Messtival zu Reckeng / What a mess?
Wie mat Techno net vill unzefänke weess, muss de Weekend nawell net musikalesch erdiichteren: De Messtival, curatéiert vum Maz, weist d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Musikzeen mat engem Schwéierpunkt op sozialen Themen an Diversitéit.
De Julien Primout, fréiere Chefgrafiker (oder, fir ee méi freshen Term ze benotzen: Art Director) beim Tageblatt, mä och (a virun allem) bekannt als Frontjäizert bei Everwaiting (elo: Falling) Serenade an als Wuertakrobat beim Hip-Hop-Duo Freshdax, sëtzt entspaant bei engem Italo-Tonic (oder esou) a senger Kantinn, dem „Mess Café“. Wat kléngt ewéi en Underground-Drog-Labo aus „Breaking Bad“, ass ee charmante Schapp ganz aus Holz, deem seng Canneloni esou legendär gutt solle sinn, dass een se och dëse Weekend wärend der éischter Oplag vum Messtival z’iesse wäert kréien – ee Festival, iwwert dee mer eis an der Mëttespaus ënnerhalen.
De Messtival soll net just ee weidere Lëtzebuerger Festival sinn – där kann et der zwar, zanter mer zwee Joer plus ou moins musikalesch agespaart waren, gefillt net genuch ginn (dëse Weekend ass beispillsweis och den LOA, a wann den neien Europafeierdag am aktuelle Kontext iergendwéi e bësse lächerlech wierkt, war en da vläicht awer wéinstens ee gudde Virwand fir ee musikalesche Weekend), nawell awer bitt de Messtival, ofgesi vun engem gudden Numm, e puer Saachen, déi soss éischter seele vertruede sinn an der lokaler Festival-Landschaft. Ofgesinn dovun, dass d’Entrée fräi ass, dass et ee Musikfestival fir d’ganz Famill ass, dass sech d’Organisateuren Diversitéit grouss op d’Stier geschriwwen hunn, huet de Festival och eng musikalesch Identitéit, déi de Schwéierpunkt op den Hip-Hop an dat Soziaalt leet.
Ugefaang hat d’Iddi mam Maz, dem jonke Lëtzebuerger Nowuess-Hip-Hoper, deen ee bal net méi virstelle muss. Well de Julien sech souwisou ëm d’Festivitéiten an der Gemeng këmmert an nodeems hien 2019, um leschten Nationalfeierdag virun der Pandemie, de Maz, deen eben och aus der Gemeng staamt, gebucht hat, konnt d’Iddi fir ee méi konsequente Festival lues a lues räifen.
Zwou Saachen hunn du quasi aneneegegraff: Engersäits huet de Julien Primout, deen och Sekretär vum Kultureck ass, enger Asbl, déi Kultur an der Gemeng Reckeng promot, mam Kulturschäffen, dem Christian Tolksdorf, driwwer geschwat, ee Festival z’organiséieren, dee ganz am Zeeche vum Urban Art steet – deen also alles, wat Graffiti, Breakdance a Stroossekultur ubelaangt, fërderen soll. Gläichzäiteg sot de Maz wärend engem pandemesche Spadséiergank mat sozialer Distanz an enger Béchs Fanta (fir de klenge Bartheschen Effet de réel), well hien an där Gemeng opgewuess wier, wéilt en hir och eppes zeréckginn. Natierlech gouf pandemiebedéngt den Datum ëmmer nees verréckelt, bis sech op de Weekend vum Europadag 2022 gëeenegt konnt ginn.
„Mir wollten de Fokus awer net just op d’Urban Art leeën, well dat Format net jiddereen uschwätzt. Dofir hu mer eise Messtival an ee Festival eraplazéiert, deen Diversitéit an d’Villfalt vun de Kulture feiert an dee mer schonn eemol opgezunn hunn: de Multikulti.“ De Messtival ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng, der Kultureck Asbl an dem Maz, deen den Ambassadeur an de Curateur vum Festival ass. „De Maz hat eng Carte blanche a konnt sech säi Line-up fräi zesummestellen. Mir hunn eis zimmlech séier mat Konektis zesummegesat, wat d’Bookingagentur vun de Gruppen ass, well mer fir d’Koordinatioun an de Stage Management op déi Erfarung wollten zeréckgräifen.“
„Wichteg war et eis och, dass d’Gruppen op der Bün sollen ee Message hunn, dee sech an eng inklusiv, progressiv, sozial, divers Thematik aschreift, wéi dat och bei Pleasing, déi vläicht stilistesch e bësse wéi en UFO am Line-up wierken, de Fall ass“ – mat sengem Projet mécht de Patrick Miranda nämlech ganz vill ronderëm mental Gesondheet.
Weiderhi sollen och all Alter, Hautfaarf, Stiler, Orientatioun vertruede sinn an Theme wéi Nohaltegkeet an Ëmwelt, déi di Jonk hautdesdaags beschäftegen, wärend dem Festival am Kader vu Workshops ugeschnidde ginn.
Wisou déi verschidde Segmenter vum Reckenger Weekend ënnert dem Hyperonym „Merlettëfest“ opgezu ginn, wat genee eng Merlette ass, wat dat Déier mat Reckeng ze dinn huet, a wéi gutt d’Canneloni am „Mess Café“ wierklech sinn – dat kënnt Der de Weekend tëschent de Shows vu Maz, Chaild, Pleasing, Naomi Ayé an Jambal (feat. Culture the Kid) erausfannen.
- Barbie, Joe und Wladimir: Wie eine Friedensbotschaft ordentlich nach hinten losging - 14. August 2023.
- Des débuts bruitistes et dansants: la première semaine des „Congés annulés“ - 9. August 2023.
- Stimmen im Klangteppich: Catherine Elsen über ihr Projekt „The Assembly“ und dessen Folgeprojekt „The Memory of Voice“ - 8. August 2023.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos