So., 6. Oktober 2024




  1. j.trweiler /

    Verstinn ech dat richteg: „quiet quitting“ ass, wann en employé grad esou vill schafft wéi e Staatsbeamten?

  2. m.c.dr /

    @j.trweiler
    Nee, dat ass wann een keen Bock méi op permanent Deemütegungen, Beleidigungen a Verallgemeinerungen ewéi “du bass sou liddereg wéi ee Staatsbeamten” huet an dann esou wéineg bezuelt gëtt dass een sech knapps nach een Aapel an ee Stévk Brout ka leeschten.
    Déi toxesch a permanent herresch Arbeschtkultur déi eis Grousseleteren an Eltere al “normal” empfond hunn ass eriwwer. Zukunft vun der Arbechtswelt baséiert op individuellem Respekt a Matgefill, eppes wat schwéier ze verstoen ass fir sou muncher.

  3. j.trweiler /

    @m.c.dr: Laut Statec 2016 verdingen d’Staatsbeamten 50% méi wéi d’employéen op vergleichbare Plaazen. D’Arbechtsleeschtung vun Staatsbeamten vis-à-vis vun deenen employéen ass e gudden Drëttel manner, Beispill Staatsbibliothek an hiir Vakanzstudenten. Dir macht och wéi wann all employé sech misst dauernd beleidegen loossen. Dat ass furchtbar falsch. Ausserdem, wann en employé neischt foutéiert, kann en seng Plaaz verléieren. Beim Staat get en dat versaat, a well een bei enger Versetzung „steigt“… Dir geheit do alles durchenee wat een nëmme kann durchenee geheien.

  4. m.c.dr /

    @j.trweiler
    Et ass ëmmer einfach mam Fanger op déi aaner ze weisen. Wat hëlleft mir Är Argumentatioun iwwer “liddereg Staatsbeamten”, wann ech net mol am Usatz mat souengem Gedankegang d’accord sinn.
    Dat ass jio genee déi Ironie em déi et jio grad hei geet, ech mengen dat ass dat wat dir net verstitt.

    Ech hunn och net gesot dass sech jidder Employé ëmmer misst beleidegen lossen, dat ännert awer naicht um Fakt dass een passiv-aggressivt wann net souguer een aktiv-aggressiv Ëmfeld zum Arbechtsalldag vu Villen haut an irgendenger Form gehéiert. (Et geet scho lass mat sou Verallgemengerunge wéi “liddereg Staatsbeamten”).

    An et ass zumols dann och oft de Fall wann ee schon ee Virgesetzen do sëtzen huet deem säin Titel an seng Zuelen em méi wichteg ass wéi seng Matarbechter (joo, dat gëtt et och beim Staat wéi am Privatsekteur). Dat ass och ee Grond wéisou een sech dat net méi wëll bidde loossen.

    Sou oder sou, ech hunn et selwer elo 15 Joer lang an sämtleche Betrieber matgemacht an wees wat ech elo als Patron mat besser ze maachen hunn. Ech si mer ganz genau bewosst em wat et geet an wéi d’Arbechtsplaatz vu muer soll ausgesinn.

  5. j.trweiler /

    @m.c.dr.: ech soen nirjends, d’staatsbeamten wäre lidderech. Halt op, mir dat viir ze werfen. Awer ech soen, dass hiir Arbechtsleeschtung en Drëttel ënner deem leit, wat en employé am Privatsektor muss bréngen. An e Staatsbeamten verléiert praktesch nie seng Plaaz, zB virun 4 Joer deen, deen sénger Fra honnertdausenden Euro zougeschoustert huet. Probéiert dat emol am Privatsektor. Werft mir neischt viir wat ech net geschriwen hunn. Iwrejens, wann eng Privatfirma neischt kann geet se faillite. Huet dir scho je vun engem Staatsservice héierren, dee faillite gemaach huet. Dir a Patron… Ënn vun der Diskussioun.

  6. m.c.dr. /

    @trweiler
    An wat genau ass dann äre Punkt wan der net soen wëllt dass se lidderech? Ech gesinn keng aaner Conclusioun zu Ären Aussoen.

    An et ass effektiv einfach een Enn vun enger Diskussioun ze fuederen wann engem d’Argumenter ausgin.

    Jio, ech Patron, a suguer mat guddem Succès.

  7. Phil /

    Da gitt mol rondrem d’Groussgaass kucken. Do gesitt dir der genuch aus der Generatioun „Zzzz“ déi sech géint „Hustenkultur“ an fir eng „Quetschequittung“ respektiv en „Wörkleifgläichgewiicht“ entscheed hun. Ze erkennen un enger gebéckter Sëtzhaltung mat engem eidelen Kaffisbecher am Grapp. Zwee Äermercher, zwee Beenercher an e Käppchen op de Schëlleren…. mä schaffen goen, nee Merci!

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos