Luxemburgensia / „Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht“ vum Joseph Kayser
Knapp ee Joer no sengem misanthropeschen „De Mann, deen ëmmer laacht“ verëffentlecht de Joseph Kayser „Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht“, ee Roman iwwert schlofend jiddesch Konten, dee sech leider dem nämmlechte Virwërf wéi „Stella“ vum Takis Würger an „Charlotte“ vum David Foenkinos stelle muss – nämlech, jiddesch Geschicht als Virwand fir eng pathosgeluedenen, deelweis uerg kitscheg Fiktioun ze benotzen.
Zanter bal 40 Joer schafft den Arthur Schimberg, dee „gutt installéiert a sengem Eleng“ um Lampertsbierg haust, fir di lëtzebuergesch Filial vun der däitscher Drebenstatt-Bank. Seng lescht Missioun: Dokumenter archivéieren, fir d’Schléissung vun der Filial no de gesetzlechen Normen z’erméiglechen. Den Arthur ass ee Mann ouni besonnesch Eegeschaften, eng liicht blatzeg Figur, déi an dëser Zort Bildungsroman Faarf wäert kréien – an historesch Faarf muss bekennen.
Dem Arthur säi präzis gereegelten Alldag tëschent Maria-Callas-Placken, den Archive vun der Bank a senger Leidenschaft fir Velostrajete gëtt nämlech um Ufank vum Buch op d’Kopp geheit – engersäits kommen Erënnerungen un d’Duechter vum Patron, an déi e sech verléift hat, héich, anerersäits gëtt hie vun dräi louche Gestalten an de Westeschgaart gelackelt. Do versichen déi onscheinbar Männer, hien als Inside Man ze rekrutéieren – hie soll hinnen hëllefen, „d’Ongerechtegkeet“, „de Schmu“ an „déi Sauereien, déi am Krich an an den éischte Joren duerno gelaf sinn“ opzedecken. Dobäi spillt ee Bichelchen, dat déi sëllegen anonym Kontosnummeren, déi hien am Alldag repertoriéiert, u konkret Nimm bënnt, eng grouss Roll. Séier sinn dann och dräi aner louche Gestalten, dës Kéier mat geschuerene Käpp a Liederjacketten, um Carnet interesséiert.
Wéi den Arthur dunn och nach déi kriibskrank Marie Goldschmidt, där hire Familljennumm och am Bichelchen opdaucht, kenneléiert, huet wuel jiddwer Lieser begraff, dass et em schlofend Konte geet. Leider muss dem Arthur Schimberg de Plot bis an de leschten Detail erkläert ginn, woubäi ee sech freet, op de Joseph Kayser de Lieser net vläicht ze vill mat der Hand wollt huelen oder op säin Uleies, eng extrem naiv Haaptfigur ze zeechnen, hien dozou verleet huet, den Arthur mat ze wéineg groer Matière z’ekipéieren.
Op alle Fall muss d’Marie Goldschmidt dem Arthur verdäitlechen, wat et mat den Zuelen an den Nimm a sengem Bichelchen op sech huet: „Eis Eltere kruten am Krich gesot, se sollen hiert Geld op déi Bank ginn. Dat wär dee sécherste Wee, et nom Krich nees erëmzekréien. Just dass nom Krich kee méi wousst, kee méi wollt wëssen, wat mat all deem Geld geschitt ass.“ Duerno kritt den Arthur dann och nach erkläert, wisou net all Familljemember de Krich iwwerlieft huet („‚Theresienstadt. Scho mol héieren?’ freet d’Marie“) – an dass Goldschmidt, tiens donc, ee jiddeschen Numm ass („Judden? Deng Famill war (sic!) jiddesch?“, freet den Arthur).
Esou vill historesch Onwëssenheet ass bei enger Figur, déi an aneren Domainer e gewësse Grad u Kultivéierung opweist, relativ onglafwierdeg a verwonnert och a spéidere Passage vum Roman ëmmer nees: De Kontrast tëschent enger all ze däitlecher Onomastik – een Agent vum jiddesche Geheimdéngscht heescht beispillsweis Samuel Stein – an der Naivitéit vum Arthur wierkt konstruéiert an onbehollef. Wann de Schimberg ganz bewosst de Kapp an de Sand hätt wéilte stiechen, hätt dat mat aneren, méi subtilen erzieleresche Mëttele kënnen ausgedréckt ginn – d’Wourecht kann een ëmmer nëmme bis zu engem bestëmmten Abléck ënnerdrécken.
Schlofend Konten
Wat ufänglech nach als dramatesch Ironie duerchgeet – de Lieser weess quasi zu all Zäitpunkt méi, wéi dem Kayser seng Figur –, fänkt iergendwann un, d’Erzielung u sech ze kontaminéieren. Esou ergi verschidden Handlungswendunge wéineg Sënn, well d’Grenz tëschent Fiktioun an Dokumentatioun onkloer ass. Elementer, déi dem Lieser wéineg plausibel virkommen (fir der Marie hir Suen zréckzekréien, geet et duer, dass den Arthur der Gerante vun enger Schwäizer Bank eng Kontosnummer uvertraut) baséieren op historescher Recherche – dass dem Lieser dëst entgeet, läit och dorunner, dass aner Passagen ze parodesch sinn an de Roman dofir säin Toun net wierklech fënnt (wärend engem haselege Showdown zerklappe sech déi zwee Geheimdéngschter wéi Schoulbouwe virun den Ae vun engem besoffenen Arthur, dee schlussfolgert, si géifen hien „elo, wou se sech begéint sinn“ net méi brauchen an dofir och mat Rou loossen).
Et wierkt, wéi wann de Joseph Kayser a sengem Wierk ganz no der Bestseller-Logik esou vill Theme wéi méiglech hätt wéilten ënnerbréngen. Nieft dem historeschen Opschaffe vu schlofende jiddesche Konten – ee wichtegt Thema, deem seng Verflechtung an enger Fiktioun u sech luewenswäert ass – ass dem Kayser säi véierte Roman gläichzäiteg een Agente-Thriller, an deem senger Mëtt ee liicht beschränkte Personnage steet (et denkt een deelweis un eng manner gelongen, net immens witzeg Versioun vun de Coen-Bridder hirem „Burn After Reading“), eng kitscheg, melodramatesch Love-Story mat enger loucher Dräiecksbezéiung an eng verwénkelt Familljegeschicht mat engem Inzestplot, dee liicht ze duerchkucken ass. Niewebäi daucht mam Tibbo och nach eng Figur op, déi et dem Kayser erlaabt, iwwer verlueren Dreem, verschenkte Jugend, Ofhängegkeet a Biergerlechkeet ze sënnéieren.
Wat vum Dag bleift
An all deem verléiert den Auteur dat, watt d’Haaptthema vum Buch hätt solle sinn – d’schlofend Konten – aus den Aen, sief et, well et just ee Virwand fir säi Melo-Thriller war, oder well en ze vill Handlungssträng gläichzäiteg opzéie wollt. Mam Resultat, dass den zentrale Sujet mat Gläichgëltegkeet, deels esouguer mat Respektlosegkeet behandelt gëtt – ee Virworf, deen dem Takis Würger virun engem Joer no der Verëffentlechung vu sengem Roman „Stella“ gemaach gouf an deen d’Ofwiesenheet vu präziser historescher Dokumentatioun just bestätegt.
An der Aart, wéi eng Figur sech lues a lues der Enormitéit vun der Nazi-Ideologie an den déifgoende Verstréckunge mat hirem eegene Liewe stellt, erënnert dem Kayser säi „Fréijoer“ un „The Remains of the Day“. Mä do wou dem Kazuo Ishiguro säi Roman eng naiv Butlerfigur duerstellt, déi um Roadtrip zu hirer verpasster Léift feststellt, dass si engem Kollaborateur gedéngt a sech der Nazi-Ideologie quasi stellvertriedend verschriwwen huet, bleift hei de Moment vun der Epiphanie aus. Dem Arthur Schimberg seng Erkenntnis, onbewosst kollaboréiert ze hunn, féiert weder zur grousser Rebellioun nach zu enger Afrostellung vum eegene Liewen: Säi Geste vun der Reparatioun bleift limitéiert, onbehollef, hien interesséiert net mol den Hannergrond vun der Famill Goldschmidt, mä just seng perséinlech Relatioun mat der Marie – dobäi befanne sech honnerte vun aneren Nimm a sengem Bichelchen. Kloer, och kleng Gesten zielen – mä den Arthur Schimberg hannerfreet säi Weltbild net, mierkt net, dass seng Handlung net duergeet, hätt am Léifste mat der ganzer Saach näischt ze dinn.
Well de Roman ze vill matenee wëll, verpasst en de Rendezvous mat engem Thema, dat en opschaffe wollt. D’Erzielung geet net wäit, ass net daper genuch, verléiert sech an Niewenhandlungen a gëtt esou zum Spigelbild vun hirer Haaptfigur. All dat ass ëmsou méi schued, well dem Kayser seng Schreif ee Strapp evoluéiert huet – heiansdo wierken d’Biller zwar ze beméit oder de Stil ass ze belanglos, mä et spiert een eng Ausenanersetzung mat der Sprooch, eng Sich no Prezisioun, déi an de viregte Bicher net ëmmer do war.
Info
„Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht“, vum Joseph Kayser,
Editions Schortgen, 2020, 129 Säiten, ISBN 978-99959-36-92-1
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
cet hypocrite frustré par tous ses échecs personnels (peintures-cubismes etc..) se permet, sans complexe, d’écrire sur l’histoire juive qu’il ne connait absolument pas. Tout est bon, à ses yeux larmoyants, pour faire vendre: la publicité gratuite même et surtout s’il s’agit d’un peuple qui a tant souffert. Etonnant, mais en même temps compréhensible venant d’un homme peu fiable qui a si peu de compassion pour son prochain, alors pour les juifs….
@mike
s’il s’agit d’un peuple qui a tant souffert.
Et qui fait tant souffrir! 2020!