So., 19. Januar 2025




  1. RomG /

    D’Jeunesse Esch huet en graven Problem mat enger Rei vun hiren « Supporter ». Den schwaarzen Block, oder wéi och ëmmer se sech nennen, ass amgang dem Escher Traditiounsveräin, an domadder och dem ganzen Fussbal zu Lëtzebuerg, ze schueden.

    Ech war gëschter, als neutralen Spectateur, den Escher Derby op d’Grenz kucken, en Terrain wou ech schonn zënter éiweg gären sou Spëtzematcher kucken ginn. Ma et fänkt awer un esou lues keen Pleséier méi ze sinn , well wat déi genannten “Supporter” sech gëschter geleescht hunn ass lamentabel. Dass et zu engem Escher Derby derzou gehéiert, dass sech mol vernannt gëtt, dass een deen aneren , op an ronderëm den Terrain, en bëssi provozéiert, ass gewosst an och normal. Ma et ginn awer Grenzen an déi sinn gëschter vun deenen vun der Jeunesse iwwerschratt ginn. Ech stoung net wäit ewech vun der Scène, wou d’Fra vum Fola Keeper en Bëscher Béier iwwert den Kapp geschott krut an och ugegraff ginn ass. Dass dorobber hin d’Emotiounen iwergekacht hun ass verständlech. Ech selwer gouf dorobber hin vun sou engem Jeunesse “Supporter” bal iwwert den Koup gehäit, wou deen dunn dohinner gelaf ass fir sech ze klappen. Hunn mech do schnell op den Wee heem gemaach, fir deem ganzen Tumult aus den Féiss ze kommen. Ma wat ech do um Wee fir eraus, bei deenen Leit an schwaarz, eng aggressiv Stëmmung erlieft hunn léisst mech näischt Guddes fir d’Zukunft erwaarden. Ech géif jiddefalls kengem méi roden, “en Famille” mat Kanner op Mätscher ze goen wou d’Jeunesse spillt. Well do sinn esou Incident’n virprogramméiert. Wéi ech gëschter Owend op der Télé gesinn hunn goufen duerno, wou ech schonn fort war, jo och nach Bengalo ugefaangen, direkt bei den Gradin wou d’Leit sollen laanscht goen.

    Ma wien sinn dann déi Supporter, oder soll ech léiwer soen “fouteurs de merde” ? Wéi ech aus engem Gespréich vun engem vun den Security Leit erauslauschtere konnt (mat engem gilet jaune un wou “Team-Leader drop stoung) kommen déi deelweis vun Metz an vun Tréier an hunn net vill mat der Jeunesse un Hutt.

    Den Comité vun der Jeunesse an definitiv gefuerdert. Wann se et net fäerdeg bréngen an dier doten Problematik eng Léisung ze fannen, dann fäerten ech dass an kierzester Zäit ganz vill vun den Sympathien verluer ginn déi sech dësen Veräin iwwer Joerzéngten opgebaut huet.

    PS : d’Police stoung jo och do mattendran an deem ganzen Gewulls. Et wier och vläicht mol derwäert als Escher Gemeng en Rapport iwwert d’Situatioun bei der Police unzefroen, well hei geet och allgemeng em den Ordre Public!

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos