Leserforum / In memoriam Arthur Muller
Den Arthur Muller huet eis den 12. Juli 2024 leider fir ëmmer verlooss.
Hien huet zënter 1963, wou hien op Ettelbréck geplënnert ass, sech net nëmmen als ganz engagéierten Schoulmeeschter mat Freed un der Wëssensvermëttlung, mä och ganz besonnesch als wäertvolle Lokalhistoriker en Numm gemaach.
Iwwert Joren huet hien ee räicht Privatarchiv, mat Fokus op Fotoen, opgebaut.
„Dokumenter, och an audiovisueller oder elektronescher Form, mussen der Allgemengheet gehéieren a sollen zougänglech bleiwen“, sou eng vu sengen Aussoen. Soudatt den Arthur och anerer vu sengem Wëssen a senger Sammlung profitéiere gelooss huet.
Hien huet ville Leit Material zesummegestallt, wann déi eng Brochure oder eng Ausstellung wollte maachen oder konkret eng bestëmmte Foto gesicht hunn. An d’Informatioun war ëmmer, sou wéi et dem Arthur seng Devise war, präzis a korrekt.
Hien huet gäre gehollef, wann e konnt. Awer et ass no sengem Rhythmus gaang. Et ass ee bei hien op de legendäre Späicher gaang an huet mat him gekuckt a fonnt an et da krut.
Als Benevole huet hien sech jorelaang ëm d’Gemengenarchiv gekëmmert.
Nieft der Kollekt vu Material huet hien awer och vill Artikele geschriwwen an déi gréisstendeels mat senge sëllege Fotoen illustréiert. Besonnesch ervirzehiewe wieren d’Buch „Lyra Ettelbrück – 100 Jahre Chorgesang und Theater“, d’Buch „Ettelbrück 1780-1980 – 200 Jahre Marktgeschehen“ an d’Brochure iwwert d’Ettelbrécker Museksschoul, dem spéidere Conservatoire du Nord.
Ouni dem Arthur seng Honnerte vu Fotoe wier dem Joseph Flies säi monumentaalt 2.300-säitegt Wierk „Ettelbrück – Die Geschichte einer Landschaft“ net sou flott ze kucken an ze liesen.
Di meescht Rechercheaarbecht dierft awer wuel a seng Artikelserie iwwert d’Ettelbrécker Judde gefloss sinn, déi e mat sengem gudde Frënd a Beruffskolleeg Will Dondelinger realiséiert huet. Dës Communautéit, déi wesentlech zum wirtschaftlechen Opschwong vun der Geschäftsstad Ettelbréck bäigedroen huet, hat et dem Arthur ugedoen.
Dës Artikelen a vill aner Contributiounen a Wuert a Bild huet hien fir de Reider, de lokale Gemengebuet, geschriwwen. Hie war laang aktive Member vum Redaktiounsgrupp vun dësem Informatiounsblat, dat hien 1987 matgegrënnt huet. Wärend 18 Joer war hien och Member vun der Kulturkommissioun.
Den Arthur huet gehollef, zu Ettelbréck d’Lasep ze grënnen, a war aktiv bei der Organisatioun vun de Matcher bedeelegt.
Fotoen huet hien der vill gemaach. Sief et an der Schoul, wou et keng Klass ginn ass, déi hien net mam Enseignant geknipst huet, bei de Lasep-Matcher oder anerwäerts.
Hie war ëmmer aktiv, wann et gegollt huet, d’Schoulkanner an Ettelbrécker Feierlechkeete mat anzebezéien. Bei der 200-Joer-Feier vum Ettelbrécker Maart huet den Arthur sech iwwertraff mat der Gesamtorganisatioun, wou Aktivitéite fir de Public sech iwwert bal ee ganzt Joer higezunn hunn.
Hie war a villen Organisatiounscomitéen a Redaktiounsekippen zu Ettelbréck engagéiert, war awer keen, deen onbedéngt huet missen an der éischter Rei stoen. Dacks huet hien d’Fiedem am Hannergrond gezunn, respektiv war den „Ideengeber“.
Op säi Wuert a Kommentar ass gelauschtert ginn.
Den Arthur war vun 1963 un am Comité vum Fotoclub an och dräi Joer laang hire President. Wat net erstaunlech ass, wann ee seng Begeeschterung fir Fotografie kennt. Schwéierpunkt war bei him d’Dokumentatioun iwwer Ettelbréck. Duerfir gouf et all Joers vum Fotoclub, zënter Enn vu de 70er bis Ufank der 80er Joren, eng kommentéiert Diashowrevue iwwer all dat, wat sech an Ettelbréck gedoen hat.
Den Arthur hat och e Faibel fir Genealogie an de Patrimoine local. Soubal e Gebai ofgerappt gouf, huet hien et fotografesch veréiwegt. Haut si mer frou, dës Biller ze hunn.
Hien huet d’„Remembrance Days“ fotograféiert an déi faméis Fotoalben, souwéi d’Buch „Ettelbruck-Portrait“ matrealiséiert, dëst ëmmer mat senge Kolleege vum Fotoclub.
Zanter der Mathëllef am Organisatiounscomité fir d’75 Joerfeier vun der Lyra 1986 louch den Ettelbrécker Männergesangveräin him um Häerz. Do war seng sécher Stemm am éischte Bass geschätzt an hei konnt hien seng Passioun, Sangen a Musek, ausliewen, verbonne mat der Veräinsgesellegkeet, déi hien och héichgehalen huet. Hie war den attitréierten Archivist vun de Partituren a Conferencier bei Concerte mat recherchéierten an humorvollen Hannergrondinformatiounen.
Den Arthur Muller war bestuet mam Véronique Kesseler. Zesumme waren si eng Koppel, déi bekannt war fir hirt Interesse u Kultur a Geschicht. Sie waren och eng glécklech Famill mat hiren zwee Meedercher, Béatrice a Françoise, a spéider hire fënnef Enkelkanner a véier Urenkelen, dem Bopa „Pimi“ säi ganze Stolz.
Mir wäerten den Arthur nach laang an allerbeschter Erënnerung behalen an säi räicht Wierke bleift fir eis nach ëmmer eng wichteg Quell vun Informatioun.
De Mënsch Arthur Muller war ee grousse Gewënn fir eis all an hien huet sech em d’Stad Ettelbréck verdéngt gemaach.
- Ein Blick hinter die Kulissen des CFL-Multimodal-Terminals - 30. Oktober 2024.
- Brand im Schifflinger Tierasyl: „Die Tiere sind safe“ - 30. Oktober 2024.
- Frieden schaffen durch immer mehr Waffen? Luxemburg sollte das 2%-Dogma der NATO infrage stellen - 30. Oktober 2024.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos