/ Schluss mit Flügen von Saarbrücken nach Berlin: Luxair kappt Flugverbindung
Zwischen Saarbrücken und Berlin wird ab Ende des Jahres keine Luxair-Maschine mehr fliegen. Das teilt das Unternehmen am Mittwochmorgen mit. Der aus bis zu drei täglichen und 18 wöchentlichen Flügen resultierende Aufwand erreichte „keine wirtschaftliche Nachhaltigkeit“ – der erhoffte Gewinn für Luxair blieb also trotz Werbemaßnahmen aus.
Kunden, die bereits Flüge auf der Strecke Saarbrücken – Berlin über den 31. Dezember hinaus gebucht haben, werden von Luxair kontaktiert und die betreffenden Flugtickets werden erstattet. Wer auf die Verbindung angewiesen ist, kann aber beruhigt sein: die dänische Fluggesellschaft DAT tritt übergangslos die Nachfolge von Luxair an. Die Verbindung von Luxemburg nach Berlin wird von der luxemburgischen Gesellschaft weiter beibehalten.
- Luxair streicht zwei Flüge nach technischen Problemen - 21. Januar 2025.
- Überfall nach Online-Date: Täter bedrohen Opfer mit Schusswaffe und fliehen - 21. Januar 2025.
- Tankstelle der Aire de Capellen schließt für Autos - 21. Januar 2025.
Das war zu erwarten
Der Blödsinn die Luxair betreibt Stecken wie Alicante oder Valencia nicht mehr zu bedienen ist ja genau so auch nicht nachzuvollziehen, Wohlwissend das viele Luxemburger und Grenzgänger dort Häauser haben um Ferien zu machen, diese nehmen dann jetzt wieder die Ryanair.
Genauso wie die Strecke nach Bari die im Winter nicht bedient wir.Man brauch ja jetzt nur bei Ryanair zu schauen, diese Strecken sind immer Ausgebucht.
Dann aber Strecken von Saarbrücken nach Berlin, und das mit einer zwichen Landung, da müssen Leute Verantwortung übernehmen die nicht genau wissen was Sie tun.
Aber dann nachher sich beklagen über billig Flieger die den Markt aufräumen ist natürlich sehr einfach.
Ich frage mich wie lange die Luxair das noch machen kann, wo ja jeder weis das ohne Luxairtours und Luxaircargo die Luxair es nicht schaffen würde gegen die Internationale Konkurenz.
Dann mal weiter so
Sou lang de Staat als Aktionär, net op d‘ Dividenden drëckt,
geet alles gemittlech weider um Findel.
Wann ech Aktionär wär, geif lues a lues anescht investéieren.
Da mol raus mat der Sprooch.
Also. Wat soll et sinn?
Méi grouss Fligeren? Transatlantesch Flich? Huet déi leschte Kéier d’Firma bal an de Ruin gedriwwe wéi se et mat enger 767 probéiert haten.
Déi wichtegst Grousstied a wichtegste Fluchhäfen hu se.
Heathrow mécht kee Sënn wéinst BA, Frankfurt wéinst LH, Amsterdam wéinst KLM, Bréissel wier eng Kalwerei, Istanbul wéinst Turkish Airlines. Just Berlin feelt als Direktverbindung an dat ass keen Hub mee e Chantier. Moskau ass eng domm Iddi a bréicht d’Office eng 737, obwuel souvill Leit garantéiert net géife matfléien.
Wat also dann? D’Salairen drécken? Vill Gléck domat.
Fligeren delokaliséiee wéi Alitalia? Kéint goen, bréngt net vill.
Personal delokaliséiere wéi Ryanair? Kéint Stress mat der Justiz ginn.
Mat engem Minimum u Personal schaffen? Maache se souwisou schonn.
D’Präisser erofsetzen? Kloer, da verdénge se manner Suen, kréien d’Personal net bezuelt, de Produit gëtt net besser, a ginn da Faillite. An da musse mer d’Office mat enger Firma fléien, déi et mat de Sozialgesetzer net sou genee hëlt. Verschidde Leit schéngt dat awer mat hirem Gewësse kee Problem ze bereeden…
Also…?
„Personal delokaliséiere wéi Ryanair? “
Delocaliséieren? Et ass eng Iresch Gesellschaft. D’Luxair bezilt hir Leit och net anescht wann se zu Berlin oder Prag landen fir e puer Stonnen.
Luxair hat immer jedes Jahr zwischen einer und 2 Dutzend Millionen Defizit im Flugbetrieb.
Am Besten sie würden es endlich aufgeben und das Feld denjenigen überlassen die damit Geld verdienen.
Und dann? Kommen Ryanair, easyJet usw. mit unterklassigem Angebot und einer Behandlung der Fluggäste wie Vieh? Oder Emirates mit hochpreisigem Angebot und einer Behandlung des Personals wie Vieh? Nur so als Observation: die anderen verdienen Geld, weil sie entweder das Personal kaum bezahlen oder nichts bieten, im Falle von Ryanair sogar beides. Ryanair ist fliegender Sozialbetrug.
„Kommen Ryanair, easyJet usw. mit unterklassigem Angebot“
An engem Raynair-Fliger huet ee méi Plaz wéi an engem Juxair-Q400.
An dir wëllt eis jo net hei eng kréckelen a soen ouni dat fantastescht Iesse vun der Luxair géif een et keng Stonn packen?
Thomas Cook war „gënschteg“, fir verschidden Airline’en.
Elo fueren nach e puer „hardcore Klimaskeptiker“ op DUBAI
oder QATAR – an duerno geet et nees besser !
Flei’en muss een Mindestpreis hunn fir Sozialdumping um Flugpersonal ze verhenneren !
Et muss jo och net Jenni an Menni , subventionei’ert vun der Allgemengheet, flei’en kennen !
Klengen Tipp: Genee dat ass de Modell vu Ryanair. Se riichten oft nëmmen dann en Hub op engem klenge Fluchhafen op, wa se vun der lokaler Politik oder Geschäftswelt Suen nogehäit kréien. Sou geschitt zu Beauvais „bei“ Paräis an op villen anere Plazen. Et gehéiert zum Geschäftsmodell vun enger Firma wéi Ryanair, datt d’lokal Politik sënnlos hir Plazen an de Fligere mat Sue fiddert, fir méi bëlleg ze fléie wéi d’Konkurrenz.
Wie mat Ryanair flitt, ass bal automatesch bei deem Beduckse vun der Allgemengheet dobäi. An dat ass dann och Bedruch um Personal vun anere Gesellschaften.
Soulaang wéi sech d’europäesch Politik do keng afale léisst, mussen och déi grouss Gesellschaften dorënner leiden, an nach vill méi déi mëttelgrouss Gesellschaften. Eng Verbesserung ass just da méiglech, wann entweder iwwerall dee selwechte Salaire minimum muss bezuelt ginn, oder d’Personal muss no der Gesetzgebung vun deem Land fléien an deem et och seng Basis huet. Genee dowéinst hat jo och Ryanair scho seng Basen a Frankräich zougemaach, well se d’Personal zwar do schaffen haten, awer net nom (méi deieren) franséischen Tariff. Dommerweis war dat de Geriichter opgefall… mee dofir gëtt elo op anerer Plaz sou weidergemaach.
„Wie mat Ryanair flitt, ass bal automatesch bei deem Beduckse vun der Allgemengheet dobäi. “
Nee, do kréien ech e bëssi vu menge Steiergelder erëm.
„Genee dowéinst hat jo och Ryanair scho seng Basen a Frankräich zougemaach, well se d’Personal zwar do schaffen haten, awer net nom (méi deieren) franséischen Tariff. “
Sou gesäit d’EU et vir.
Soll dann och all Camionschauffer dee vun Oslo op Marbella fiert all puer km anescht bezuelt gi, jee nodeems a wat fir engem Land se grad sinn?
Déi Leit vu Ryanair si keng Stonn am Frankräich, da fléien se erëm zréck.