Theater / En alarmgeséchert Liewen: „Ee Päerdechersspill“ vum Jean-Paul Maes
Eng biergerlech Enseignante huet geierft, am Bartrenger Appartement lieft allerdéngs nach ee Locataire – ee Forain, deem säi Loyer ni eropgoung an deen elo verdriwwe soll ginn. No an no komme sech déi zwou Figure méi no, mierken, dass se méi mateneen deelen, wéi hinne léif ass. Am neie Stéck vum Jean-Paul Maes geet et ëm gescheitert Existenzen an engem Lëtzebuerger Mikrokosmos, wou een deem anere säi Wollef ass.
Bartreng, anno 2023: Nom Doud vum Här Sunnen (Claude Faber) senge Proprietaire stellt d’Niess vun de Verstuerwene mat Erstaune fest, dass an der Wunneng ee Locataire haust. Dass den Här Sunnen och nach ee Forain, ee „bäigeprafftene Kiermesmënsch“ ass, fënnt d’Madamm Dondelinger (Nicole Max) nach méi problematesch – schliisslech ass Bartreng mëttlerweil „propper“, déi deier Loyere missten u sech dofir gesuergt hunn, dass Leit ewéi den Här Sunnen ganz natierlech, no de sozialdarwinistesche Gesetzer souzesoen, aus deenen deiere Véierele verschwanne géifen.
Fir iwwert wichteg Affairen ze diskutéieren, schellt si beim Här Sunnen un der Dier. Séier gëtt kloer, dass si de Loyer, deen déi tolerant Proprietairen ni erhéicht haten – vun der Guttmiddegkeet oder Senilitéit vun ale Leit profitéieren, nennt d’Madamm Dondelinger dat – an d’Luucht setze wëll, mat dem relativ evidenten Zil, hire Locataire esou ze verdreiwen: Si weess ganz genee, dass hie sech als Forain déi aktuell Präisser net leeschte kann – an hie weess ganz genee, dass si dat weess, an domat um laangen Hiewel sëtzt.
Wat ufänkt, ewéi een ongläicht Schachspill, entwéckelt sech no an no zu enger Partie, bei där ganz aner Saachen um Spill stinn – séier fënnt een eraus, dass déi zwee sech eigentlech kennen, och wann d’Madamm Dondeliger dat weeder him nach sech selwer wëll agestoen. Wärend si an allem, wat hie vu sech gëtt, ee Versuch vu Manipulatioun gesäit, schéngt hien allerdéngs besser ze wëssen, a wéi engem Kontext si scho mol openee gestouss sinn.
Well se allen zwee hir Läichen am Schaf hunn, gëtt als éischt eemol laang, ganz laang ëm de Bräi geschwat: Déi zwee taaschte sech uneneen erun, dem Claude Faber säi Forain mat lakonescher Rou a skeptescher Distanz, der Nicole Max hir Enseignante mat Couchë vu biergerlecher Süffisanz, déi bis an den affektéierten, pseudo-franséischen Accent duerchdréngt.
Hannert hirer opgesater Indignatioun verstoppe sech eng Leidenschaft fir de Shakespeare, gescheitert Ambitiounen, als Schauspillerin Carrière ze maachen, an eng traumatesch Experienz, déi si mat vill Wäin esou laang erofspullt, bis se strack genuch ass, fir hir eege Ligen ze gleewen. Well si sech selwer esou déif an d’Täsch litt, dauert et, bis een de Personnage cernéiert.
Op dat falscht Päerd gesat
No an no awer gesinn d’Zuschauer*inne méi kloer, fënnt ee sech an dem Netz u Selbsttäuschung zurecht. Ëmmer méi geet et ëm zwou Kannerfiguren: de Gusti, oder Gasti, Nimm sinn net esou wichteg, urteelt d’Madamm Dondelinger, déi sech hiert Liewe schéin an hir Vergaangenheet ewechdrénkt, ee Kand, dat just un d’Léiere geduecht huet, fir dat all Méiglechkeeten oppe waren, deem d’Welt zu Féiss louch an iwwert deem seng brillant Zukunft sech beim Familljeniesse gebretzt gouf – an dat mat 18 Joer eng Scheier a Brand gesat huet. Duerno huet, ausser de Flamen, déi an der Donkelt d’Holz vun der Scheier lues opgefriess hunn, näischt méi am Liewe vum Gusti gefonkelt.
Zukunftsperspektiven hat de Jérémie, de Bouf vum Forain, der vläicht och. Mä zanter hie bei der Madamm Dondelinger am Cours war, huet sech de Wand gedréit – als Monster bezeechent si och haut nach den deemolege Schüler, hëlt hie wéi och déi aner Däiwelen als Virwand, fir scho fréi Moies zur Fläsch Cognac, déi an hirer Posch eng diskret Bëls mécht, ze gräifen.
Well d’Madamm Dondelinger sech konnt op d’Ënnerstëtzung vum Direkter verloossen – ee Kolleeg vun hirem Mann, deen der Koppel ëmmer nees a schwierege Situatiounen de Réck gestäipt huet, esouwuel, wann de Mann sech alt nees un de Meedercher vergräife wollt, ewéi och, wa si nees doutsat hire Cours gehalen huet –, ass hir Autoritéit ni wierklech a Fro gestallt an de Jérémie ëmmer méi zum Monster stigmatiséiert ginn. Dass de Bouf duerno an d’Droge gerutscht ass, kann nëmmen, sou mengt de Forain, un der Dondelinger leien.
„Mir haten dach ni eppes mam Minett ze dinn“
Ee gëtt deem aneren d’Schold, well keen der Wourecht an d’Ae wëll kucken, zwou Astellungen zum Liewen, déi net méi verschidde kéinte sinn, prallen openeen a komme sech, wat sech déi gliese Läiche vun den eidele Wäifläschen tiermen, méi no: Am Jean-Paul Maes sengem raffinéierte „Päerderchesspill“ (den Text ass bei wäitem besser ewéi säi Bäitrag lescht Joer zur Kaleidoskop-Poduktioun „Et geet ëm eng gëlle Kou“) geet et ëm sozial Konditionéierung, ma och ëm d’Responsabilitéit, déi Elteren a Proffen fir d’Liewensentscheedunge vun de Kanner a Schüler matdroen – de Maes weist, dass eng „behitte“ Kandheet net virun dem Scheiteren oder dem kriminelle Wee schützt. „Mir haten dach ni eppes mam Minett ze dinn“, mengt d’Dondelinger, well déi Scheier, déi de Bouf a Brand gestach huet, zu Diddeleng war.
Wéi am Hermann Koch sengem Roman „The Dinner“ geet et ëm Verantwortung fir déi Verbriechen, zu deenen eis Kanner fäeg sinn, gläichzäiteg geet et, ganz änlech wéi am Andy Bausch sengem „Little Duke“, deen dëse Mëttwoch an eise Kinoen ugelaf ass, ëm Gentrifizéirung, ëm Loyeren, déi kee sech méi leeschte kann, ëm ee Land, an deem just nach Dokteren, Affekoten, Banquieren a Fonctionnaire kënne liewen (et ass eigentlech scho komesch, dass ee Forain iwwerhaapt am deiere Bartrenger Paradäis liewe sollt), ëm d’Schauspillerei an, quasi niewelaanscht, ëm d’ #metoo-Beweegung.
Dass de Jean-Paul Maes ee ganzt Kaleidoskop un Themen uschwätzt, ass duerchaus legitim – d’Erfuersche vum Mikrokosmos vum Enseignement erlaabt et, vun Alkoholsucht bis zur sexueller Belästegung esou munches ze thematiséieren –, leider erlaben et déi gutt 90 Minutte Spillzäit net, iwwerall an d’Déift ze goen, esou dass et heiansdo wierkt, ewéi wa verschidde Sujeten just opgegraff goufen, well et grad an den Zäitgeescht passt. Och hätt ee sech gewënscht, méi iwwert dem Sunnen säi Liewen als Forain ze erfueren.
De Schauspill-Duo mécht dobäi säi Bescht, fir den zwou Figuren eng tragikomesch Déift ze ginn, an och wann net all Klischee evitéiert gëtt an d’Nicole Max heiansdo e bëssen ze déck opdréit oder hiert Spill an hir Intonatiounen en Tick ze oft widderhëlt (d’Indignatioun, déi um Schluss vun de Sätz gezischt gëtt), geléngt et deenen zwee relativ gutt, zwou futtis Existenzen ze verkierperen. Bedauerlech ass, dass d’Mise en scène wéi och d’Bünebild leider hir Ofwiesenheet vun Iddien als Minimalismus tarnen – deen usprochsvolle Huis Clos, gedroe vun engem iwwerzeegende Schauspill, hätt definitiv méi Kreativitéit a senger Ëmsetzung op der Bün verdéngt.
Weider Virstellungen de 17., 18., 19. an 20. Mai um 20.00 Auer an den 21. Mai um 17.30 Auer am KulTourhaus Huncherange.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos