Do., 2. Mai 2024




  1. Catherine Freimann /

    Et ass sou wichteg d’systematescht an Schutz vun den Täter thematiseiert gett. Ech hunn mega Respekt d’Liz den Courage huet seng eegen Erfahrungen hei ze schildern!

  2. Amicus /

    Et as schlemm wat iech geschitt as. Mai ech well awer all Opfer soen dat en et soll onbedingt bei der Police mellen vir dass den Täter bestroft kann gin. Ech sinn selwer Opfer an ech sin frouh deen Wee gangen ze sin an zum Gleck ass den Täter och bestroft ginn an as elo firbestroft.

  3. Emily /

    Ech fannen et gutt datt Redaktioun och ganz schlëmm Fäll wou den System versot huet verëffentlecht huet, awer ech fannen et ganz schlëmm datt den Artikel vun Ufank un eriwwer bruet gëtt, ewei wann eng Plainte vun engem Opfer dach angeblech eh naischt brengen waert.

    Wat wëll een der Gesellschaft domat soen?! D’Opfer ofschrecken fir Täter ze schützen well der jo dann nach manner mat rechtlechen Suitten ze rechnen hunn?!

    Ech sinn selwer deen Schrëtt firun Joeren gangen an jo en war net einfach an awer ass den Täter bestroft ginn an ech hunn villäicht anerern pottentiellen Opfer mat menger Plainte gehollef.
    Deen Täter an mengem Fall huet Meint firun mir eng aner Fra vergewaltegt, dei keng Plainte gemach hat, wier et mir dann villaicht erspuert bliwwen wann se et gemach hätt?! Dat wees keen, ech hätt mir just gewënscht en hätt en U-Haft gesat deen Dag wou ech em begeint sinn…!!!!
    Ech kann just all Opfer uroden et ze mellen an zwar direkt an sech professionell Hëllef ze sichen an schummen braucht Dir Iech net, Dir hudd naischt falsch gemach!!!

  4. Liz Mathey /

    Villmools Merci u jiddereen den, den Artikel gelies hues!

    Ech wollt opgrond vun de Kommentare kloerstellen, dass et natierlech net meng Absicht ass Betraffener dovun ofzehalen zur Police ze goen. Ech sinn nach wie vor zefridde mat menger Entscheedung, och wann et net zu engem Prozess komm ass war et extrem wichteg fir mäin perséinlechen Heelungsprozess.

    Ziel vum Artikel ass et leedeglech opmierksam drop ze maachen, wat leider vill Leit erwaart dei esou eng Plainte maachen. Et geet dorëms eng Diskussioun em des Problematik ze starte fir kennen als Gesellschaft ee Bewosstsinn dofir ze kréien an hoffentlech zesummen no Léisungen ze sichen.

    Ech soe jidderengem Merci den hei an de Kommentaren seng perséinlech Erfarungen deelt!

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos