So., 19. Januar 2025




  1. Nomi /

    Als eischt checken ob den Unfallverursacher (63 Johr) net ee gesondheetlechen Problem iwert dem Fuhren haat .

  2. jean-pierre.goelff /

    Diën schroën Accident ass nees Waasser op d’Millen vun,naja,esou Verbotsparteien!Wann dach nëmmen meï Leit sech gingen un deï bestehend Viirschreften haalen,dann wiren mär fein eraus!Ech perseïnlech,ech waarden geweïnlich hannert dem Bus an ech loossen deem Gefiër d’Viirfahrt,an dann gët getuut an gemault an flott Gesten gemeet,macht nix,mär geet et op e puër Minutten nit un!Mee,keng Angscht,ech gin awer nit helleggesprach…….

  3. Marc Weicker /

    Esou wéi d’Stécker vun den Autoen op där ganzer Strooss verdeelt waren, de Motorueleg war laanscht d’Fassad vum Haus bis op den 2. Stack gesprëtzt, d’Fra um Trottoir ass zeg Meter wäit bis hannert eng Heck geflunn, ass deen do net mat 50 komm! Firwat soll deen sech un 30 halen? En plus, et ass och elo scho verbuede fir eng Schlaang ze iwwerhuelen, och dorun huet hien sech net gehalen! Vläicht war de Probleem éischter de Chauffer wéi de Code de la Route?

  4. Jo Letaxi /

    Aha, a schon ass den Häuptling vun der S.R. do mat onméiglechen Fuerderungen. Lâng huet ee gottseidank néischt vun em héieren.

    @ Nomi – Dir hut vollkomme recht mat ärem Kommentar.

  5. Sam /

    Wéi ech d’Fotoen gesinn hunn, hunn ech mech och gefrot ob deen net éischter mat 100 km/h ennerwee war.

  6. De soziale Fred /

    Déi Biller schwätze fir sech! Ech wees net ob allgemeng 30 km/h eppes notzt, well ech wunnen an enger 30er Zone-Strooss mat engem Panneau (direkt virun der Hausdiir) deen weist mat wéivill km/h ee gefuer kënt. Also den Rekord deen ech selwer gesin hun läit aktuel bei 78 km/h… Dofir wärt dât net vill helëfen.. schued!

  7. Jemp /

    Genau an dem Tag, wo 30km/h resp. 80 km/h eingeführt werden, wird Herr Hammelmann anfangen, nach einer Reduzierung auf 10km/h respektiv 60km/h zu wimmern, und er wird behaupten, so könne man den Verkehr weniger gefährlich machen.

  8. Phil /

    Herr Hammelmann, dir sidd dach e gebildete Mensch… dir hutt dach mol de Piloteschäin gemat.
    Dir misst dach wëssen, dass e Camion oder Bus, dee matten op der Fuerbunn stoen bleiwt, en potentiellt Hindernis duerstellt. Sech drop ze verloossen dass dat Gefier, wat hannendrun kënnt einfach op Null bremsen kann, ass zimlech blauäugig an naiv. Dat kann jo och e Bus sin, oder Trakter, Duebelachser oder schlëmmstefalls en Camion Citerne. Erënnert iech Marteleng 1967. Dofir ass do am biergof, genau esou wéi am Brideler Bierg (an den Alpenpäss) en „Emergency Exit“ gebaut gin – fir de Fall, dass e Vehikel net gebremst kritt. Dat ass einfach eng Abuchtung wou d’Gefier sech auslaafen kann. Genau esou ass de Sënn vun enger Pannespuer an Nothaltebuchten op der Autobunn. Wann elo nach ëmmer een behaapt, dass e Vehikel wat als Obstakel matten op der Fuerbunn steet, méi sëcher ass wéi eent wat op der Säit an enger Abuchtung sein Arrêt huet, féiert all déi Iwwerleeungen an Mossnahmen ad absurdum. E puer Stonnen a Physik an e Cours de rattrapage bei enger Fahrschoul wären vläicht net schlecht.
    De System soll Fehlerverzeihlech konstruéiert sin – an net Fehlerfatal… wat bei onserer Verkehrsplanung awer net de Fall ass. Dat zielt iwwregens och fir all déi Betongsinselen déi matten an der Stroos stinn, oder laanscht den Trottoir erauskucken.
    Wéi sot mol een franzéischen Politiker: « On va pas augmenter la sécurité en mettant en bloc de béton au milieu de la route! »
    Et stresst an lenkt de Chauffeur of, an e gestressten Chauffeur mescht méi Fehler wéi en relaxéierten. Wann dir natierlech lo mam Argument kommt, dass mir all mat manner wéi 30km/h mussen fueren, dann kann ech nëmmen soen, virwat dann net mat 10, oder 5, oder besser mir bleiwen ganz stoen. Well an ären Aen ass juste en Auto dee steet en gudden Auto!
    A bon entendeur.

  9. carlocoin /

    Den Här Bausch kënnt matt Argumenter vun méi Secherheet wann en em den Grond gefroot gët, firwat en Bus net an enger Einbuchtung stoen bleiwt.
    Et ass guer net daat.
    Den Här Bausch an vill aanerer wëllen dat en Bus d’Fuerbunn blockéiert, well se einfach wëllen, dat d’Leit net méi mamm Privatauto fueren, sie sollen dégoutéiert gin hiren Auto ze benotzen!
    Firwaat soss gin ech protokolléiert wann ech virun der Diir vun enger Propriétéit stoen bleiwen(an der Strooss!) fir schnell eppes eranzedroen?
    Laut dem Här Bausch misst ech jo dann virbildlech sinn, well ech fir méi Secherheet suergen, oder?
    Den Här Hammelmann ass ermiddend matt sengen Virstellungen an Fuerderungen.

  10. carlocoin /

    Phil, Dir huet vollkommen Recht matt dem waat Dir schreiwt!
    Merci

  11. Pir /

    Sämtlech Moßnahmen, déi vum Bausch a vum Hammelmann als Moßnahme fir d’Secherheet op der Stroß geholl (gefuedert) gi sinn, sinn a Wirklechkeet einfach Aktioune fir den Autofuerer ze schikanéieren.. Déi zwee wellen de privaten Autoverkéier ofschafen, net méi an net manner. Datt et hinnen em d’Secherheet geet, ass eng reng Ligen, d’Secherheet ass denen zwee pupegal! Wa mer méi Secherheet op der Strooss wellen hunn, da mussen als éischt déi zwee aus dem Verkéier gezu ginn.

  12. Phil /

    @Pir
    Genau esou ass et! De Bausch mecht sech den schéine Männchen, mä a Wierklechkeet huet hien et fauschtdëck op d’Autofuerer sëtzen. No de Wahlen 2013 ass de Bock zum Gärtner gemat gin! An den Hammelmann wollt ëmmer an der „gehuewener“ Politik matmëschen, wat him awer nie gelongen ass – elo spillt hien sech als dem Bausch säin weissen Ritter op. Fannen juste, dass den Automobil Club sech zevill passiv verhällt, schlussendlech vertrëtt hien jo den Intérêt vun den Automobilisten. Do misst méi kommen!

  13. Nomi /

    Dem FB seng Welt ass net ze versto’en !

    Zu Diddeleng ass grad eng fonkel nei Bushaltestell gebaut ginn.

    Mat Anbuchtung, also geint dem FB seng Regel.

    Bei den Grengen ass et Moes mat an Mettes Ohni. Wee bleckt do nach duerch

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos