Interview mam Serge Tonnar / Sech d’Fangere knaschteg maachen
Dem Klasseclown an 52-järegen Enfant terrible Serge Tonnar ass an der Pandemie esou munches virgeworf ginn: Plogeescht, Knouterjang, Schwurbler, Impfgéigner si just Extraiten aus enger laanger Lëscht vu Reprochen. Am Fred Keup an Tom Weidig hirem Propagandawierk soll hien am Géigendeel mat Luef erwäänt gi sinn. Dem Kënschtler seng Reaktioun an de soziale Medien: „Dorop verzichten ech.“ Net verzichte kann hien allerdéngs op d’Musek, wouwéinst dëse Samschden no fënnef Joer Stëllt säin neien Album „Jo an Amen“, an deem et vill, awer net nëmmen ëm d’Pandemie geet, an der Kufa virgestallt gëtt. D’Tageblatt huet sech mam Museker iwwert seng nei Band, déi schwiereg Corona-Joren, säi politescht Engagement bei „déi Lénk“ an, natierlech, seng nei Musek ënnerhalen.
Am Zuch fir op Miersch erënneren ech mech un de Buttek, deen ech mam Serge an de leschte Jore wéinst Artikelen, déi ech (iwwert hien) geschriwwen hunn, krut, an deen zu engem mëttlerweil legendären Telefonsgespréich matten an der Nuecht – an an der Nuecht vum Confinement – säin Héichpunkt fonnt huet. Virstelle kann ee sech dat e bësse wéi esou ee stëbsege Cowboy-Duell. Just eben digital, am Lockdown, a mat ze vill Wäin.
Am Mierscher Proufsall schéngen all Animositéiten allerdéngs op d’Säit geluecht – hei geet et ëm d’Musek, ëm Holzweeër, op deene sech jiddweree mol verleeft, d’Band verhandelt spilles verschidde Variatioune vum Opener vum Serge senger neier Plack, engem Album iwwert d’Pandemie an déi gesellschaftlech Kluft tëschent de Leit, déi wiisst a wiisst.
Am Gespréich duerno geet et ëm déi schwéier Zäit vum Confinement, ëm d’Schreiwe vu Musek an enger Zäit, wou een net méi weess, wat maache mat de Lidder, déi een eng Zäit laang net huet dierfe spillen. An der Kichen, wou den Interview stattfënnt, ënnersträicht de Serge seng Aussoe rhythmesch, andeems e mat der Hand op den Dësch klappt, wéi wann en am Rhythmus vu senger Syntax en nächst Lidd géif sichen.
Tageblatt: An de Jore virun denger neier Plack hues du dech vill mat der Musek an den Texter vun anere beschäftegt – ech denken un d’Iwwersetzung vum Lao Tse sengem „Tao Te King“, en Theaterstéck vum Roger Manderscheid, a Cover-Versioune vun national an international bekannte Lidder. War der déi Distanz zu dengem eegene Schafe wichteg, a wat huet dat mat dir gemaach, musikalesch?
Serge Tonnar: 2018 hunn ech quasi ee Joer ee Sabbatical mat menger Fra gemaach, well ech de Besoin hat, e bëssen Distanz ze kréien. Dat Joer drop hu mer du mat Legotrip opgehalen. Deen Ament hunn ech missen aner Weeër sichen, fir meng Konscht ëmzesetzen. D’Iddi, den Tao ze iwwersetzen – obwuel et ebe keng 1:1-Iwwersetzung, mä méi eng eegen Interpretatioun vum Lao Tse sengem Wierk ass – koum, well mech dat Buch gepräägt huet. Ech hu mech do eragestierzt an ech hu fonnt, dass dat géing klappen: Et huet mech passionéiert, fir mat der Sprooch ze schaffen an net just meng eege Saachen ze maachen. Et war effektiv eng excellent Manéier, fir sech komplett vu sengem Egotrip ze distanzéieren. Wann s de deng eegen Texter schreifs, bass de ëmmer mat dir selwer beschäftegt. Hei bass de am Déngscht vun engem aneren Text an du probéiers, dat esou gutt wéi méiglech ze maachen, mat dengem beschte Kënnen a Wëssen. Op a wéi een Afloss dëst op meng Aarbecht hat, weess ech net sou direkt, réckbléckend kann ech just soen, dass déi Distanz scho wichteg war. Am Mäerz 2019 koum dann eng aner Distanz, déi net erwënscht war, a mat där all Mënsch huet misse kloerkommen.
Wéi bass du mat der forcéierter Distanz kloerkomm? A wéi war et, dës Plack wärend der Pandemie ze schreiwen?
Et ass déi schwéierst Gebuert, déi ech jee hat – ech hoffen awer, dass een et dem Album net unhéiert, dat soll net Zil vun der Saach sinn. An de leschte Jore gouf et vill Adversitéit a mengem Liewen: d’Band, déi net méi do ass, mäin Depart vum MASKéNADA-Kollektiv, dat ech 25 Joer laang mat geleet hunn, d’Pandemie, wärend där Streidereien opkoumen, déi net onbedéngt Pandemie-bedéngt waren, mä déi doraus entstane sinn, dass d’Leit an där Zäit einfach immens ugespaant waren – a fir dat Ganzt quasi ofzeronnen, ass quasi ee Berufsverbuet fir Kënschtler ausgeruff ginn. Ech hat grad „Aner Lidder“ erausbruecht, wéi ech an de Cactus gaange sinn a gesinn hunn, dass den CD-Rayon op Veruerdnung vun der Regierung zougepecht gouf. Do frees de dech dann iergendwann: Wéisou méchs du déi Aarbecht? Gëtt et iwwerhaapt nach eng Aussiicht? Als Museker konnt ee guer näischt méi plangen, vun enger Tournee guer net ze schwätzen. An da vergeet der och d’Loscht, nei Lidder ze schreiwen, well s du dech frees, fir wien s de dat iwwerhaapt nach méchs. Ech schreiwe keng Lidder just fir mech selwer, fir mech ass a bleift et en Zil vun der Musek, ënnert d’Leit ze goen.
Ech huelen un, dësen anxiogenen Zoustand huet och de Schreifprozess vum Album beaflosst?
Et war definitiv ustrengend: Ech hunn an der Pandemie een, zwee Lidder eenzel erausbruecht, Saache probéiert, se ganz eleng gemaach. Wéi nees alles opgaangen ass, hunn ech Museker gesicht – al Gesiichter an neier –, an esou ass déi nei Band lues a lues zesummekomm. Ech hunn dat neit Material ab dann och fir déi Band geschriwwen. Wann s de ganz eleng bass, frees de dech nämlech och – fir wien, fir wéi eng Leit schreifs de, fir wéi eng Instrumenter? Ech sinn déi Zäit och eleng opgetrueden, well ech als onofhängege Museker Sue verdénge muss. Dat war och moralesch wéi op enger Achterbunn, wat vill mat de Moossname vun der Regierung ze dinn hat. Eemol hunn ech an engem Park gespillt, eleng op der Bün. Ronderëm war alles zougespaart, nëmmen déi Leit, déi en Test gemaach hunn, koumen eran. An där Aart Käfeg waren dann ongeféier 20 Leit, wärend baussen, ronderëm, op zéng Meter, eng 100 Leit stoungen. Dee Moment sees de der: Hei ass iergendeppes net normal. An du frees dech: Bass du agespaart oder sinn déi dobaussen ausgespaart? A bass du net just nach den Entertainer an engem System, dee grad absurd Moossnamen trëfft?
Du hues déi Moossnamen als eng hefteg Aschränkung an dem Ausübe vun denger Aarbecht empfonnt …
Absolut, jo. Den 2G war natierlech schlëmmer wéi den 3G-System, well ech en als Verletzung vun de Mënscherechter empfonnt hunn. Net méi aus sanitären, mä aus reng repressive Grënn ass gesot ginn: Déi Leit kommen hei net eran. Mir Kënschtler oder d’Kulturhaiser hunn en plus missen exekutéieren, wat mer do operluecht kruten, well mer eise Public jo hu missen zu Tester zwéngen. Du has Kënschtler, déi net geimpft sinn, Kolleegen, déi dech dann net lauschtere koumen. Mir si vun Ufank un infantiliséiert an net responsabiliséiert ginn. Wann s du d’Leit wéi Kanner behandels an duerno awer verlaangs, dass se vum selwe Solidaritéit weisen, dann ass et kloer, dass et zu genee deene Protester kënnt, déi et dann och gouf, an déi esou wëll nach guer net waren. Schold droen déi absurd Moossnamen, déi Aart, wéi dat alles vun eiser Regierung gereegelt gouf. Wann et däi Beruff ass, ënnert d’Leit ze goen, da frees de dech op eemol: Wëlls de dat nach? A wéi soll dat weidergoen?
Gesäis du mëttlerweil eng Zort Luucht um Enn vum Tunnel u Restriktiounen, Oplagen an Hürde fir Kënschtler?
Fir mech ass et nach laang net eriwwer, well de Public ëmmer nach zéckt, och wann een dat am Summer, mat de sëllegen Open-Air-Festivaller an de ville Concerte vun international bekannten Acts, manner gemierkt huet. Dowéinst, a well vill vun den net-professionellen Organisateuren, mat deenen ech oft ze dinn hunn, och retizent sinn, d’Veräiner an Asbl’e keng Loscht méi hunn oder et se net méi gëtt, hunn ech fir den neien Album, zumindest fir den Ablack, keng Tournée geplangt.
Haaptthema vun „Jo an Amen“ ass d’Pandemie, et geet awer och ëm d’Ëmwelt, d’Mamm Natur, déi bei dir ëmmer schonn eng wichteg Roll gespillt huet. An engem méi large Kontext séngs du vill iwwert d’gesellschaftlech Kluft, déi d’Pandemie méi visibel gemaach huet, op „Guer keng Fro“ kritt een esouguer ee Bëttel-Sample ze héieren, an engem Lidd, an deem den Himmel ( DP-)blo ass. Ass dëst däi politeschsten Album? Dee polemeschsten?
Déi meeschte Kënschtler ignoréieren d’Pandemie an hirer Konscht. Et gëtt bis elo kaum Filmer, an deenen d’Pandemie eng droend Roll gespillt huet, an et gëtt, ofgesi vun esou enger Zort Lockdown-Tagebicher, och bal keng Literatur dozou. Ech wollt a konnt dat net ignoréieren, well ech souwisou ëmmer iwwer Saache schreiwen, déi hei passéieren an elo aktuell sinn, a well et awer eppes war, wat eisen Alldag total op d’Kopp geheit huet. Mä ech hu mech mat der Wiel, iwwert d’Pandemie ze schreiwen, natierlech op ee wackelegen Terrain beginn. „Muer ass ofgesot“ war nach eng méi poetesch Aart, mam Thema ëmzegoen, „Fäertaasch“ war méi explizit, wouwéinst ech dann och direkt an de Schwurbler-Eck gedréckt gouf.
War Autozensur ee Problem?
Du waars an enger Situatioun, wou s de net méi wousst: Wat kann ee soen, wat net? Déi eng hu sech radikaliséiert a si streng an onkritesch op der Linn vum Staat an der Segregatioun bliwwe, op där anerer Säit has du déi radikal Corona-Skeptiker. Dertëscht gouf et eng Majoritéit vu Leit, déi sech eigentlech weder zu där enger nach zu där anerer Grupp higezu gefillt hunn. Esou bal s du eppes gesot hues, bass de an een Eck gedrängt ginn, wouwéinst sech vill Leit net méi getraut hunn, de Bak opzedinn. Mir goung et um Ufank nämmlecht. D’Atmosphär war esou anxiogen, dass ee sech net méi getraut huet, eppes ze posten, well ee geduecht huet: „Elo gëss de zerrass.“ An ech sinn och zerrass ginn. Beim Schreiwen hunn ech mer déi Fro allerdéngs net gestallt, well een als Kënschtler soss iwwerhaapt näischt méi mécht. Nawell war et ee laange Prozess. Normalerweis plangen ech ni en Album, mä wann ech bis ufänken, geet et relativ séier. Hei war dat net de Fall. An de roude Fuedem, no deem ech gesicht hunn, war am Endeffekt dunn d’Band an de gemeinsame Klang, dee mer zesummen entwéckelt hunn.
Wa mer vum Klang schwätzen: Op „Fäertaasch“ gëtt et Ska-Elementer, op „Léiwer Hergottsblieschen“ an „Iwwerall wou ech higinn“ quasi klassesche Blues, den Opener „Holzwee“ huet Latino-Gittare wéi eppes vun enger Calexico-Plack. Wéi géifs du den Album stilistesch beschreiwen?
Verschidde Songs si quasi fäerdeg, wann ech se opgeholl hunn, well ech hei mäi klengen Home-Studio hunn. Anerer hu ganz vill Entwécklunge matgemaach. Dass mer esou vill Zäit fir déi Plack haten, hat och seng Virdeeler: Esou konnt ech méi laang u Saache fréckelen, eleng oder och mat der Band, an dat och nach wärend den Opnamen. Ech hat ewell laang keng elektresch Gittar méi gespillt an ech hunn, well mam Dirk Kellen op den Drums a mam Ben Claus op der Uergel méi ee rockege Klang entstanen ass, meng E-Gittar nees ausgepak, déi elo och méi prominent um Album fungéiert. Wat de Blues ubelaangt: A menger Museker-Generatioun hu mer all mam Blues ugefaangen. Dat war souzesoen d’Basis. Du waars ee 17-järege Spund, ee wäisse Lëtzebuerger, deen de Blues gesongen huet. Dat war eng Aart Schoul, soss war net vill do, et gouf e bëssen Hard Rock an Heavy Metal, mä dat koum méi spéit. Op dëser Plack héiert een da mäin éischte Blues, deen ech op Lëtzebuergesch opgeholl hunn. Ech mengen, Blues muss authentesch sinn an aus der Panz kommen – an ech hoffen, e kléngt och esou.
Mam Blues-Cover vu „Léiwer Hergottsblieschen“ fënnt een op der neier Plack nees eng Zort Deconstruction, e Spill mat dem Lëtzebuerger musikalesche Patrimoine, dee méi diskret och an „Iwwerall, wou ech higinn“ ze fannen ass – wat zu denger Démarche artistique, géif ech mol soen, dozougehéiert. Wann ee bedenkt, dass et vläicht genee déi Ausernanersetzung mam Lëtzebuerger Patrimoine ass, déi der ee Stellewäert am Keup-Weidig-Opus ginn huet, iwwerleet ee sech et dann zweemol, éiert ee sech mat esou Lidder beschäftegt – oder méchs du et ebe grad dowéinst?
Ech iwwerleeën net esou. Als éischt maachen ech eppes – an eréischt duerno kommen déi intellektuell Interpretatioune vun deem, wat ech gemaach hunn. Et ass seelen esou, dass déi intellektuell Motivatioun virun der Konscht do ass an ech mer soen: „Elo maachen ech dat, an da bewierkt dat dëst.“ Ech hunn effektiv vun Ufank un ëmmer nees Zeilen aus populären a patriotesche Lidder geholl, wéi bei „Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“ – well dat iergendwéi an eisem Subconscient dran ass. Dat kënnt dann erop, du veränners dat e bëssen, an d’Leit kënnen eppes domat associéieren. Bei „Léiwer Herrgottsblieschen“ ass et natierlech déi Zeil „Looss déi jonk Leit liewen an déi all Leit stierwen“, déi mech intrigéiert huet, besonnesch wann een se op d’Pandemie bezitt, wou déi Jonk total ignoréiert gi sinn an alles gemaach gouf, fir déi Al ze schützen – och wa mer elo mierken, dass net genuch gemaach ginn ass, fir déi eeler Leit ze protegéieren. Wat ech méi mat dem musikaleschen Ierwe gespillt hunn, wat mer méi bewosst gouf, dass Leit, déi vläicht méi riets sinn, sech dovunner ugesprach kéinte fillen: Ech si sécher, ech hu Fans, déi éischter patriotesch sinn, déi elo net onbedéngt Rassiste sinn, mä déi an hirem Denken agesiess sinn an net onbedéngt mat villen Auslänner ze dinn hunn.
Wéi fillt et sech un, Fans mat politeschen Iwwerzeegungen ze hunn, déi sech mat dengen eegene bäissen?
Wann ech deene Leit kann e bëssen een Denkustouss ginn, da fannen ech dat wichteg. Ech besetze gären déi Terrainen, déi normalerweis vun Nationaliste an anere Leit vum ganz rietse Bord besat ginn. Dofir benotzen ech dës Passagen a menge Lidder, dofir heescht meng Associatioun „Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“, dofir heescht de Site dozou onsheemescht.lu – deen Internet-Domaine hunn ech, an net iergendee rietse Veräin. Vill Intellektueller iwwerloossen all déi Discoursen dem rietse Bord – mat dem Resultat, dass d’Leit dohinner lafen. Si maachen sech d’Fangeren net knaschteg mat Themen, déi d’Leit awer beschäftegen. Ze héieren, dass ech an deem Buch gelueft ginn – do stéisst et mer dann awer e bëssen erop. Op där anerer Säit liese vläicht Leit dat a kucken duerno, wat ech maachen – a vläicht geléngt et mer dann, d’Leit och minimal ze bekéieren. Et fillt sech awer nawell net esou un, wéi wann s de eng Medail kriss, fir an esou engem Buch opzedauchen. Am Allgemenge weess ech natierlech net, wat d’politesch Iwwerzeegunge vun de Leit sinn, déi meng Musek lauschteren oder op meng Concerte kommen. Ech froe jo keng Parteikaart an der Entrée – dat wier bal esou, wéi wann ech en Impfpass géif verlaangen.
Apropos Parteikaart: Wéi vereinbaars du däi rezent politescht Engagement bei „déi Lénk“ mat denger Carrière als Museker? Trenns du dat parteipolitescht Engagement vun denger Konscht, oder ass dat fir dech alles ee Package, well eng an déi nämmlecht Persoun derhannert steet?
Et ass deen nämmlechte Mënsch, jo, mä ech trennen dat awer: Ech wäert mat menger Band keng Concerte fir „déi Lénk“ spillen oder meng Musek benotzen, fir parteipolitesch Influenz ze hunn. Déi Trennung méchs de am Kapp, a Wierklechkeet gëtt et se awer och net ganz, well et eben deen nämmlechte Mënsch ass, deen hannert all deem steet. Ech hu mech ëmmer vun der Parteipolitik ewechgehal, meng Theme waren ëmmer politesch an ech mengen, dass jiddweree weess, dass ech éischter, wat meng Iwwerzeegungen ubelaangt, bei der Gauche ze fanne sinn wéi soss anzwousch.
Wat wärend der Pandemie deelweis bezweiwelt gouf …
Anscheinend. Ech fannen, dass et an dësen Zäite keng Excuse méi gëtt, fir net politesch aktiv ze ginn. Ech hunn 52 Joer, ech hu mech laang vun der Parteipolitik ewechgehalen. Mä mir liewen an enger Zäit, wou d’Rietspopulisten ëmmer méi un Terrain gewannen, wouwéinst ech de Besoin empfonnt hunn, bei „déi Lénk“ Member ze ginn an si mat menge Kompetenzen ze ënnerstëtzen. Wéi genee dat verleeft, dat steet nach an de Stären: Ech stinn do nach net op enger Lëscht, esou eng Decisioun misst ech mer och gutt iwwerleeën, well dat och berufflech Konsequenzen hätt. Kënschtleresch gesinn trennen ech dat Engagement vu menge kënschtlereschen Aktivitéiten an ech wäert och lo keng Hymne fir „déi Lénk“ schreiwen – obschonns eng Rei vu menge Lidder dat scho bal e bësse sinn: D’„Vollékslidd“, zum Beispill, gëtt vum OGBL benotzt, wouriwwer ech natierlech frou sinn. Ech war erféiert, wéi séier verschidde sougenannten Humanisten ugefaangen hunn, radikal ze reagéieren. Déi Leit, an net déi puer Idioten, déi un all Verschwörungstheorie gleewen an déi et souwisou ëmmer gëtt, maache mer Angscht, well déi Pandemie guer näischt ass par rapport zu all deem, wat nach beispillsweis a puncto Klimawandel op eis zoukomme kéint. Wann s de all Mënsch, deen net esou denkt, wéi s du, an den oft rietse Schwurbler-Eck drécks, kréien déi méi Zoulaf. Mir ass deen Ablack opgaangen, dass déi Humanisten eigentlech alleguer just Hobby-Humaniste sinn. Wann Intellektueller aus der Kulturzeen ëffentlech soen, Leit, déi net geimpft sinn, sollten an den Urgencen net opgeholl ginn, da fannen ech dat méi wéi bedenklech. Och dat ass ee Grond fir mäi politescht Engagement: Deemno wat elo nach alles geschitt, ass et wichteg, op där richteger Säit do ze stoen.
Op der Plack rechens de mat de Verschwörungstheoretiker, mä och mam Bettel a mam Paulette, mat de Medien, déi Reklamm fir Pharmaindustrie maachen, of, – an all där Kritik bleift deng real Meenung oft net gräifbar. Ass dat, well s de gäre provozéiers, oder well deng Meenung ebe manner präzis determinéiert ass?
Et ass e bësse vun deenen zwee, ech hunn engersäits scho Loscht, heiansdo ze provozéieren, anerersäits wëll ech och net an een Tirang geraumt ginn. Bei Theme wéi der Pandemie oder och dem Ukrain-Krich sinn d’Meenungen ëmmer méi binär, a wann een eppes dertëschent seet, da wëll all Säit dech op déi aner Säit drécken. Wéi d’Schwurbler hiren „De Bettel gëtt gehaangen op der neier rouder Bréck“ entonnéiert hunn, gouf gesot, dëst wier en Opruff zum Mord, a wéi ech dunn ze bemierke ginn hunn, et wier virun allem ee Spott-Lidd, dat mir an de Scoute gesongen hunn, du gouf ech um Schluss verbal gelyncht, an net de Bettel. Vun dohier stinn ech net, wëll ech net op der Säit vun deenen stoen, déi sech do op eemol esou radikal ginn an déi eng intellektuell Iwwerhieflechkeet vis-à-vis vun all deenen aneren hunn, déi just mat sech bréngt, dass sech d’Leit duerno, als Géigereaktioun bal, radikaliséieren.
Deng nei Plack huet eng Rëtsch vun Autoreferenzen – „Ech dierf net op d’Belsch Plage“ séngs de op „Fäertaasch“. Wéi vill ass do Autodérisioun, wéi vill Spill mam eegenen Mythos?
Als Museker gëtt et dobaussen ee Bild vu mir, op dat ech net vill Afloss hunn: Déi eng gesi mech esou, déi aner esou. D’Leit interpretéieren, mengen si géife mech kennen. Also muss de souwisou mat deem Bild ëmgoen, muss de domat spillen. Ech mengen, déi Autoderisioun war nach ëmmer do. Humor ass, wann s de dech selwer net ze eescht hëls, Humor heescht, oppen ze sinn, Humor ass, net just iwwer déi aner ze laachen. An de 25 Joer, an deenen ech elo onofhängege Kënschtler sinn, krut ech der genuch op den Deckel, fir dass ech kann astiechen, driwwer laache kann. Ech muss och iwwert all dat, wat ech iwwert mech liesen, laachen – soss méchs de dech krank oder geckeg. Heiansdo reagéieren ech emotional op eng Kritik, mä gréisstendeels ginn ech labber domat ëm, well ech weess, déi Leit schwätzen net vu mir als Persoun – si kenne mech jo iwwerhaapt net –, si schwätze vun deem Bild, wat se sech vu mir gebastelt hunn, an domat muss een ebe kloerkommen. Vill Politiker ginn domat net eens, reagéiere blesséiert, verschwannen op de soziale Medien, sou dass se ëmmer méi Distanz zu de Leit kréien. Dat evitéieren ech – obschonns ech es och heiansdo genuch hunn a mech dann ausklénken.
Info
De Release-Concert vum Album ass dëse Samschden um 20.00 Auer an der Kufa. Tickete gëtt et op www.kulturfabrik.lu.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos