Mo., 20. Januar 2025




  1. Onzefridden Post Client /

    Effektiv! Mir kruten nach mi oft den Noper hir Post, zb. Extraits bancaires, Bluttanalysen oder Kliniksrechnung…! Eng Schlamperei an e Gehasels mat violation du secret postal ! Päck sinn och 2x op eng komplett falsch Adress geschéckt ginn, 30km weit weg! Si hunn dunn 5 Deeg Retard gehat winst Feeler am Tri… an et hänkt een all Dag 1/2 an hirer Leitung fir Info!

  2. Forget Päck mat Post /

    Wann de pak mat amazon „im verteilerzentrum luxemburg angekommen ist“ an dann nach puer deeg op falsch adressen duercht land ‚geliwwert‘ gett, mailt amazon brav fir all dag retard: „durch widdrige umstände bei post lu verspätet“ !

  3. jemp /

    E Geheimtip fir d’Post: Bréifdréier astellen, déi liese kennen. Dat heescht, se mussen all d’Buchstawen an all d’Zifferen richteg benenne kennen. Et geet net, datt e schelle kennt, dem Client de Bréif weist a freet, ob dat um Bréif deen Numm ass, den ob der Bréifkescht steet, béid an Drockbuchstawen.

  4. Arm /

    @Onzefridden Post Client & Forget Päck mat Post/ Do kann ech nëmmen voll a ganz zoustëmmen. Hun d’Bréifdréiesch dorop ungeschwacht a sie huet arrogant gemengt „dat ka virkommen“.
    Nie war d’Post esou lues, schlecht an (net all) esou onfrëndlech an arrogant.

  5. Client dhl /

    Am Tri fir t´Päck ze Betebuerg geet alles drenner an driwwer. Cf photos Kuddelmuddel. Do gett deselweschte Pak all puer Deeg nees gescannt, noweislech am tracking, ier en endlech beim richtege Client ukennt !

  6. Gariuen /

    @Onzefridden Post Client

    „Effektiv! Mir kruten nach mi oft den Noper hir Post, zb. Extraits bancaires, Bluttanalysen oder Kliniksrechnung…! Eng Schlamperei an e Gehasels mat violation du secret postal !“

    Bei eis ass et datselwecht. Och packup@home ass onméiglech, wann ech eng SMS kréien et wär et Pak op der Terrass, da muss ech ronderëm d’Haus lafen op et net awer am Dreckskëschten-Abris ass oder am Schapp oder am Gaardenhaischen oder einfach am Reen an der Passage.

    An d’Terrass et steet UM PAK!

    A wann der an engem Haus wunnt, wou e puer Leit Packup@home hunn, da kritt meeschtens deen d’SMS deen am Alphabet vir läit, mä net dee fir deen de Pak ass.
    Déi kréien näischt méi hin.

  7. de Schéifermisch /

    Die Postämter werden immer weniger und bald muss man zum Bäcker, Metzger, ins Lebensmittelgeschäft oder, wie in Lorentzweiler, zum Elektriker gehen um ein Paket aufzugeben oder abzuholen.Hinzu kommt, dass manche Briefträger an der falschen Adresse einwerfen oder zu bequem sind die Pakete , bei Abwesenheit des Empfängers, an der vereinbarten Stelle zu hinterlassen.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos