So., 19. Januar 2025




  1. Lully /

    hei am Land, gêt êt bestêmmt kee Mênsch méi, deen de Wolef nach vu fréier kennt, ech weess den Datum nêt méi genau wéi dee läschte Wolef zu Ouljen erschoss gouf, et sê bestêmmt schon 100 Joer hiir. Sou dat de Wolef nêt méi an de Käpp vun ons All méi ass. Mir kennen hien nêmmen aus Geschichten, Märercher oder Bicher.
    Êt ass och nach nêt esou laang hiir, wou am Frankréich, am Parc naturel nationale du Mercantour de Wolef rêm agefouert gouf, schätzen viiru gud 30 Joer. Och an Italien war de Wolef rêm opgetaucht, an huet sêch lous a lous weider ausgebreed, bis elo viiru kurzem och hei zu Letzebuerg, der Belch an der Eifel.
    Meescht ass de Wolef just op der Duerchrees hei am Land, ons Fläche sen ze kleng viir sêch laang hei opuehaalen, dat Déier brauch fill Raum.
    kucke wéi êt viiru geet
    ass op jiddefall interessant

  2. Claire /

    Wann de Wollef erëmkënnt, da kënnen d’Baueren eben net méi Schof einfach an eng Wiss bei de Bësch sëtzen an eemol an der Woch kucke kommen, dat ass et dausende Jore net ginn, just déi lescht honnert Joer hunn se sech dat ugewinnt.
    Da winnen se sech et eben erëm of.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos