiere kann.
Eng jonk Resistenzlerin (Hana Sofia Lopes) ass dobäi op der Sich no der Mic (Nora Koenig), déi sech virun hir op d’Sich no der Quell gemaach huet an ënner Verdacht steet, d’Missioun sabotéiert ze hunn. Gläichzäiteg kritt si wärend halluzinogene Flashbacks ëmmer nees gesot, si dierft d’Vergangenheet net änneren, well et soss onendlech vill Versioune vun der Wierklechkeet wäert ginn.
Op Belval geroden d’Figuren ëmmer méi an Zäitschläifen, verduebele sech, bleiwen hänken an hänke sech u kapitalistesche Slogans an enger Endlosschläif op. Et denkt een un dem David Lynch säin „Inland Empire”, un dem Richard Kelly seng Avantgarde-Science-Fiction-Filmer, un dem Rian Johnson säi „Looper”, ma och un de William Gibson. D’Kapitalismuskritik kënnt dobäi, wéi och dee fir de Kollektiv soss typeschen Humor, e bësse kuerz – de Film ass donkel, d’politesch Lutte geréit séier an den Hannergronn, well dem Film e bëssen den Zesummenhang feelt: Vill méi wéi een (ze) kuerzt Sträitgespréich doriwwer, op Energie net de Grondstee vun der kapitalistescher Exploitatioun ass, gëtt et leider net.
Gläichzäiteg wierkt d’Haaptduerstellerin mat Momenter e bësse, wéi wa se selwer net richteg wéisst, wat hir Roll am Film wier; déi puer Dialogsequenzen, wärend deenen et ëm kybernetesche Kapitalismus geet, wierke gestallt an onnatierlech. Nawell bleiwen engem eng Rëtsch Biller a Sequenzen am Kapp pechen, déi erfrëschend weird sinn – dat an enger Lëtzebuerger Kinolandschaft, déi oft zimmlech eendimensional ass. Méi no bei de Leit waren déi ofschléissend Concerte vu Guinivara, All Reitz, Reserved, Rubin Kind an Edsun.
Den Aarsch tëschent de Still
Bei aller legitimmer Kritik befënnt sech Richtung22 oft mam Hënner tëscht zwee Still: Engersäits gëtt sech d’Kollektiv antikapitalistesch, anerersäits huet de Goss vun Esch22 dësen opwännege Programm iwwerhaapt eréischt erlaabt. Dëst huet vläicht och zur leschter Pressematdeelung gefouert, déi méi Sträitschrëft wéi Communiqué war: Hei wollt een d’Hand, déi ee fiddert, net ze fest bäissen, wouwéinst de Communiqué ganz ouni Ironie dovunner erzielt, wéi Esch22 zu dem Opdauche vun enger „scène artistique et innovante” gefouert huet – eng utopesch Interpretatioun vun dësem Joer, déi ee grad dësem soss esou kritesche Kollektiv net ganz ofkeeft. Esou erhält een – och well Richtung22 eis hei, wéi och am Recht vun der Meldung, Beispiller schëlleg bleift – den Androck, mat där „scène artistique innovante et vibrante” wier haaptsächlech de Kollektiv selwer a seng Sympathisante gemengt.
Eng objektiv Kritik um Stellewäert vun der Kultur zu Esch ass anescht, Richtung22 bezitt sech am Communiqué haaptsächlech op dem Kollektiv seng eege Situatioun an deelt aus, ouni seng Argumentatioun mat Beispiller, Zuelen a Fakten ze beleeën – am Allgeménge gëllt, dass, wann d’Kollektiv op Zuelen zeréckgräift, engersäits Äppel (60.000 Visiteure bei der Nuit de la culture) mat Bieren (2,6 Millioune Visiteuren iwwert ee ganzt Joer zu Kaunas) verglach ginn (wat schued ass: dass Kaunas seng Saach däitlech besser gemaach huet, hätt een anescht a méi iwwerzeegend kënne beleeën) an anerersäits vun „des dizaines de milliers de personnes“ geschwat gëtt, déi Richtung22 mat hirem Esch22-Projeten touchéiert hätten … eng Hyperbole, vun där een am Pamphlet-Kontext net richteg versteet, ob a wéi ironesch se gemengt ass. All dat ass schued, well eng Rei vu Kritikpunkten – besonnesch un der Aart, wéi Esch gedenkt, an Zukunft säi Kulturbudget ze dilapidéiren – duerchaus legitim an interessant sinn.
Dës Schizophrenie huet sech quasi metaphoresch am Bistro kondenséiert, wou een e Mëttwoch säin Duuscht op Spende-Basis läsche konnt: Op der Menüskaart stoung pro Gedrénkskategorie een „don minimal“; wien um Comptoir bestallt huet, krut déi Zomm dunn awer einfach wéi an all anerem Café och gefrot. Et ass duerchaus selbstverständlech, fir Gedrénks Goss ze verlangen – mä op alternativ ekonomesch Modeller ze bauen fir ze weisen, dass et och anescht geet, just fir duerno awer nees an eng ganz gewéinlech kapitalistesch Transaktioun ze verfalen, wierkt iergendwéi onéierlech a beweist op eng traureg Art, dass de Mark Fisher vläicht awer richteg louch, wann en der zynescher Margaret Thatcher Recht ginn huet: „There is no alternative.“
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Wow, es gibt sie noch ! Die kritische Stimmen, sogar in Luxusbuerg 🙂