Leserforum / Nordstad, Nee zu Bettenduerf
An enger Zeitung stellt den Auteur déi rhetoresch Fro: Geet et just ëm Suen? Et soll kee Bettenduerfer Politiker kommen an mir soen, Suen wären ni dat wichtegst Element gewiescht. Firwat hunn hir Politiker sech nach 2024 driwwer beschwéiert, firwat Ierpeldeng géif CDA ginn a Bettenduerf net?
Da ginn Nodeeler opgezielt, déi et an Däitschland bei Fusioune géife ginn. Net gesot gëtt, dass aleng bei Gemengen, déi per „Gebietsreform“ par Force bestuet goufen, negativ Facteure konnte festgestallt ginn.
Wei wäit ass et iwwregens vu Gilsdref bis op Miedernach an d’Ärenzdall-Märei respektiv, worst case, bis op Ierpeldeng an déi nei Nordstad-Märei?
Den Auteur bemängelt, dass d’Bierger net agebonne goufen a keng Argumenter géife kennen. Dat stëmmt net. Nozeliesen ënner https://www.nordstad.lu/fusion-nordstad/was-ist-eine-gemeindefusion.
Zu Schieren war trotz Invitatiounen de Besuch beim Bierger-Forum mangelhaft. De Rapport vun enger Sëtzung vum Bierger-Rot ass kloer: „Auch in Bezug auf die Bürgerforen äußerten sich die anwesenden Mitglieder zufrieden – abgesehen von den geringen Teilnehmerzahlen vor allem in den größeren Gemeinden.“ Ënner „Bürgergutachten Nordstad-Fusion“ fënnt jiddereen, deen interesséiert ass, Conclusiounen, wou och déi kritesch Recommandatioun vun de Bierger-Fore mat agefloss sinn.
Sue sollen natierlech kee Selbstzweck sinn, mee et sollt de fënnef Gemenge Projete finanzéiert ginn, fir déi elo Geld feelt. Natierlech sollt et och deen een oder anere „Leuchtturmprojekt“, wéi dat elo heescht, fir d’Nordstad ginn. Wei wär et mat engem Alters-/Pfleegeheem och fir déi al Bettenduerfer a Schierener Leit? Hutt der dru geduecht, dass de Kuebe-Futtballsveräin vu Gilsdref no der Fusioun säin Oktoberfest an der Dikrecher Seeërei oder an der Däich-Hal zu Ettelbréck zu den nämmlechte Konditioune kann ofhale wéi d’Young Boys an den FC Etzella? Hutt der schonn dru geduecht, dass déi alengerzéiend Mamm vu Méischdref, déi beim Pütz zu Schiere schafft, hiert Kand ouni Minerval am Fondamental zu Schiere kéint aschoulen oder an der Crèche kéint ënnerbréngen?
It’s not only the money, stupid.
Dir schreift, de Risk géif bestoen, dass ee sech virun der Hochzäit de Batti stelle géif a sech express verschëlle géif. A wat ass, wann et keng Fusioun géif ginn? Schieren ass haut per Kapp scho fënnefmol méi verschëllt wéi Bettenduerf, ouni dass se dobäi u Fusioun geduecht hunn. Beim Fusiounsgesetz misst Schieren deemno konsequenterweis méi e klengt Stéck vun der Hochzäitsprime (Bettenduerf aleng 12 Milliounen Euro) kréien.
Wann ech liesen, dass Schieren an Ierpeldeng riskéiere géifen, duerch Ettelbréck an Dikrech erdréckt ze ginn, muss ech de Kapp rëselen. Ech kéint gradsou gutt behaapten, déi zwou Gemengen hätten een Joker. E Spezialgesetz kann Derogatioune virgesinn an natierlech mussen déi Bettenduerfer och ëmmer am neie Gemenge-Schäfferot vertruede sinn, jo de Buergermeeschter vu Bettenduerf kéint souguer deen éischten Nordstad-Buergermeeschter ginn. Jo, nach besser, déi Bettenduerfer kënne souguer just hir Leit entweder a Majorz- oder Proporz-Wale bestëmmen.
Drum prüfe, wer sich ewig bindet, heescht et, wann zwee sech bestuede wëllen, sachant datt et net ëmsoss heescht: „Der Wahn ist kurz, die Reu ist lang.“
Bei engem Bestietnis spille Schwéiermammen eng wichteg Roll. Et bien, de Bettenduerfer Gemengerot huet decidéiert, weder eng Prüfung ze maachen nach Schwéiermammen, an dësem Fall d’Vollek, ze froen a bleift léiwer Jonggesell*in. Et ass natierlech schwéier, een jonke Gemengerot ze iwwerzeegen, hee misst sech bei den nächsten Walen, quasi bis op puer Memberen, ofschafen.
Last but not least, ee Schierener Bierger sot mer viru Joeren, eng Fusioun wär schonns aleng gutt, fir Streidereien ewéi zu Schieren definitiv ad acta ze leeën. Ech kann dat schwéier widderleeën.
- Polizei meldet Sprengung eines Geldautomaten in Reisdorf - 17. Januar 2025.
- Nach Autopsie: Ministerin Hansen gibt weitere Details zu Todesursache - 17. Januar 2025.
- Navid Kermani: „Die großen Probleme unserer Zeit lassen sich nicht national lösen“ - 16. Januar 2025.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos