Mo., 6. Mai 2024




  1. luxmann /

    Welch ein penibles bellizistisches gekritzel des ukraine und nato anbeters Graas.
    Den vogel schiesst dieser Abgeordnete allerdings ab,indem er sich anmasst den neutralen staaten Irland und Oesterreich vorzuschreiben sie sollten doch dringend der Nato beitreten.

  2. Emile Müller /

    Die NATO ist und bleibt ein Garant für den Frieden in Europa, in diesen schweren Zeiten ist eine Unterstützung in der Tat wichtiger denn je. Es ist einfach und verständlich dass während Friedenszeiten Militärausgaben kritisch gesehen werden und dort gerne gesparrt wird. Leider befinden wir uns in keinen Friedenszeiten mehr und auch Europa muss sehen, dass wir uns verteidigen können, das Wissen haben wir sicherlich lediglich haben wir unsere Kapazitäten etwas zu sehr zurückgefahren. Seinen Beitrag zur Nato zu leisten ist nie verkehrt.

  3. Robert Hottua /

    Guten Tag Herr Graas,
    Ihr Artikel vom 29. Januar 2013 im „Journal“ hat, finde ich, seit dem Beginn der neuen CSV-DP Regierung eine noch heftigere Bedeutung. Da der Artikel nicht mehr online ist, wäre eine erneute Online-Setzung wünschenswert.
    ▪ Virun 80 Jor gouf den HITLER Reichskanzler.
    Gusty GRAAS, journal.lu, 29.01.2013.
    Zu Lëtzebuerg haten der dat begréisst. Den 30. Januar 1933 hat definitiv ee ganzt schwaarzt Kapitel an der rezenter Geschicht vun der Mënschheet agelaut: den HITLER war als Reichskanzler un d’Muecht komm a sollt dunn am Laf vun de Jore seng grausam Zerstéierungsmaschinerie iwwer d’ganzt Welt ausbreeden. Nom mäerdereschen Zweete Weltkrich haten der net wéineg de Naziregime veruerteelt, déi awer am Ufank d’brong Pescht wëllkomm geheescht haten! Gäre gëtt haut nach vergiess, datt och an eisem Land d’Muechtergräifung vum fréieren éisterräichesche mëttelméissege Moler als ee gutt Rezept géint d’Problemer vun der Zäit duergestallt gouf. Autoritéitsdenken an antidemokratesch Tendenzen waren duerch d’Weltwirtschaftskris ausgeléist ginn an och Lëtzebuerg war vun dëser Entwécklung, virun allem nom 30. Januar 1933, net verschount ginn. Besonnesch an der „Rietspartei“, de Virleefer vun der heiteger CSV, an an hirem Ëmfeld hat sech Sympathie fir déi Tendenze bemierkbar gemaach. Der Partei war et och ëm d’Lous vun der däitscher Zentrumspartei gaang, déi de 24. Mäerz 1933 an der Krolloper zu Berlin dem ëmstriddenen Ermächtigungsgesetz zougestëmmt hat.
    ▪ Stramm Téin aus dem „Luxemburger Wort“. D'“Lëtzebuerger Wort“ sengersäits hat net mat senger Meenung hannert dem Bierg gehalen. Ganz graff huet et den 28. Abrëll 1933 an dëser Zeitung geklongen: „Um eine Sozialreform durchzuführen, wie HITLER sie plant … (und um überhaupt eine Sozialreform im christlichen Sinne zu verwirklichen) muss erst die Masse aus der psychosenhaften Denkart herausgerissen werden, in der sie der Liberalismus und Sozialismus durch jahrzehntelange Bearbeitung hineinverstrickt haben. Der Aufruf von Dr. GOEBBELS ist in diesem Sinne programmatisch und sogar psychologisch gut. Methodisch und gedanklich gibt es kein besseres Kampfmittel gegen den Sozialismus.“ Den 13. Mee 1933 (13. März laut ROEMEN) konnt een weider an der Zeitung liesen „dass in mancher Hinsicht der Faschismus und Nationalsozialismus uns sympathischer sind als Liberalismus und Sozialismus, weil sie gewissen Naturrechten weniger zuwider sind als sie.“ Mä och an der „Luxemburger Zeitung“, de Sproochrouer vun der Stolindustrie an de Verteidiger vun der radikalliberaler Politik, goufe gelungen Artikel publizéiert. D'“ARBED“-Zeitung hat just Interessi un der Wirtschaftspolitik vun den Nazis. Am Hierscht 1933 krut dunn d’Polemik ëm den Nationalsozialismus hei am Land neit Gewiicht, wéi de Jean-Baptiste ESCH Virschléi fir eng Statsreform ënnerbreet hat. De „Wort“-Redakter a Geeschtlechen ESCH, dee spéider am KZ säi Liewe gelooss hat, war ee grouße Verfechter vun engem staarken antiparlamentaresche Stat an netchrëschtlech Parteien haten a sengem Weltbild keng Plaz. Esou Astellungen hu selbstverständlech an de liberalen a lénke Kreeser fir gepeffert Reaktioune gesuergt. D’Aarbechterpartei hat esouguer zwou Interpellatiounen zum Naziregime an der Chamber gemaach. An der Sëtzung vum 15. November 1933 hat de Jean ORIGER – och hien sollt am KZ ëmkommen – amplaz vum deemools scho kranke Präsident vun der „Rietspartei“ Eugène DONDELINGER reagéiert an all Virwërf vu Sympathie fir de Nationalsozialismus an de Faschismus zréckgewisen.
    ▪ Liberaler géint hir eege Prinzipien. Haut gëtt dës quasi Vergötterung vum Faschismus mat der Begrënnung erkläert, d’Wiese vum Nationalsozialismus wier zu dèm Zäitpunkt net richteg erkannt ginn an d’Angscht virum Kommunismus wier immens grouss gewiescht, obwuel an den Artikelen den Terme Sozialismus gebraucht ginn ass. Bei Deelwalen 1934 haten d’Kommunisten ee klengen Erfolleg verbucht, wat dozou gefouert hat, datt d’“Rietspartei“ an de Kommunisten eng méi grouss Gefor gesinn hat wéi déi riets Diktature vum HITLER a MUSSOLINI, woubäi een awer haut Problemer huet esou eng Interpretatioun nozevollzéien. De BECH hat jo dunn de 9. November 1933 ugekënnegt een Ordnungsgesetz auszeschaffen, wat zum berühmten „Maulkuerfgesetz“ gefouert huet a schliisslech de 6. Juni 1937 zu engem Referendum. Och déi Liberal hate mat hirer neutraler Haltung zu de Nazie fir Onverständnis gesuergt. Si wollten déi wirtschaftlech Bezéiunge mat Däitschland net a Fro stellen. Dës Positioun hat dozou gefouert, datt si sech net géint de Faschismus gewiert haten, well se an der Doktrin ee Verbündeten géint de Kommunismus gesinn haten. Et war also kee Wonner, datt hir Mandatären an der Chamber fir „d’Maulkuerfgesetz“ gestëmmt haten. Verschidde Kreeser hate sech awer kloer géint de Faschismus ausgeschwat, wéi zum Beispill déi liberal-sozialistesch Studentebewegung „ASSOSS“, déi an hirem Organ „La voix des jeunes“ virun der bronger Gefor gewarnt hat. Mat hirem Präsident Henri KOCH-KENT un der Spëtzt hat d’“ASSOSS“ och mobil géint dem BECH säin Ordnungsgesetz gemaach. D’Fro, déi sech réckbléckend stellt, ass natierlech déi, ob net an den 30er Joren eng méi konsequent Antinazi-Haltung vun der „Rietspartei“, der kathoulescher Kierch a vu verschiddenen Liberalen d’Land méi staark a senger spéiderer Resistenz gemaach hätt an d’Zuel vu Kollaborateure méi kleng gehalen hätt? Lëtzebuerg war jo och dat eenzegt besate Land, wou een d’Nationalitéit wéinst Kollaboratioun verluer hat. Et waren 1.332 Persounen, dovun 800 Lëtzebuerger d’origine.
    ▪ Bibliographie:
    ROEMEN Rob, „Aus Liebe zur Freiheit“, 1995.
    TRAUSCH Gilbert, „CSV – Spiegelbild eines Landes und seiner Politik“, 2008.
    MfG
    Robert Hottua

  4. fraulein smilla /

    Luxemburg schafft jetzt mehrere Jaguar Griffon Panzer an . Nach Wicki circ 1 Million pro Stueckzahl . Eine Drohne die ihn ausser Gefecht setzen kann kostet deutlich weniger als 1000 Euro .

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos