Sa., 5. Oktober 2024




  1. Jaans /

    Was die Leute _wollen_ ist unwichtig, was die Leute _brauchen_, ist was zählt.

  2. Aender T. /

    Komesch Ëmfro…
    Sorry, onrealistesch Zenarien as wuel wouer: ech kruut keng Alternativ: Busspueren IWWERALL DUECHGOEND.
    Ech wëll op d’Aarbecht, am beschten an der Moyenn 30 Minutten mam Bus hin an 30 Minutten zréck, an alternativ géif ech, op mannst sou wi et bis elo mat der Stausituatioun vun de Bussen ouni duechgoend Busspuer as, 60 Minutten TRËPPELEN. Hin an/oder z’réck. Je no Laun a Wieder. Wäll de Bus hei ans do eben nach méi laang braucht, an een net erausgeloos get, wann de Bus 15 Minutten net viirun kënnt, an um Enn méi laang braucht wi ech getrëppelt wier.
    Ech wëll och kee Gratis-ÖT, ech wëll direkt mat méngem Akommes ÖT matfinanzéieren, sou wi ech en Carloh och matfinanzéieren. Ech si kee Frënd vun Velo, et as einfach net praktesch an héchst geféierlech, wäll een zB laanscht geparkten Autoe fuere muss, di all Moment d’Dier oprappe kënnen, an weider Onlogeschkeeten, wi Velosspuer um Trottoir, mat aalen Dammen a klénge Muppen, a klénge Kanner etc…, an am léifsten wéilt ech den Auto total ewäsch loossen (also de Carloh), waat awer net geet, wäll ech mech em en Deel-Invaliden Familiemember këmmere muss, an do braucht et eng gewëssen Reaktivitéit, an ech kann och net alles droen.
    An ech stinn net gären am Reen op engem ÖT-Arrêt, an mäin Deel-Invaliden Familiemember kann net 15 Minutten op deem sälwechten net-iwwerdeckten Arrêt STOEN.
    Also: duechgoend prioritär Busspueren, iwwerall en Bushaischen an eng Bänk.
    Ech hätt nach vill méi z’erzielen, fueren säit 8 Joer exklusiv Bus wäll ech den Auto verkaaf hunn, an hunn elo säit 1 Joer en Carloh, aus uewe genannte Grënn, also manner fir méch, mee fir den Deel-Invaliden Familiemeber z’ënnerstëtzen.
    An deenen 8 Joer si méi Parkhaiser ageweit ginn, wi Bushaisercher. An et get op mannst 50.000 Autoe méi. An d’Busse stinn ëmmer nach am Stau op der Aareler Stroos, Lonkescher Stroos, Beggener Strooss. An 10m viirum Busarrêt….
    E puer Eemeren wäiss Faarf géifen fir mech 80% vun all ménge Problemer mam Bus léisen. Dann eben nach d’Infrastruktur fir net am Reen ze stoen. Obwuel ech dofir ausgerüst sinn, mee aal Lait stinn eben net su gutt op der Monterey an soss, wu et keng Bänk a keen Ënnererdaach get.
    A wann et an den Cités-Dortoir keng Epicerien gët, wäll riesech Akaafzentren no un Haaptstroossen oder an Zones d’Activités gebaut ginn, a wann et keng Wochemäert um Duerf get, da kaafen sech d’Leit weider Autoen. Oder loossen sech alles Heem kommen a verkëmmeren ouni sozial Kontakter.
    Di Ëmfro huet mech alt nees rose gemaach.
    Ma léif Politiker, ech hunn eng Propose: mir schaafen all Form vun Dëngschtween an Dëngschtparkplaazen fir Politiker sou laang oof, wi et braucht, fir e Bus/Zuch/Tram-sstem opzebauen, deen een a manner wéi 1 Stonn aus egal wéi engem Eck vum Land an d’Chamber bréngt.
    An da fuert der mol allerguerten All Daag an fir ALL Geleegenheet mat ärem System. Alleguerten.
    Da wësst der séier, waat ze maachen ass. Nondikass.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos