Mo., 6. Mai 2024




  1. charles.hild /

    Neen Här Elvinger. Wann eng Equipe schlecht spillt a gehemmt optrëtt, dann ass et net de VAR dee Schold ass! Ons Männer hu verdéngt verluer, esou ewéi se gespillt hunn. Si ware mental net richteg op dee Match agestallt. Amplaz fräi drop lass ze spillen hu se bei all Pass iwwerluecht wat se am Beschte solle maachen. Awer nom Denke war de Ball du scho nees bei deenen aneren. Dat et och mat VAR net ëmmer „gerecht“ zougeet, dat ass jidderengem kloer. Awer ëmmerhin ass et ee Mëttel fir an ze gräifen. Eventuell wollt de Schidsriichter beim Eelefmeter seng Decisioun aus der éischter Hallschent “kompenséieren”. Awer den Eelefmeter war voll richteg. Et gëtt ëmmer esou gepaff. An de VAR huet richteg erkannt: kompenséieren däerf een, am Sport, bis elo nach net.

  2. Nomi /

    Sollt een net eng KI ansetzen fir den Schiedsriichter ze ersetzen. KI geif emmer d’selwecht urteelen !

  3. carlo wagner /

    Tiptop ären Artikel, Här Elvinger: der VAR muss weg!

    Jo, well fréier war alles besser. Do konnt ee nach den Arbitter mam Präbbeli op de Kapp schloen, wann deen nom Match séier an de Vestiaire gelaf ass. A wat hu mer gelaacht, wéi d’Preisen 1966 géint d’Englänner verluer hunn, well de russesche Linneriichter de Ball hannert der Linn gesinn huet. An d'“Hand Gottes“fir Argentinien eréischt … Dat ware nach Zäiten, wou et hannert der Clôture Kläppereie gouf wéinst Abseits, Hands a brutalem Foulspill, déi d’Arbitteren net gepaff hunn, well se jo all blann oder korrupt waren.

    Gell, mär kennen „unzählige Beispiele“ vun Ongerechtegkeeten wéinst dem VAR, an dofir ass et eis och egal, dass de VAR an der Tëschenzäit Millioune mol Recht hat.

    Mär wëllen, dass eise Futtball-Sport fräi bleift vu modernem Technik-Schnickschnack, well fréier hate mer dat och net an et ass awer eppes aus eis ginn. Mär wëlle net, wéi bei deene Weicheier am Rugby, Tennis, Volley, Handball, Judo, Hockey, Äishockey, etc., dass Entscheedungen duerch Ge-Palavers um Terrain getraff ginn. Mee mer wëllen dat eréischt owes gesinn an der Sportschau, wou mer déi bescht Momenter nach eng Kéier kënne kucken, mat de Kommentaren vu kompetente Journalisten.

    An et ass eis och egal, dass et zënter der Aféierung vum VAR Mentalitéits-Changementer bei de Spiller gouf am Ëmgang mateneen, well déi meescht mëttlerweil gebrieft goufen a genau wëssen, dass hir Aktiounen a kierzester Zäit um groussen Ecran landen, an d’ganz Welt hiert Behuelen appreciéiere kann.

    Mär wëllen erëm Schinnegebees, Abseitsgoler, Eelefmeter déi keng sinn, an Arbitteren, déi keng Kollege méi hunn. Dann hält de Frust och e puer Deeg méi laang, an dat ass gutt fir sech an dëser ellener Welt wéinstens bei engem Thema nach bis Mëtt der nächster Woch opreegen ze kënnen.
    Mär wëllen, dass de Pöbel no engem Gol direkt a „grenzenlos“ lassgröle kann, an dass net nach laang no Regelkonformitéite gekuckt gëtt. Mär wëllen Tatsaachenentscheedungen a kee Video.
    Lëtzebuerg ass souwisou schonn ëmmer benodeelegt an Opfer vu lamentabelen Arbitteren, schlechten Terrainen a vun der Sonn, déi ze déif steet. Da brauche mer net och nach e VAR, deen ëmmer géint eis ass. An dee just vu klenge VAR-light-Firmen ugebuede gëtt, déi sech domat wëllen domm an dämlech beräicheren.

    A selbstverständlech géinge mer de Protest vu Georgien direkt mat ënnerschreiwen, wann ee vun hire vun engem vun eise roude Léiwen invalid getrëppelt gi wier, an de VAR de Lëtzeboier lafe gelooss hätt an de Georgier doduerch d’Victoire gestuel hätt.
    Der VAR muss weg!

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos