Leserforum / Vun Dackelen a filigrane Monsteren
Dat, wat mir virun zwee Joer scho gesot hunn, ass haut elo Realitéit: déi onméiglech Bréck iwwert d’Neiduerf wäert méi wei 40 Mio. kaschten! Deemools huet de Schäfferot eis ausgelaacht. Mat Sécherheet geet dat nach net duer, well et steet jo nach ëmmer kee Steen um aneren. Rieds geet vun engem Plus vun 30 Prozent – aus der Täsch vum Steierzueler. Wat seet de bloe Conseiller, dee viru Joren am Neiduerfer Schoulhaff stoung a sech um Mikro vun RTL echaufféiert huet, dës Bréck géif ze deier ginn? Wéi steet säi Parteikolleeg, de Fitschert, dee Mobilitéitsschäffen ass, dann haut zu senger Ausso: „Versprieche gehalen?“ Dës Bréck schéngt just e Gefale vun dësem Schäffen un „déi gréng“ ze sinn, vun deenen hie sech Stëmmen erwaart, fir erëmgewielt ze ginn. A wat seet d’Buergermeeschtesch dann dozou? De Kanal am Neiduerf war hir ze deier ginn an se huet sech deemools massiv driwwer opgereegt. Dee Kanal ass awer vill méi wichteg wéi dës Bréck. Geheit d’Madamm sech bei dësem onnëtze Projet da grad esou an d’Broscht? An da schwätzen déi do vun Ëmweltschutz!
Ma dës elitär Gesellschaft ass dach déi éischt, déi dee leschte Bam géif affere fir nëmmen e puer Euro. Hei gesäit et aus, wéi wann dës lénks geriicht, sozialistesch blo Elite-Partei alles géif duerchwénken a sämtlech liberal Wäerter iwwert de Koup géif geheien. An da sëtzen an de Kommissiounen och nach elauter Partei-Dackelen, déi just nëmme mam Kapp wackelen! Et ass traureg, wéi hei mat eise Steiersue verfuer gëtt. Déi geheien eist Geld einfach zur Fënster eraus, an dat just fir hiren Ego ze stimuléieren. Wou sinn an dësem Fall Éierlechkeet, Oppenheet, Transparenz – vun der Biergerbedeelegung guer net ze schwätzen, well déi gëtt als éischt ënnergebottert. Wéi wier et, wa bei esou groussen an deiere Projeten d’Bierger emol no hirer Meenung gefrot géifen (Kommunale Referendum) amplaz dass alles vun uewen erof diktéiert gëtt? D’Politik pocht jo esou staark drop, dass mir an enger Demokratie liewen – oder ass dat och just nëmme Fassad? Alternativen zu dësem filigrane Monster sinn ni richteg ausgeschafft ginn a verschiddener goufe mol net gekuckt. Dach – eng Kannerzechnung mat Strécher bei der Kierch, déi direkt verworf ginn ass. Viru Joren, wéi d’ Bréck bei der Kierch geplangt war, war déi Platz gutt an et war kee Problem, se do opzeriichten. Se hu jo iwwer 60 Ar Terrain kritt, fir se duer ze bauen.
A wat ass geschitt mat eise Petitioune vun 2015 an 2023, wou iwwer 90% vun de gefroten Haushalten aus dem Neiduerf, vum Weimeschhaff a vum Cents sech géint dës Verschwendung vun eise Steiersuen ausgeschwat hunn? Näischt bis guer näischt, se sinn am Drecksbac gelant, soubal d’Kamera fort war. Sollt een dëse Projet net einfach nei iwwerdenken an d’Alternativ bei der Autobunn net awer favoriséieren? Nach méi deier kann déi Variant kaum ginn!
- Polizei meldet Sprengung eines Geldautomaten in Reisdorf - 17. Januar 2025.
- Nach Autopsie: Ministerin Hansen gibt weitere Details zu Todesursache - 17. Januar 2025.
- Navid Kermani: „Die großen Probleme unserer Zeit lassen sich nicht national lösen“ - 16. Januar 2025.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos