Theater / Der Volleksbühn hirt „Stéck vun der Woch”: Mat der Mauer spillen
„Gab es vorher wenigstens den Puff/Gibt’s zur Entspannung heute sowie morgen nur noch die Videos aus Serge Tonnars Stuff.“ Fir dass d’Kultur an de Pandemie-Zäiten net eleng dem „Tonnars hirem Serge“ iwwerlooss gëtt, huet d’Volleksbühn no hiren zwee éischte physesche Stécker hir éischt virtuell Produktioun ugefaangen, an där all Woch ee Klassiker „verhonzt“ gëtt. Mir hunn dem Goethe säi “Faust”, dem Oscar Wilde säin „Earnest“ an dem Jean-Michel Treinen säi „Mäcbess“ gesinn an eis mam Jacques Schiltz ënnerhalen.
Esou demokratesch war Theater seelen: Kritt een dach meeschtens um Ufank vun der Saison eng Rëtsch voluminéis Theaterprogrammer heemgeschéckt, déi dann iergendwou an der Wunneng trëllen, esou dierf de Public um demokrateschen, interaktive Spaweck selwer entscheeden, wéi ee Stéck d’Ekipp vun der Volleksbühn all Woch „verhonzt“.
Um Site volleksbuehn.lu kann een net just ofstëmmen, mä esouguer selwer Wierker proposéieren – zwou Wochen drop ass dann de Gewënner ëmmer sonndesowes um 19.55 Auer live ze gesinn. D’Stécker, déi de Public ka proposéieren, mussen allerdéngs an enger lizenzfräier Iwwersetzung an enger vun de Sproochen, déi d’Ekipp beherrscht, verfügbar sinn. Aus rechtlechen a praktesche Grënn kommen och just Wierker vun Auteuren a Fro, déi virun 1945 gestuerwe sinn. „Kloer wier et och flott gewiescht, eemol beispillsweis ee Beckett ze bréngen“, sou de Jacques Schiltz. Esou gëtt eben no demokratesch a rechtleche Contrainte geschafft – ee stilistescht Korsett, wat vu bausse façonnéiert gëtt, mä innerhalb vun deem sech d’Vollleksbün awer allméiglech Topegkeeten erlaabt.
Woubäi et fir de Jacques Schiltz relativ kloer war, datt déi éischt Produktioun de “Faust” géif ginn. Schliisslech hu vill Leit hire Lycée mam Goethe sengem Meeschterwierk ofgeschloss, esou dass beim Lëtzebuerger verschidde Faust-Zitater a Fleesch a Blutt iwwergaange sinn – a bei esou munchem d’Virstellung vum Theater bei dësem quasi onopféierbare Stéck ufänkt an och schonn nees ophält.
Dem Puddel säi Kär
Mat engem Pastiche vum „Vorspiel auf dem Theater“ geet et dann och lass. Hei gëtt an enger éischter Sequenz e bësse wéi beim Jacques Schiltz senger leschter Zesummenaarbecht mam Claire Wagner am Centaure vill Metatheater tëschent dem Anne Simon, dem Tom Dockal an dem Max Jacoby praktizéiert, deen op eng immens topeg Aart a Weis immens lëschteg ass an zäitgläich nach eemol op eng bal pedagogesch Fassong d’Konzept vun dëser drëtter Produktioun erkläert. Och d’Previsibilitéit vun der Wiel gëtt thematiséiert: Wéi den Tom Dockal sech iwwer de Choix vum „Faust“ genervt weist – eng Posture, fir déi een entretemps bal d’Adjektiv „dockalesch“ kéint schafen – mengt de Max Jacoby drëschen: „Jetzt mecker nicht mit mir/Den Demokratiescheiß wolltet ihr.“
„Wann een dem Goethe säi ‚Faust’ vu fënnef Stonnen op 15 Minutte kierzt, ass een automatesch an der Parodie“, sou de Jacques Schiltz. Iergendwéi ass et da scho beandrockend, dass an der kuerzer Spillzäit eng ganz Rëtsch vu weesentlechen Zeenen duerchdeklinéiert, an d’haitegt Zäitalter ëmgesat an zäitgläich mat topege Wuertspiller op der Meta-Ebene ergänzt ginn: An der verhonzter Variant ass de Faust (Jacques Schiltz) ee gelangweilte Websurfer, deen alles Wëssenswäertes um Internet ofgegraast huet. Eng Excursioun an den Darknet via Puddel-Pop-up féiert hien zum Mephisto (Wolfram Koch), deen him di grouss Welt soll weisen – als Géigeleeschtung versprécht de Faust dem „Geist, der stets verneint“ seng Séil.
Nodeems de Mephisto dem Faust ofgeroden huet, d’AGBe vum Vertrag duerchzeliesen – dat géif dach am Joer 2020 souwisou kee méi maachen – an hien opgefuerdert huet, de Kontrakt mat Blutt z’ënnerschreiwen, geet et da vum Darknet an di kleng, dann an di grouss Welt. Well de Faust dem Mephisto säi verwurrelt Däitsch net versteet, dréckt hie sech méi kloer aus a schléit vir, als éischt op Leipzig (an dem Auerbach säi Keller) „ee saufen“ ze goen. Obligatoresch Etappe wéi dem Gretche (Dominik Raneburger) seng Stuff, de Blocksberg an de Kerker ginn duerch Live-Settings inzenéiert, d’Schauspiller positionéiere sech an ausgeschnidde Schablounen, spillen a Wierklechkeet awer, mat méi oder manner Erfolleg, „mat der Mauer“.
Verweile doch, Du bist so schön (verpixelt)
Wärend di éischt sechs Minutte wéi eng reng Team-Konferenz gewierkt hunn, mutéiert de „Faust“ mat Hëllef vum virtuelle Live-Theater – eng Iddi, déi vum Cay Hecker entwéckelt gouf, vun där ausser dem Cay „kee sou richteg versteet, wéi et funktionéiert“, mä déi awer immens opwänneg wier – bal zum richtegen Theater. Technesch kënnt et ëmmer nees zu Verzögerungen, zum Bild- oder Tounstau, Stéiergeräicher an eng Videospillgrafik aus de spéiden 90er éieren engersäits d’Webkultur, anerersäits hemmen si de Spillfloss a sinn och iwwert den Nostalgie-Gimmick eraus ästhetesch net ganz zefriddestellend.
Beandrockend ass allerdéngs, dass dat Ganzt iwwerhaapt funktionéiert: „Eng vun de gréissten Erausfuerderunge sinn d’digital Prouwen. Et kënnt zu technesche Verzögerungen, et kann net, wéi dat soss de Fall ass, jiddereen duerchernee schwätzen. Des Weidere kann een net einfach eppes probéieren, well schonns eleng den Deplacement vun A no B gebaut a programméiert muss ginn.” Am Géigesaz zu „Live aus der Stuff“ entsteet hei nämlech beim Zesummespill, an deene Momenter, wou et da fléissend funktionéiert, eng Dynamik, déi et der Produktioun erlaabt, iwwert de parodesche Reader’s Digest vum „Faust“ eraus och um Schierm drun ze erënneren, wat den Theater op der Bün alles kann – eng Erkenntnis, déi den Ablack wäertvoll ass.
Quiproquos en série
Well een de „Faust“ net huet missen nei erzielen – schliisslech kennt bal all Mënsch d’Stéck –, konnt ee sech op de Pastiche konzentréieren, beim Oscar Wilde sengem „The Importance of Being Earnest“ goung et allerdéngs drëms, déi manner bekannte Geschicht z’erzielen, wouwéinst den Toun meeschtens genee esou subversiv – awer och net vill méi – ass, wéi dee vum Wilde senger Komedie, där hir Story op eng Uneneereihung vu Quiproquo’e setzt, am Kär vun deenen de Virnumm „Ernest“ ironescherweis eng wichteg Roll spillt.
Fir déi sëllege Verdueblungen, déi et an dem Verwiesselspill gëtt, z’inzenéieren, spillen hei zwee Schauspiller (bal) all d’Figure vum Wilde sengem Klassiker: D’Eli Johannesdottir ass ofwiesselnd den Algernon, d’Gwendolyn, d’Lady Bracknell an d’Miss Prim, den Daron Yates den Jack an d’Cecily. Fir dass net nach méi Konfusioun opdaucht, wéi d’Stéck et souwisou virgesäit, gëtt de Rollewiessel mat klenge vestimentären Detailer an engem Rummwiessel signaléiert.
Wou et beim „Faust“ nach ee vergläichsweis relativ komplexe Setting gouf, besteet „Earnest“ haaptsächlech aus Rummen, op déi d’Videoe projezéiert ginn, a Maueren, déi souwuel un d’Wallpapers vun ale Computeren ewéi och un typesch viktorianesch Tapéiten erënneren. Déi Vereinfachung ass an deem Sënn erfrëschend, well se et dem Zuschauer erlaabt, sech op d’Schauspill ze konzentréieren. Hei fällt op, dass d’Eli Johannesdottir elegant tëschent de véier Rolle wiesselt, mat Tonalitéiten, Registeren a Posture jongléiert an domat leider den Daron Yates e bësse widder d’(viktorianesch, virtuell) Mauer spillt. Wann d’Split-Screen-Logik duerch verspillten Interaktiounen opgebrach gëtt, weist dëst haaptsächlech, wéi schmäerzhaft een an dësen Zäiten d’kierperlech Interaktioun vermësst.
Rollespiller
„Du ich versteh dich nur sehr schlecht/Ich glaub Dein W-Lan funzt nicht recht.“ Wat beim „Faust“ nach ee Meta-Kommentar iwwert d’Produktiounskonditioune war, huet de Shakespeare-Klassiker „Mäcbess“ (an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen) an der Mëtt vum Stéck zum totale Stëllstand bruecht: Wéinst technesche Problemer huet een de Luc Schiltz just nach stomm erlieft – an dat grad bei der Begéinung vum MäcBess mat den dräi Hexen, déi him de Régicide prophezeien.
Dass dat dem Stéck nawell net den Doudesstouss ginn huet (dee koum an der verpixelter Versioun e puer Minutte méi spéit, wéi de MäcBess de Kinnék Duncan (Konstantin Rommelfangen) hannerlëschteg massakréiert, nodeems hien de MäcDuff (Philippe Thelen) op eng wonnerbar debil Aart, déi un ee Sketch vun den Inconnus erënnert, ofgelenkt huet,), louch engersäits un dem Improvisatiounstalent vun de Schauspiller, anerersäits awer och un der Form selwer.
Fir der Erausfuerderung vun de ville Schluechten a Kämpf gerecht ze ginn, huet d’Volleksbün dës Kéier ee RPG entwéckelt, dat u Zelda oder fréi Final-Fantasy-Episoden erënnert. D’Acteure ginn haaptsächlech um Bildrand projezéiert, wärend d’pixeliséiert Figuren a charmant-déiwer Opléisung iwwert de Schierm bëselen – esou konnten technesch Défaillancen mat Hëllef vun der Online-Gaming-Welt legitiméiert ginn. Och hei gëllt nees, dass et der Produktioun geléngt, an enger 20 Minutten op eng koherent Manéier dëse Klassiker iwwer Muecht, Verrot a Schold z’inzenéieren – et bleift just ze hoffen, dass d’Leit nom Lockdown dann och nach bereet sinn, sech déi Stécker nees an hirer méi exhaustiver Variant unzekucken.
Wiem de Wilde ze „earnest“ war, krut dofir leschte Sonndeg nees genuch Topegkeete gebueden. Scho virun dem Spilldebut leeft de Countdown, de Luc Schiltz huet e Mariokostüm un a bäisst an ee Champignon, wat hie wéi de Mario wuessen deet, de Philippe Thelen waart net op de Godot (erënnert Iech: kee Beckett), mä op seng Pizza, de Konstantin Rommelfangen poléiert e SNES-Controller an d’Elsa Rauchs übt den dräi Hexen hirt knaschtegt Laachen an der Lady „MäcBesser“ (!) hire (Corona-)Houscht. All déi, déi mat Rollespiller an enger (Super-)Nintendo-Konsol opgewuess sinn, fillen sech an der Geek-Welt vu „Mäcbess“ zimmlech séier immens wuel. Well och wann d’Liewen ee „Schied“ ouni Bedeitung ass, schafft dës Bedeitungslosegkeet ee prächtege Spillraum – nächste Sonndeg da mat „De Romeo an d’Juliette“. Trotz aller Freed un der Saach gëtt awer och de Jacques Schiltz zou: „Mir kënnen dat elo nach eng zwou Woche weidermaachen, awer dann huet sech d’Konzept wuel och doutgelaf.“
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Da mein Gemeckers über die geldsaugende , elitäre Kulturmaschine manch Zeitgenossen empört, möchte ich auch mal denen Lob aussprechen, die ohne grössere Geldforderungen ihre Projekte „ un den Mann“ sprich das Volk bringen.Lob für « d’Volléksbühn » .Kunst ist Idealismus , verliert der Künstler seinen Idealismus, wird Kunst zum Antonym.