Märchenadaptatioun / Politesche Systemwiessel emol anescht: „All d’Déieren aus dem Bësch“ scheit net virun eeschten Theemen
„All d’Déieren aus dem Bësch“ ass e pertinent Theaterstéck, dat eng staark politesch Botschaft vermëttelt an dës och fir Kanner faassbar maache wëll. Als Adaptatioun vun engem Grimm-Märchen erweist sech d’Produktioun vum Groussen Theater doriwwer eraus als e wonnerbar arrangéiert Gesamtkonschtwierk mat verwonschener Atmosphär.
Am duebele Sënn fantastesch ass d’Théaterstéck „All d’Déieren aus dem Bësch“. Engersäits ass et nämlech, wéi och um Ticket steet, „fräi adaptéiert nom Märche Bridderchen a Schwesterchen vun de Bridder Grimm“. D’Geschicht spillt also an enger Welt, an där Magie hir fest Plaz huet, déi bewunnt gëtt vun ausgefalene Personnagen a verzauberte Kreaturen. Do wier zum Beispill de Kinnek (Philippe Thelen), deen opgrond vu senger Onsécherheet als strengen Herrscher zwar wuel net vill daacht, méi dofir ëmsou méi gutthäerzeg a déif-mënschlech eriwwerkënnt.
Hie gëtt begleet vu sengem extravaganten Entourage: dem Jeeër (Raoul Schlechter) an och dem witzegen Duo Gisel (Anouk Wagener) an Quisel (Max Thommes), dat eréischt méi spéit an dat kinneklecht Schlass eragespullt gëtt. Ze nenne wieren natierlech och d’Schwëster (Julie Kieffer) an de Brudder (Dominik Raneburger). Si sinn als Figure wuel am buedemstännegsten, mee dofir net manner sympathesch. Wou se kleng waren, goufe se vun der herrlech béiser Hex Madamm Malfi (Nora Koenig) adoptéiert, déi hirersäits nach e biologescht Kand huet: d’Ginette (Anne Klein). Dëst wiesselt herno d’Säiten a gëtt zu engem gudde Charakter. De mystesche Kosmos komplett maachen déi wonnerbar danzend Déieren, vun deenen de Bësch wimmelt. Si ware virun hirer Verwandlung déi Jonk vum Kinnekräich an duerfen zum Schluss vum Stéck erëm hir mënschlech Form unhuelen.
Hin zu enger besserer Gesellschaft
Mat dësem faarwege Figure-Sammelsurium ass d’Stéck gutt bedéngt. D’Geschicht, déi sech ëm eng Intrig vun der Madamm Malfi dréit, kann hire Laf huelen. Dass sech no etleche klenge wéi fesselnden Zeenen erausstellt, dass d’Hex hir Duechter mam Kinnek bestuede wëll, fir als „Superministesch“ faktesch eleng ze regéieren an en totalitäre Regime en Place ze setzen, markéiert den dramateschen Héichpunkt kuerz virun der harmonescher Opléisung. De Plang vun der Madamm Malfi gëtt verhënnert an d’Monarchie gëtt op Réckfroe vum Kinnek hin an eng Demokratie ëmgewandelt. Dass d’Happy End am Endeffekt kee romantescht, mee e gesellschaftlecht ass, bréngt frësche Wand an de Genre vum Märchen, sou wéi mir et mëttlerweil virun allem duerch d’Disneyfilmer kennen. Sou gëtt aus der Hochzäit tëschent der Schwëster an dem Kinnek näischt, mee dofir duerf jiddereen un der politescher Féierung vum Land participéieren.
Fantastesch ass „All d’Déieren aus dem Bësch“ och, well et eng wierklech kuckenswäert Kreatioun mat engem schéine Message ass. Den Text, deen aus der Fieder vum Elise Schmit staamt, ass genau sou gutt komponéiert wéi d’Schauspill als Ganzt: D’Bünebild ass opwänneg a mat immenser Léift fir den Detail gemaach, duerch déi zäitlech gutt placéiert a beandrockend Effekter mécht d’Inzenéierung ënnert der Regie vum Anne Simon dem Begrëff Spektakel all Éier. D’Actricen an d’Acteuren iwwerzeegen ausnamslos an hire Rollen, sou datt et onfair wier, verschidden Nimm erauszepicken: Unerkennung hunn se all verdéngt. Weiderhi begräift „All d’Déieren aus dem Bësch“ eng flott Danz-Opféierung wéi och – opgepasst – e märchenhafte Concert vum Ensembel United Instruments of Lucilin mat an. D’Zesummefléisse vun de Kënscht mécht d’Stéck zu engem richtegen Theater-Highlight.
Schued ass just, dass d’Inzenéierung, déi zwar wuel net als rengt Kannerspektakel geduecht ass, mee virun allem e jonkt Publikum unzitt, en ze schnellen Tempo huet an ze komplex war, fir datt och déi klengste Spectateure deem genau folge kéinten, wat op der Bün geschitt. Esouguer als Erwuessene brauch een ee Moment, fir an d’Stéck eranzefannen, well et direkt mat zimmlecher Geschwindegkeet – wat d’Dialoger an d’Handlung ugeet – ufänkt. Well d’Musek eng gewësse Lautstäerkt huet, muss ee sech ëmsou méi konzentréieren, fir d’Gespréicher ze verstoen. Dat deet dem Stéck keen Ofbroch, mee e méi konkreeten Hiweis, dorop, wéi e (Mindest-)Alter den uviséierte Public sollt hunn, wier warscheinlech net vu Muttwëll gewiescht.
Weider Matwierkend
Choreographie: Elisabeth Schilling
Bün: Mélanie Planchard & Lynn Scheidweiler
Kostümdesign: Ágnes Hamvas
Kompositioun: Pascal Schumacher
Luucht: Nina Schaeffer
Regiemataarbecht & Assistenz: Sally Merres
Choreographesch Assistenz: Malcolm Sutherland
Kreatioun Mask & Coiffuren: Joël Seiller
Néiesch: Manuela Giacometti
Garderob: Fabiola Parra & Cathy Tinelli
Mask: Joël Seiller, Emilie Franco, Jasmine Schmit, Meva Zabun
Accessoiren: Marko Mladjenovic
Produktioun: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
- „und zerbröselt in vierzig stückchen illusion“: Tom Webers Lyrikband „fluides herz“ erzählt von Zerfall und Neubeginn - 19. Dezember 2022.
- Wir müssen die Lyrik befreien: Warum die Dichtung trotz ihrer Präsenz in den Medien ein Image-Problem hat – und wie sich das ändern kann - 27. November 2022.
- Mehr Akzeptanz fürs Kinderwunschlosglück: „Nichtmuttersein“ von Nadine Pungs - 4. September 2022.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos