So., 19. Januar 2025




  1. Jeff /

    Här Kemp, wisou soll e Kontrakt verlängert ginn, den net vu béiden Säiten erfëllt gëtt? A wann Dir esou besuergt em d‘Hongersnout an der Welt sidd, wisou hudd Dir d‘Sanktiounen géint den Dünger dann net Kritiséiert? Wisou hudd Dir den Europaeschen Commerce mam Ukraineschem Gut net Kritiséiert, an net ugeprangert dass et net un déi Aarm Länner, déi ënnert Hongersnout Leiden geet?

  2. gkemp /

    @Jeff
    Dat ass eeben de Probleem: Russland wëll d’Ofkommen net méi erfëllen an e.a. op zivil Schëffer schéissen. D’Ofkommen ass jo extra duefir gemaach ginn, fir dass zivil Frachtschëffer vun der Ukraine aus sécher kënnen duerch d’Schwaarz Mier fueren. Schlëmm ass jo, dass Russland dat do net zouléisst, wat am Rescht vun der Welt ganz normal ass.
    Ech si fir Sanktiounen géint Russland, dofir kritiséieren ech se net. Russland kann awer säin Dünger ueschtert d’Welt verkafen, esou wéi se dat, trotz Sanktiounen, e.a. och mat Ueleg a Gas maachen.
    Den drëtten Saz hunn ech net ganz verstan (?).
    Natierlech kréien och aarm Länner Kären aus der Ukraine, e.a. Ägypten, Bangladesch, Äthiopien, Yemen, Afghanistan, Sri Lanka, Sudan. Et ass awer Russland, dat zB UNO-Hëllef fir honnertdausende Leit déi a Syrien a Nout sinn, am UN-Sécherheetsrot blockéiert.
    MbG

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos