Film / Vu klenge Leit, grousse Gefiller an enger Stad, déi kee sech méi leeschte kann
En Dënschde war dee leschten Dréidag vun „Little Duke“, dem Andy Bausch sengem neie Film iwwert zwee gealtert Jugendfrënn, déi nach eemol géint d’Wandmille vum Kapitalismus kämpfe sollen. D’Tageblatt huet sech an der aler BNL – enger vun de Plazen, op deene gedréint gouf – mam Andy Bausch a mam Frank Feitler ënnerhalen.
De Little Duke ass eng Pafendaller Institutioun, eng Knäip wéi aus der Zäit gefall, wäit vun der Gentrifikatioun, déi och d’Lëtzebuerger Haaptstad lues awer sécher befall an déi bewierkt huet, dass d’Präisser duerch de Plaffong gaange sinn – esou, wéi dat och an anere Groussstied de Fall ass, déi dem klenge Lëtzebuerg oft just dann als Modell stinn, wann et gëllt, hier Schwächten ze kopéieren.
Et ass dës sozial Kuliss, déi als Hannergrond fir d’Geschicht vum neie Fiktiounsfilm vum Andy Bausch déngt: Nom Doud vum Shane Patrick O’Hara ierwen de Vic Schumacher (Luc Feit) an de Mill Knepper (André Jung) deem seng Bar. De fréiere Besëtzer war wéi de Papp, deen di zwee Bouwen, déi zesummen an engem Heem opgewuess sinn, ni haten. Dës Ierfschaft, mat där den alen Ir deenen zwee wuel eppes Guddes doe wollt, kënnt awer mat méi wéi engem Hoken: De Little Duke huet seng bescht Deeg laang hannert sech, muss dréngendst renovéiert ginn – a steet virun der Faillite.
Am Little Duke hunn déi zwee Kolleegen hir Jugend verbruecht an do esou munches erlieft – wouwéinst si tentéiert sinn, ze probéieren, quasi aus enger quixotescher Nostalgie, d’Bar ze retten a sech géint d’Spekulanten a Promoteuren duerchzesetzen, déi scho wéi Geieren ronderëm den nach hallef liewege Kadaver vum Little Duke kreesen.
„De Kontrast tëschent der Uewerstad mat hire Baute vum Europaparlament an de Banken an der Ënnerstad, wou fréier déi kleng Leit gelieft hunn, bis se vun de Räichen an den deiere Wunnpräisser verdriwwe goufen – dat war vun Ufank un eng vun eise groussen Iwwerleeungen”, sou de Frank Feitler, Regisseur a fréieren Direkter vum Groussen Theater, fir deen „Little Duke” net dat éischt Dréibuch ass, dat en zesumme mam Andy Bausch geschriwwen huet. Seng Zesummenaarbecht mam Kultregisseur bezeechent de Frank Feitler als „permanenten, herrschaftsfräien, demokrateschen Dialog”, wärend deem ëmmer nees Elementer bäigefléckt an ewech gefall sinn.
„Eng Erkenntnis wäert sinn, dass déi kleng Leit net just aus der Stad, mä carrement aus dem Land verdriwwe ginn – bis iwwert d’Grenzregioun eraus, wou d’Wunne jo och ëmmer méi deier gëtt. An deem Sënn ass de Film net onbedéngt eng Reklamm fir Lëtzebuerg. Mä di kleng Leit – fir déi schéngt d’Lëtzebuerger Politik keen Interessi méi ze hunn”, sou de Frank Feiter.
Och den Andy Bausch kuckt der Aart, wéi sech d’Wunnsituatioun zu Lëtzebuerg entwéckelt huet, relativ skeptesch entgéint: No sengem Documentaire „Lost in the 80s”, wou ënnert anerem gewise gouf, wéi Lëtzebuerg zu enger zentraler Finanzplaz ginn ass, weist „Little Duke” e bëssen de Revers vun dëser Entwécklung a kritiséiert eng Form vum Kapitalismus, an där d’Stad zu engem gentrifiéierten urbane Raum verkënnt, dee kee sech méi leeschte kann.
„Ech mengen effektiv net, dass et bei där Entwécklung vill ze bremse gëtt … Ech hoffe fir meng Kanner, datt dat sech alles iergendwéi nees berouegt, an datt Lëtzebuerg sech net zu engem ‚Europa Park Rust’-Land entwéckelt. Mä hu mir net all iergendwa gehofft, de Fortschrëtt kënnen ze bremsen… Well mir eis esou wuel gefillt hunn an deem, wat mir kennen.“
Sech wuel fillen an deem, wat ee kennt: Dat ass ee vun den Themen, déi sech wéi e roude Fuedem duerch „Little Duke” zéien: Esou kuckt deen éiwegen, onzourechnungsfähege Stammclient, gespillt vum Marco Lorenzini (deen ee nach gëschter als Jean-Claude Juncker an Ursula von der Leyen am Ian De Toffoli sengem „Confini” am TNL konnt gesinn), ëmmer nees eng VHS-Opzeechnung vun engem alen Irland-England-Match, wärend och soss d’Figuren, déi een an engem éischte Making-of-Kapitel z’erbléckse kritt, an der Vergaangenheet ze liewe schéngen. De Fokus läit, ewéi esou oft beim Andy Bausch, op de klenge Leit, op Randfiguren, déi an der Acceleratioun vum Liewen ënnert dem Neoliberalismus eng Enklav sichen, an där d’Welt stoe bliwwen ass.
Ass „Little Duke” dann eppes ewéi e Ken-Loach-Film mat méi Nostalgie? „Ech si wäitaus manner politesch wéi e Ken Loach, deen ech onheemlech schätzen. Ech wëll net d’Welt verbesseren, mä op Situatiounen, op Mënschen opmierksam maachen. D’Famill an d’Zwëschemënschlechkeet interesséiere mech vill méi wéi iergendwelsch grouss sozial Ëmstrukturéierungen. Et geet bei mir ëmmer ëm Eenzelschicksaler”, erkläert den Andy Bausch.
Wéi bei „Rusty Boys” sinn déi Eenzelschicksaler ëmmer méi oft Männer, déi sech mam Al-Ginn beschäftegen an déi sech op engem Punkt befannen, wou se Bilanz zéien iwwert dat, wat erreecht an dat, wat vermasselt gouf – esou verstoppt de Kontrast tëschent dem Mill, deen zu Lëtzebuerg bliwwen ass an eng bescheiden Existenz gefouert huet, a sengem Frënd dem Schumi, dee vu sengem Erfolleg am Ausland erzielt, eng ganz aner Wourecht.
„Ech sinn am gaang ze alteren, ëmmer nees, an dat beschäftegt een natierlech. An ech hunn zwee 14- a 15-järeg Kanner, déi voll an der Pubertéit sinn. Ech empfannen also ee Besoin, Geschichten ze erzielen, déi mengem Alter oder driwwer entspriechen. Nawell si meng ‘Helden’ am Kapp jonk bliwwen … A fir dech ze berouegen: Mäin nächste Film wäert haaptsächlech mat jonke Schauspiller sinn.“
En Tour duerch eng Geeschterbibliothéik
Um Dag vun der Tour iwwert den Dréiuert sëtzt dem Änder Jung säi Mill viru Geriicht, wärend d’Larisa Faber fir hien ze plaidéiere schéngt. Déi al BNL, duerch déi ech wärend enger Aart Geeschter-Visite-guidée trëppelen, wierkt liicht onheemlech, mat hiren eidele Regaler, hirem Gewulls u Gäng an de verschiddene Raim, déi verlooss sinn a wéi drop waarden, nees iergend eng Funktioun ze kréien. Verschidde vun de Säll si fir de Film ëmfunktionéiert ginn – hei gëtt et ee Geriichtssall, do ee Bureau vun enger Bank oder engem Notaire, ganz uewen dem Mill seng mat Léift dekoréiert al Bachelor-Wunneng.
Am Kär vun der Erzielung steet nämlech net just déi sozial Dimensioun. De Film handelt och vun dem schwierege Rapport tëschent engem Papp a senger Duechter, déi Drogeproblemer huet – an der Relatioun tëschent dem Mill a sengem Enkel, dem klenge Jules, deen hie quasi eleng grousszitt, well d’Duechter eben aner Suergen huet. Doraus ergëtt sech een Dréibuch, dat implizéiert Schauspiller als „touchant” bezeechent hunn. „Déi kleng Leit hu grouss Gefiller, dofir spillt dat Emotionaalt och eng wichteg Roll”, sou de Frank Feitler.
„Ech sinn Familljepapp an et gëtt näischt méi Wichteges wéi d’Famill”, ergänzt den Andy Bausch.
Familljen huet de Regisseur der den Ament zwou: „Et gëtt déi vum Film – an do sinn ech de Chef. An da gëtt et déi doheem – do sinn ech net de Chef. Déi doheem ass mer natierlech vill méi wichteg… Mä ech weess, datt ech a menger Roll als ‘Chef de famille’ beim Film soll gutt a léif zu menge Leit sinn. Si schaffen schlussendlech fir mäi Film.” Dofir gräift den Andy Bausch och gären ëmmer nees op déi selwecht Leit zeréck. Esou entsteet effektiv een Esprit de Famille, dee fir eng gewësse Komplizenhaftegkeet suergt – hannert, esou wuel wéi virun der Kamera.
„Ëmmer nees mat deene selwechte Leit ze schaffen, wéi zum Beispill mam Carlo Thiel, mengem treie Kameramann, dee scho bei ‚Trouble No More’, de ‚Rusty Boys’ a menge fënnef leschten Documentairen dobäi war, bréngt Vertrauen a mécht d’Saach méi einfach. Et kennt ee sech, et kennt ee seng Vir- an Nodeeler.“ De Frank Feitler gesäit dat änlech: „Vum Location Manager zu den Acteuren iwwert déijéineg, déi sech ëm de Maquillage an d’Kostümer këmmeren: D’Leit hunn den Andy gär a schaffe gär mat him. Et gëtt keng Streidereien. Dat war bei de ‘Rusty Boys’ och schonn esou.“
Dëst huet och Repercussiounen op d’Aarbecht um Set. „Am Theater leeft een d’Gefor, d’Leit ze vill schwätzen ze doen. Am Film zielt de Bléck, de kierperlechen Ausdrock nach vill méi. Eist Dréibuch ass net a Stee gemeesselt, heiansdo hunn den Andy an ech Dialoger geschriwwen, déi dem Schauspiller haaptsächlech solle vermëttelen, wat soll eriwwer kommen. Do funktionéieren d’Dialoger da méi ewéi Regiuweisungen, an et koum duerchaus fir, dass den Änder [Jung] sot: ‘Dee Saz brauch ech net ze soen, oder ech soen just dat eent Wuert.’ De Recht koum duerch d’Kierpersprooch, duerch de Gesiichtsausdrock,“ sou de Frank Feitler.
Um Wupp vum Dréi vu „Little Duke” ass den Andy Bausch op alle Fall frou, nom Documentaire zeréck zu der Fiktioun fonnt ze hunn: „Mëttlerweil hunn ech do zwou Léiften. Den Documentaire ass oft méi einfach ze produzéieren. Well e Fiktiounsfilm kascht richteg vill Suen. De Mix, d’Ofwiesselung tëschent deenen zwee ass ideal… Mee et däerf een net vergiessen, datt een nach laang net all Projet finanzéiert kritt, egal wéi flott en ass – och net als Andy Bausch.”
Wat fir ee Format him méi zouseet, ass awer da relativ kloer: „Wie wéilt net kënnen e Fiktiounsfilm nom aneren dréinen?” Fir d’éischt ass et awer lo um zukünftegen Zuschauer, sech e bëssen ze gedëllegen – „Little Duke” soll an der éischter Hallschent vum nächste Joer erauskommen. Hoffen mer, dass d’Stad bis dohin net esou weider gentrifizéiert gouf, dass och déi lescht Kinoen duerch Appartementer oder Banken ersat goufen.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos