Leserforum / D’Seeche vum gudden Deputéierten

Vru laangen, laangen Zäiten,
et si wuel honnert Jor,
du gouf et mol e Männchen,
deen an der Chamber wor.
Dee Männche wor sou dichteg,
sou brav a sou gescheit,
an ower wor hien ëmmer
beléift bei alle Leit.
Hien huet seng Meenung däitlech
an ouni Falsch gesot,
doraus gesäit ee sécher,
hie wor keen Affekot.
Fir d’Land, fir d’Vollek schaffen,
dat wor säin Ideal,
vum Geld a vum Bestiechen,
huet hien net vill gehal.
Mat deene klenge Leiden
huet hien et gutt gemengt
an all seng Chamberspesen
dem Roude Kräiz geschenkt.
Wor d’Vollek onzefridden,
huet hie sech bal verraut,
an ass hien net gestuerwen,
da lieft och nach haut.
- Widerstand gegen das NS-Regime: Jean-Pierre Haas und die Schifflinger LRL - 18. Februar 2025.
- Landesmeisterschaft mit rund 30 Rekorden – Notschaele gewinnt Gold bei der Masters-EM - 13. Februar 2025.
- Bundesligaspiel in Berburg: Luxemburger Mladenovic schlägt die Nummer 11 der Welt - 10. Februar 2025.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos