Leserforum / (Net) Weider esou!
Wat si mir es sat, dauernd déi sauer falsch Fisemin vun deem schreckleche Krichsverbriecher virgespillt ze kréien, ëmmer an ëmmer erëm Ausschnëtter aus senge Propagandariede mussen ze héieren, op alle Medien nolauschteren ze mussen, wéi dauernd vu Wale geschwat gëtt, déi jo dann awer guer keng richteg fräi Wale waren, wou awer ëmmer nees d’prozentual Bedeelegung ervirgestrach gëtt …
Lauschtert opmierksam all Wuert an all Saz no, wann dee Fatzbeidel senge Leit fir hir fräi erzwongen Trei an Ënnerstëtzung Merci seet … an anengems dem Westen dreet, lächerlech an onnéideg weider déi dräi Konkurrenten/Matleefer (mat hire Prozentzuelen) derbäi presentéiert ze kréien, a schlussendlech si mir bei all Newsspot op der Siegesfeier virum Kreml mat derbäi, mattendran, an all Stonn op all Sender ëmmer erëm … dass mir jo nëmmen näischt verpasse sollen …
Bei där Geleeënheet feiert de Gangster jo och säi Meeschterstéck: déi völkerrechtlech Besatzung vun der Krim virun zéng Joer … wou de Weste jo scho sou magistral versot huet, ugemoossen ze ripostéieren … amplaz deene gringen anonyme Männercher Bescheed ze ginn an deene versprachene Garantie fir d’Ukrain Folleg ze leeschten. Musse mir eis dat ëmmer an ëmmer erëm ukucken? Amplaz dass d’Fakte vun de Fake News iwwerrullt ginn a vill Leit ee falscht Bild vermëttelt kréien.
Firwat gëtt net op alle Mediekanäl dauernd fir eist Demokratieverständnis, fir eis schwéier erkämpfte Rechter a Fräiheeten, fir eist fräit an onbeschwéiert Liewen ënnert dem Zeeche vu Mënscherechter a -würd „Propaganda“ gemaach? Firwat gëtt net weider d’Geschichtsbewosstsäin an Erënnerung geruff, fir (just deene jonke Generatiounen) déi schrecklech Zäiten ënnert dem sowjeteschen System kloerzemaachen, wéi souverän Staaten der Rei no besat an d’Populatiounen ënnerdréckt, gekniecht, gefoltert a vergewaltegt goufen: all Moossname waren (a sinn nach ëmmer) op onmënschlech Aart a Weis erlaabt, fir d’Fräiheet an d’Selbstbestëmmung vu ville Völker am Keim ze erstécken (Polen, DDR, Ungarn, Tschechoslowakei, etc.). An haut gëtt erëm deem bluddegen, brutalen, märderischen Diktator gehuldigt, versicht dee klengen, frustréierte fréiere Geheimagent an déi grouss Fussstapfen ze trieden, fir seng Dreem vun engem Risen-Imperium – ouni Grenzen! – op d’Käschte vu Millioune Leit an immensem Leed ze realiséieren.
Firwat gëtt net all Dag an alle Mediekanäl diskutéiert, erkläert, gestridden a kloergestallt, „ëm wat et geet“, firwat gëtt net versicht, d’Deutungshoheit iwwer d’Wourecht am fräie Westen héichzehalen a clever a bestëmmt géint déi geféierlech Propaganda unzegoen, ouni d’Angscht opkommen ze loossen, wann se dohannen iwwert en Drëtte Weltkrich witzelen a sech schon d’Stied eraussichen, déi se fir d’éischt ugräife willten.
Firwat soll de Westen sech verbidden, gëeent a resolut un der Säit vun engem agresséierten, fräien Staat dem Verursaacher vun deem onméigleche Krich entgéintzetrieden an ze bestëmmen: Stopp! Firwat soll et dem Géigner erlaabt sinn, weltwäit bei Alliéierten Zaldoten a Waffen a Munitioun ze beschafen … an déi aner sollen am Eck geduckt nokucken … a keng Ënnerstëtzung däerfen ubidden? A sech selwer net däerfe verteidigen?
Wéi laang nach lauschtere mir nach deene P-Versteher an eisen Demokratien no … ouni just si fir déi gewënschte Friddensverhandlungen op Moskau ze schécken … an se do „einzufrieren“, bis et dem Diktator genehm ass? Musse mir dann elo wierklech virun deenen eegenen – gesponserten – EU-Zerstéirer fäerten, dass just si a fräie Walen demnäxt un d’Rudder kommen?
Dann awer: gare la Box!
Iwwregens hat L laang Joren een Ausseminister, dee mat vill Häerz a Verstand d’internationalt Recht an d’Rechter vun deenen Ärmste vun deenen Aarme verdeedegt huet, deen net drop gewaart huet, wat seng Kolleege géinge virsoen, deen eng kloer Linn hat an däitlech Aussoe gemeet huet. An dobäi ass och d’Falschheet an d’Absurditéit vun der vill gefuerderter „Diplomatie“ däitlech ginn: gell dir Häre Luxus-Botschafter, déi hei am fräie Meenungswesten hir ekelhaft Propaganda (gegen besseres Wissen musse) verkafen.
OUFF
ass ët elo besser
ëch sën nët fiir de Putin
mä ëch fannen dat hiën séi richtegt Gesiicht wäisst
a nët wéi vill aaner Politiker, sëch fiir dee gudde Männchen eraus gin, an der Däiwel an der Panz hun
esou laang mër nët gewouër gin wou déi richteg Ursaach ass musse mër nach mol oofwarden
mir All kleng Männerchen gin dat wa méiglëg nie gewouër
John, esou Männer wéi de Wladi sin einfach kappkrank. Fatal fir d’Mënschheet.
Schued nëmmen, dat Mënschen och nach un esou Leit gleewen, nët aus der Geschicht léieren. Oder hun mer well all eng masochistesch Oder?
Leider stin iwerall ëmmer esou „Rattenfänger“ op.
Zimmlech kontradiktoresche forum.
Op der enger seit wellt der dem beise P seng fiseminn net mei gesinn an net mei heieren…op der aner seit fannt der dass net genuch propaganda geint dei schlemm sowietrusse gemat gett
Wann der wellt propaganda geint eppes machen ,musst der et scho weisen.
Ech froen mech och wat fir medien dir konsommeiert wann der fannt dass net genuch anti russland propaganda leeft…sidd der bei RT abonneiert?
Et ass schons wouer, datt de Putin nach ëmmer ze vill an eisen europäesche Medien gewisse gët. Et wir ubruecht, datt eis Medien sech géifen iwerléen, wéi ee kann berichterstatten, ouni de Putin permanent a Bild an Toun ze weisen. Sou wéi een och elo missst, wann ee vun him schwätzt, systematesch daat Wuert Präsident vermeiden, an durch Diktator ersetzen.
John Braun, merci fir Ären Lieserbréif.
Ech kéint och aus der Haut sprangen, wann ech gesinn/liesen dat och Leit hei am freien Westen, esou Diktatoren ewei de Putin an den Trump (Diktator am Schofspelz) „op de Leim ginn.“
Villeit as et wëll se ënnert eng Komplex vu „mir kleng Männerchen“ leiden, déi en égent balancéiert Meenung (educated opinion) am Wee steht.
Wat huet dann dei greissten letzeburger Ausseminister vun allen Zeiten a puncto Russland opzeweisen ? Hien hat ennert dem Juncker ,den sech wei Schroeder a Chirac an de Putin verleift hat , an dem Bettel den oft mam Vladimir telefoneiert hat ea weint dem Sputnik Impfstoff , dei Appeassement Politik geigeniwer Russland all dei Joren matgedroen . Wei Russland 2014 Krim annekteiert hat , kann en Reaktioun vun der demoleger Regierung Dienst nach Vorschrift nennen .
@ Lucilinburhuc Ech wost nit dat Trump a Putin op aerer Phsycologecouch luchen
„Wanted! – dead only!! “ D’Russen hun es gläich genuch. Dann läit en am Stëpps irgendwou.
@fraulein smilla
… wëll se ënnert eng Komplex vu „mir kleng Männerchen“ …
domadder sie nëtt Trump a Putin gemengt awer de Klenggeescht vu Follower am freien Westen….dixit Max.l
Eigentlech eng einfach leisung.
Kuckt keng norichte mei um fernseh oder internet…da gesit der weder d fisemin vum P nach dei vum fleipeiter vu kiew.😀
Wir dürfen nur noch den Kasper aus Kiew mögen. Alles andere wird abgelehnt!