Mo., 20. Januar 2025




  1. Muller Guy /

    Vill vun eerem Gestenkers géint den Salvini as mat den Hoer herbei gezun gin an secher och iwerdriwen. Ech hun den Typ och guer net geer, bleiwen awer um Buedem. No enger schlemmer an haptsächlech durch Korruptioun geprägter Zeit vun Berlusconi & Co huet Italien demokratesch gewielt an den Salvini & Co as d’Resultat vun deenen Wahlen. Dat muss en leider sou akzeptéieren. Op et gut oder schlecht as decidéieren d’Italiener bei deenen nächten Wahlen. Wat lo sein „Frend“ Orban ugeet. Hien as an Ungarn beléift an hellt scheinbar déi richteg Déciounen fir sein Land. Bei allen Wahlen bis lo guef hien bestätigt. Dat kann an muss eis jo net gefallen, den Ungarn schon. Hien as jo och net den Premier vun Lëtzebuerg. Den Orban as, an dat héieren an liesen déi meescht net geeren, den enzegen Europäischen Politiker deen sech un den traité vun Dublin hält. D’Réalitéit as (leider) anescht wéi dir dat wellt. Dat muss en dann sou huelen an op besser Zeiten warden. Dat get awer, duerch Clownen déi Politiker spillen, an villen aneren EU-Länner vermasselt. Bessen méi objektiv Kommentären w.e.g. Dat fällt Iech vleicht schwéier. Oder losst et einfach sin.

  2. Jemp /

    De Misär ass, datt iwerall an Europa déi traditionnel Parteien, an net ze vergiessen, déi Gring awer och alles machen, fir datt esou Orbanen a Salvinien un d’Macht kommen. Als ofschreckend Beispill kann een do den F. Bausch opzielen, deen et faerdegbrengt och an dee läschten Eck nach en Iwerwachungsroboter ze stellen, an harmlose Bopen a Bomen, déi nach nie am Liewen en accident haten, 50 € ofknäppt, well se 4 km/h ze séier gerast sinn. Eng aner Kalwerei ass et z.B. glat kee Problem mat enger CO2-Fabrik wéi Google ze hunn, a gläichzäiteeg op eng Aféierung vun enger CO2 Steier fir och dee leschten Daciaspuersamfuerer ze drängen. Am Frankräich mecht de Macron dee selwechte SCH… , an d’LePens laacht sech an d’Fauscht. Wa wirklech esou Rietsdiktatoren erem un d’Macht kommen, mat all hire Sauereien, déi se da mache wärten, da wärt ze erwaarde sinn, datt déi, déi dat souzesoen ugestiwwelt hunn, duerno op deeselwechte Grill gehäit ginn. Halt op, e Polizeistaat unzeséinen, well soss kritt der wirklech een !

    • Nëckel /

      De Fränz Bausch ass Schold drun, dass den Salvini an Italien gewiehlt gouf ? Na ja ………….. Ausserdem: All déi, déi sech un d’Regelen vun der Verkéiersuerdnung halen, gin a Rou gelooss. Déi, déi sech net kënnen oder wëllen drun halen, déi sollen bezuelen. Ech fillen mech op alle Fall net gepiesakt.

  3. Grober J-P. /

    Loosst iech emol iwersetzen wat den H. Salvini bei gewëssen Interviewen vun sech gin huet. Vun Objektivitéit vun senger Säit keng Spuer.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos