Leserforum / Autonom fueren?
Anscheinend wëll Lëtzebuerg jo bei fuererlosen Autoen, Busser an Zich mat un der Weltspëtzt sinn. Wann dat klappe géif, kéint dat jo eventuell eng gutt Saach sinn, ass awer bestëmmt nach net fir haut a muer.
D’Fro, déi ech mer stellen, ass awer, wéi dës Gefierer vun deene Leit, déi en Handicap hunn an déi eng Hëllef brauchen, genotzt kéinte ginn. Handicapéiert si ronn 15 Prozent vun eiser Populatioun, sief et, dass se am Rollstull sëtzen, schlecht gesinn oder héieren resp. en anere Probleem hunn.
Wann een haut schonn all Dag erliewe muss, mat wat fir enge Probleemer een dagdeeglech ze kämpfen huet, mat Zich, Busser an iwwerall do, wou een net erakënnt, dann hunn ech meng Zweifelen.
Ech huele gäre jidderee mol eng Kéier en Dag mat, da gesäit e sëlwer, wéi schwéier et munchmol ass.
- Uber kommt nach Luxemburg – mit Anpassungen - 3. Mai 2024.
- Courage et engagement: Les droits humains - 3. Mai 2024.
- Une femme engagée: Rosa Luxemburg - 3. Mai 2024.
Mir brauchen nach guer net un autonoom Auto’en ze denken, well an den aktuellen Auto’en all dei‘ Assistenzssystemer nemmen deelweis funktionei’eren, well vill am Uergen ass mat eiser Signalisation horizontale (Strecher ob der Stroos fir d’Spuurassistenten) an d’Signalisation verticale haaptsaechlech Schelder fir Kreizungen, Fiirfahrt an Vitesse !!