/ „Vum Himmel“: Eng Farce iwwer Flüchtlingen a lëtzebuergesche Wuelstand
Nodeems de Kaleidoskop-Theater sech a leschter Zäit haaptsächlech mat däitsche Klassiker auserneegesat huet, dréit sech de Beetebuerger Theater mat dem Tullio Forgiarini sengem „Vum Himmel“ zur Luxemburgensia. Ee gudden Usaz, dee leider duerch eng Inzenéierung mat ze ville Klischeeën ënnerwandert gëtt.
Virun iwwer zwee Joer gouf dem Tullio Forgiarini säi Stéck „Du ciel“ am TOL opgefouert. Den Text, deen den Auteur op Lëtzebuergesch verfaasst huet, war am Oktober 2016 an enger franséischer Iwwersetzung ze gesinn, well keen Theater en a senger Originalsprooch spille wollt. Iwwer zwee Joer méi spéit kënnt „Vum Himmel“ am Original an d’Beetebuerger Schlass – woumat souwuel den Tullio ewéi och de Kaleidoskop-Theater bal e Stéck Lëtzebuerger Theatergeschicht schreiwen.
Infoen
„Vum Himmel“
Text: Tullio Forgiarini
Mam: Luc Lamesch, Rosalie Maes, Elena Spautz an Timo Wagner
Regie: Jean-Paul Maes
Technik: Roland Jakobi
Dauer: 90 Minutten
Nächst Virstellungen:
den 8., 9., 10., 11. an 12. Mee um 20.00 Auer
Schliisslech ass et hei am Land zimlech rar, dass Theatertexter, déi vu Lëtzebuerger Auteure geschriwwe ginn, eng Saison iwwerdaueren. Seele ginn déi Texter verëffentlecht, ni gi se an ee Repertoire opgeholl, meeschtens lafe se déi Saison drop nach ee bis zweemol a regionale Kulturhaiser, mat deenen eng Koproduktioun beschloss gouf, éiert d’Texter nach e bëssen an de Käpp vun de Leit erëmdanzen oder am stëbsegen Tirang vun den Auteuren (alternativ op engem raschtegen Harddrive oder enger virtueller Wollek) landen.
Eleng dowéinst ass d’Initiativ vum Kaleidoskop-Theater luewenswäert a sollt widderholl ginn. Un der Ausféierung hapert et allerdéngs nach.
D’Geschicht bleift dobäi onverännert: Ganz no enger schifer Adaptéierung vun dem weltbekannte Lidd „It’s Raining Men“ reent et an dem Forgiarini sengem Stéck net just Männer, mä och Fraen. Duerch ee meteorologescht Phänomen ginn d’Refugiéën aus dem Mëttelmier opgesaugt a landen duerno, wéi d’Medien et erklären, an de Virgäertercher oder op den Terrasse vun de Westeuropäer.
Haiku Kurouchi an deiere Routwäin
Esou läit dann och enges Daags eng doudeg Fra am Julien (Luc Lamesch) senger biergerlecher Wunneng. De Julien, frësch verlooss, nodeems seng Fra (Rosalie Maes) den Noper (Timo Wagner) gebiischt huet, weess net, wat maachen, rifft aus Reflex senger zynescher Ex un, déi hiren Desintressi zimlech séier däitlech mécht.
A senger Verzweiwlung geet hien den Noper sichen, deem säi Liewe semantesch duerch gudde Whiskey, deiere Routwäin, importéiert Wagyu-Rand, ee japanescht Kichemesser a Präisschëlter – am léifste mat héijen Zommen – ofgegrenzt ass. Eng iwwerdeiert Spillwiss fir ee westleche Groussverdénger, deen aus lauter Topegkeet net weess, wat e mat sengem ville Goss soll ufänken.
De Jean-François ass ee puren Hedonist, ee groussaartege Solipsist: All Péng, déi hien net selwer empfënnt, gëtt et net. De Julien ass méi concernéiert, verkierpert d’lëtzebuergesch Hypokrisie, simuléiert Empathie. Seng Wunneng ass selbstverständlech modern: Zäitgenëssesch abstrakt Konscht, un där ee virun allem d’Eidelt vun der guttbiergerlecher Existenz moosse kann, pescht un der Mauer. Alles ass just nach Oflenkung am Sënn vum Blaise Pascal.
De Jean-François ass säi Mephisto: Hien entlarvt de Julien als grousst Fierkel, als (im)moderéierte Gurmang, deen net zu sengen Triber steet, mä dës mat gespillter Empathie wëll kompenséieren. Fir de Jean-François ass de Refugié am Géigendeel just ee weidert Stéck Fleesch. Wéi am zweeten Deel d’Amara (Elena Spautz) am Liewe vum Jean-François a vum Julien opdaucht, hëlt d’Stéck no an no eng nach méi donkel Tournure – déi zwee engagéieren d’jonk Refugiée nämlech als Botzfra a Sexsklavin.
Eendimensional Inzenéierung
Et ass delikat, eng Farce iwwert Refugiéën ze schreiwen. Séier drift een of an de Klamauk, an d’Pauschaliséierung, an d’gefälleg, liicht Kritik. Dass dem Tullio Forgiarini säi Stéck 30 Méint no senger Uropféierung nach ëmmer aktuell ass, seet villes doriwwer, wéi ohnmächteg de Westen ass, wéi eidel a sënnlos seng Empathie.
Eidel an ouni grouss Iddien ass leider och dem Jean-Paul Maes seng Inzenéierung. Ënnert senger Regie sinn d’Figuren ze eendimensional, déi meescht duerchaus talentéiert Schauspiller bleiwe bei enger Grondmimik, enger Tounlag, déi se d’Stéck iwwer erëmginn. De Julien ass onsécher, de Jean-François ee kalen Téinert, d’Amara um Ufank ënnerwerfeg, da rosen an d’Jessica zynesch. D’Figure wierke sou ouni deen Déifgang, deen dem heiansdo e bësse plakativen (meeschtens awer donkel-witzegen) Text zousätzlech Dimensioune ginn hätt.
Et feelt den eenzelnen Zeenen un Dynamik an u Subtilitéit. Esou drot d’Parodie an eng blouss Reproduktioun vu liicht xenophobe Klischeeën ze verfalen, amplaz déi effizient ze entbléissen. Heiansdo, wann d’Figure sech vun der hëlzener Inzenéierung léisen, glënnert eng eegen Dynamik an de provënziellen Toun gëtt duerch eng Loscht um Spille gebrach.
Dass eng Paus no 45 Minutten den Zuschauer zudeem aus dem Bann räisst, fir en un e Comptoir ze féieren, wou e sech mat Zoossiss a Béier d’Panz vollschloe kann, kéint een entweder als westlech Metakritik verstoen – béis Zonge géife behaapten, dass hei de Mangel un Empathie fir d’Figuren ëmsou méi däitlech gëtt.
D’Initiativ, de Kaleidoskop-Theater mat jonke Schauspiller an originellen Texter ze entstëbsen, ass definitiv gutt. Elo läit et um Jean-Paul Maes, sech nei ze erfannen – oder och d’Regie-Zepter eemol ofzeginn, fir sech net musse virwerfen ze loossen, de Kaleidoskop-Theater wier just do, fir sech selwer eng Bühn ze ginn.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos